Mir hunn net schlecht gestaunt doheem.Vun engem Dag op deen aneren koumen aus eise Kicheschief Kohorten u klenge Mécken erausgeflattert. Si krabbele flénk, sprangen hin-an-hier, fléie kënnen se och, ma just kuerz Distanzen.Schiel Mécke sinn et keng. Besonnesch am Schaf mat den Iesswueren schéngen si sech wuel ze fillen, si trieden do esou massiv op, datt een de Schaf nees séier zoumécht. Ma déi butzeg Insekten sinn iwwerall: am Schäffchen, an der Mikrowell, an de Kachbicher, am Zwiback wou si esou a Kludderen drun hänken, datt ee mengt, d’Mark géing neierdéngs Kären am Deeg verschaffen.
Mir hunn all d’Schief eidel gemaach, fir erauszefannen wou datt dee Misär hierkéim. Méi gescheit goufe mir net, ausser datt mir decidéiert hunn, déi kleng Biister ze terminéieren. Mir goungen an e Geschäft an hunn eist Leed geklot. D’Äntwert vun de Vendeusen huet eis iwwerrascht. Mir wiere keen Eenzelfall, krute mer verséchert, eng ganz Rei aner Clienten wiere scho virun eis wéinst dem nämmlechte Problem bei hinne passéiert an hätte vun enger Invasioun vun Insekte geschwat.
D’Vendeusen woren sech sécher: de Problem léich net bei eis, mä bei verschiddene Produiten ewéi där mat Kären,
Huewer, Flohsamenschalen a virun allem beim Räis. Déi Produiten kéimen dacks schonn net ganz propper an de Geschäfter un, d’Larven vun de Mécken géingen an der Verpackung mat verkaf ginn a géinge just drop waarden an engem kuschelege Schaf als fäerdeg Méck ze schlüpfen.
De Problem schéngt effektiv dacks d’Verpackung ze sinn. Plastik ass out, e,o ass Kartong gefrot. Ëmmer méi dacks kritt een zum Beispill Genuddels am Kartong: dat gesäit méi ëmweltfrëndlech aus, ass et villäicht och, ma huet als Nodeel, datt d’Wuer net loftsécher geschützt ass. An esou maachen sech déi Déiercher op d’Rees. Das Wandern ist der Mückenlust. Confirmatioun och vun enger Gesellschaft déi drop spezialiséiert ass, Mais, Raten a sos Gedéiesch ze killen. Nous avons tous les jours au moins une mission pour désinfecter une cuisine sot mir e Professionellen, deen Dag fir Dag mat engem nébulisateur d’Leit vun där Plo befreit.
D’Lektioun vun dëser Geschicht ass eng ganz echt. D’Leit wëllen net reegelméisseg vun esou enger Invasioun iwwerrascht ginn, si wieren sech a gi….Plastik kafen. Op en Neits bäisst sech d’Kaz an de Schwanz. De Produzent ass vu Plastik op Kartong iwwergaang, well d’Politik hien dozou forcéiert huet a well et haut méi schick ass, méi am Trend, op de Plastik ze verzichten. De Blöden ass um Enn de Konsument, deen dann awer muss op de Plastik zeréckgräifen, prophyilaktesch fir déi nächst Méckeschluecht.
Et kéint een natierlech och eng nei Verschwörungstheorie an d’Welt setzen. D’Weltgesondheetsorganisatioun stécht derhannert. Schliisslech ass si jo iwwerzeegt, datt den Honger op der Welt déit ophéieren wa mir endlech de Courage hätten, mat sabblechem Mond an en Insekt ze bäissen.