Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

Meister Propper! 

Meister Propper!
image credits:wikipedia.org

Na also.Geet dach! No der Publikatioun vun engem éischten Artikel op dësem Site iwwer de François Bausch, kënnt Beweegung an d’Politik. De sougenannte “bureau” vun der Chamber huet gëschter eng éischte Kéier driwwer diskutéiert an et ass unzehuelen, datt et net dobäi wäert bleiwen. Et stellen sech nämlech eng Partie Froen, iwwer de Bausch selwer, an iwwer d’Deontologie vun engem Deputéierten am allgemengen. Virop stellt sech allerdéngs och d’Fro: virwaat huet keen eenzege Volleksvertrieder op déi zwou Condamnatiounen vun hirem gréngen Aarbechtskolleeg net éischter reagéiert?

 

Well et ass net alldeeglech, datt en Deputéierten an 1. an an 2. Instanz  vun de Geriichter fir schëlleg geklaakt gëtt. Bei der CSV schéngen se elo waakereg ze ginn, et wär wuel besser gewierscht, scho virum 14. Oktober aktiv gewierscht ze sinn. An Däitschland oder a Frankräich wier den Drock op dee betraffene Politiker esou héich geschaukelt ginn, datt hie wuel hätt mussen demissionnéieren – wat ech perséinlech fir iwwerdriwwen halen. Mä,

image credits: Wikipedia.org

et ass en no-go, datt iwwer des Condamnatioun mol net an der Ëffentlechkeet geschwat gouf! Besonnesch am Fall François Bausch, deen Tendenz huet, als Saubermann opzetrieden an deen an dësem konkrete Fall duerchaus berechtecht un alle Fisselle gezunn  huet, fir eng Regierung duerch d’SREL-Affaire un d’Falen ze bréngen. Ëmmerhinn war hien 2013 net nëmme Member vun der parlamentarescher Enquêtekommissioun, ma och nach hire Rapporteur. De Mann huet also mussen d’Konklusiounen zéien, zu där déi verschidde Memberen aus där Kommissioun koumen. Dat huet hien och gemaach, awer well hien d’Waasser net konnt halen, huet de Rapporteur seng perséinlech Konklusiounen op sengem eegenen Internetblog gezunn, an zwar virum offizielle Rapport!

“…Domadder mécht een sech net richteg strofbar, ma et ass och net grad déi fein Manéier…”

 

op eng gewësse Manéier kann een him jo de Virworf maachen, hien hätt – absichtlech oder net- probéiert, d’Meenung vun deenen anere Kommissiounsmemberen ze beaflossen. Et war allerdéngs wahrscheinlech éischter esou, datt de Mann d’Méiglechkeet geroch huet, de Jean-Claude Juncker zur Demissioun ze zwéngen, an datt hien nervlech extreem ugespaant wor. Ech bleiwen awer der Meenung, datt dës Condamnatioun muss vun der Politik duerchgeschwat ginn, datt den heidegen Nohaltegkeets- a Verdeedegungsminister (sic) soll säi Mea Clupa maachen, mat der Feststellung:och déi Gréng sinn nëmme Mënschen!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *