Recent Posts

Post Categories

Méi netto vum Brutto? Awer Gegrimmels geet net duer! 
Ech hätt mir et kënnen denken! D’Enveloppe louch schwéier ewéi Bläi an der Bréifkëscht. Et war d’Rechnung fir Revisioun vun...
Frank Bertemes: Politfabel? 
„Wer den Geist der Gierigkeit hat, er lebt nur in Sorgen.“ Reineke Fuchs   Mensch und Staat, meint immer Mensch...
Mars Eusani: La face cachée du pays le plus riche de l’univers! 
Le Luxembourg, souvent perçu comme un pays prospère – le pays le plus riche de l’Univers – avec un niveau...
Si lëtzebuerger Sanktiounen géint Moskau ëmmer ganz legal? 
Krich an der Ukrain, gläich ginn et 3 Joer. Den Agressor war an ass Russland. Déi Europäesch Unioun hat gläich...

Blog Post

Featured

Renaissance fir d’EU mam “Looss-mech-drun-Fläschestopp? 

Renaissance fir d’EU mam “Looss-mech-drun-Fläschestopp?
Image par muntazar mansory de Pixabay

Iwwer europäesch Direktiven ass scho méi dacks de Spunnes gedriwwe ginn. Eng Spargel däerf net méi laang sinn ewéi 20 cm, well si sos iwwer den Tellerrand luusst; eng Kornischong däerf nëmmen bis e gewëssene Grad gebéit sin, an zanter dem Juli elo déi berüchtegt Richtlinn iwwer den ” Looss-mech-drun”-Fläschestopp. Op der Cola, op der Mëllech, iwwerall kluddert de Stopp fest un der Fläsch; wien aus der Fläsch well drénken, kritt vum Stopp d’Nues geschruppt, souzesoen als Erënnerung, datt d’Fläsch plus de Stopp an de Recycling gehéieren. Datt Europa säi Plastikdreck dacks an Drëttlänner exportéiert fir net selwer am Konsummorast z’ersaufen, gëtt dobäi net gesot. De “Looss-mech-drun”- Fläschestopp ass symbolesch a symptomatesch fir d’Europäesch Unioun!

Looss-mech-drun, dat héiert sech esou un wéi de lëtzebuerger Spréchelchen: mir wëlle bleiwen, wat mir sinn! De Fix-Stopp ass e Quantespronk an der klenger, europäescher Welt, ma e Fuerz fir de Rescht vun der Welt. Dëse Stopp symboliséiert de luesen Ënnergang vum ale Kontinent, deen zanter iwwer zwee Joerzéngten sech am Daréischeschlof kuschelt a refuséiert, wakereg ze ginn, der Realitéit an d’A ze kucken. Leader op dëser Welt sinn d’USA, China, geschwënn Indien a villäicht och latäinamerikanesch Länner déi sech zesummendoen. Europa huet do net méi vill matzeschwätzen!

Europa ass géint de Fortschrëtt, géint Technik, géint Industrie. Aner Mentalitéit an de States, wou eng Privatpersoun wéi den Elon Musk wëll an den nächsten zwee Joer um Mars landen. A wéi laang ass et hir, datt mir eppes Revolutionäres fir den Ariane-Programm héieren hunn? De Valérie Giscard d’Estaing war dee leschte Staatsmann deen et fäerdeg bruecht hat, d’Kräften an och d’Suen ze mobiliséieren fir en europäesche “Moundprogramm”, fir en herrleche Vull ze bauen ewéi d’Concorde, fir den TGV op d’Schinnen ze setzen. Laang ass et hir! Deemools war Europa zwar geographesch méi kleng, dofir awer hellwakereg.

E weidert Beispill ass den LED. 1907 gouf dat Liicht vun engem Englänner entdeckt. duerno war laang näischt geschitt, bis virun 30 Joer d’Japaner de Lead iwwerholl haten.. Dobäi ass den LED eng gréisser Revolutioun an der Elektrik. Haut gëtt sech an der EU éischter gebretzt mat de Mënscherechter. Déi sinn tatsächlech e wonnerbaart Reklammeschëld, ma gehéieren an d’Kategorie vun deem, wat schonn erreecht ass, vun den Acquis. An esou niewebäi: och Mënscherechter kaschte Suen. Grad esou wéi de Sozialstaat. Woher nehmen, wenn nicht stehlen? Et lieft een einfach op Puff, op Suen, déi net do sinn. Manna kënnt vum Himmel gefall, et denkt een iwwer eng 35-Stonne-Woch no, a wa mir e Rendez-vous beim Dokter wëllen hunn, waarde mir mol en halleft Joer.

Ekrasant Illustratioun ass eisen Noper Frankräich. Ëmmer méi Leit flüchten ënner de Prabbeli vun der Sécherheet, sichen en Ënnerdag an der Fonction publique. An der Tëschenzäit ass méi ewéi 1 Aktiven vu 5 beim Papa Staat agestallt. Dat schléit an d’Geld: déi ëffentlech Paien maachen 12,4 Prozent aus vum PIB! An dat geet riicht weider esou. Den Emmanuel Macron hat als Kandidat versprach, 120.000 Aarbechtsplazen am ëffentleche Secteur ofzeschafen. Am Laf vu sengem éischte Mandat awer goufen 178.000 nei Poste erbäigezaubert.

Frankräich riskéiert an noer Zukunft en neit Italien, en neit Griichenland oder en neie Portugal ze ginn. Finanziell sackt dat Land mat enger ëffentlecher Schold vun 3300 Milliarden  Euro (= iwwer 110% vum PIB) komplett of. Mä, nëmmen net doriwwer diskutéieren! Positiv denken. Däitschland léisst sech dat sougenanntent Biergergeld och eppes kaschten: 10 Prozent vum Staatsbudget, dee sech op 500 Milliarden Euro chiffréiert. Net schlecht fir eng eenzeg Leeschtung.

An der Europäecsher Unioun misste vill Länner réindustrialiséiert ginn, dorënner och Lëtzebuerg. Mä, wien dat Wuert INDUSTRIE och nëmmen an de Mond hëlt, gëtt als gesellschaftlechen Dinosaurier ofgestempelt, als Verdeedeger vun enger Gesellschaftsform déi et net méi gëtt. D’Moralitéit -vill kolportéiert vun de Medien- verbitt eis esou gedanklech Ongeheierlegkeeten. De Spunnes aus Canard enchainé oder Charlie Hebdo ass wëllkomm, ma de Sozialstaat a Fro stellen, dat geet dach ze wäit!

Wann engem Asylant oder engem Clochard och nëmmen eppes Klenges hannert dem Komma vu senger Finanzënnerstëtzung ewechgeholl gëtt, klëmmt d’Roserei, wann een de Secteur publique mat engem Speckbauch vergläicht, gëtt d’Situatioun zu engem Polverfaass. Dofir positiv denken um ale Kontinent! Op der Titanic hu se schliisslech och op der Gei gespillt bis zum Schluss. Vive de “Looss-mech-drun”-Stopp!

 

Related posts

2 Comments

  1. Guido

    Heureusement mon style de vie ne me confronte que rarement à ce type de bouchons attachés. Cependant, et malgré ma tendance à utiliser un langage châtié, à chaque fois que je dois utiliser une telle bouteille, inéluctablement la pensée “f__k the EU” traverse mon esprit.

    1. Jean

      Mir ist dieser stopp vor kurzem zum erstenmal bei einer wasserflasche aufgefallen,welche eine deutsche airline als einziges in der billigklasse noch anbietet.
      Ich wusste nicht mal dass es eine EU erfindung ist…das wundert mich aber nicht.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *