Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Blog Post

Divers

Prozess Bommeleeër: e cauchemar! 

Prozess Bommeleeër: e cauchemar!
Image parpixel2013 de Pixabay

Schlecht geschlof, béisen Dram, ech wär am Prozess Bommeleeër ee vun den Ugeklooten. Egal, ob d’Beweismaterial op dënnem Äis war, et goung duer, mech ze beschëllegen. Ech gouf also, zesummen mat anere Persounen ugeklot: net déi ganz Wourecht gesot ze hunn ,duerch Aussoen probéiert ze hunn, de Verdacht op aner Leit oder Evenementer deviéiert ze hunn, mech an der Zäit als Polizist falsch beholl ze hunn etc.

 

Ech sinn an der Tëschenzäit pensionéierte Polizist/Gendaarm. Ech sëtzen doheem op mäi Prozess ze warden, net vu moies bis owes, well, ech gin duerchaus mol nach an de Gaart no menge Schalotte kucken, ma hunn ëmmer am Hannerkapp de Gedanken: du kriss de Prozess gemaach! Dat dauert bal op de Mount genee 5 ganzer Joer. Firwaat esou laang?

Image parkai kalhh de Pixabay

Ass do Systeem derhannert, fir datt bei mir oder bei deenen aneren Ugeklooten engkéier d’Sécherung duerchbrennt, d’Nerven klaken, fir datt ech endlech matt der ganzer Wouerecht erausréckelen? Oder ass et net einfach normal, datt Justitia esou laang brauch, fir weiderzekommen? Egal: 5 Joer ass e laangen Dag! An där Zäit kann ee krank , jo esouguer vum Péitruss bei d’éiwech Paart geruff ginn! Ëmmerhinn hu schonn verschidden Zeien, verschidde Verdächteger hier lescht grouss Rees ugefaangen!

 

 

M a, et gëtt Hoffnung! D’Justiz muelt lues, ma efficace. No bal 5 Joer Waarden gëtt et en neie Moment : ech ginn als Ugeklooten an der Press gewuer, datt weider Persounen ugeklot kéinte ginn! Si hunn hiere Rendezvous beim Untersuchungsriichter fixéiert, et ass nach just eng Saach vu Wochen. Kanner staune schonn nees am Kasperltheater: bei dëse Leit handelt et sech ëm fréier Enquêteuren, dorënner een, mat engem excellente Ruff. Bosseg, déi dooten Entwécklung!

 

 

E ch hu meng 5 Joer Warden wéi gesot erof, a warden op déi näechst! Ech ginn no menge Schalotte kucken an denken un déi nei “eventuell Verdächtech”. Si wäerte jo och ausgefrot ginn zu menger Persoun? Wat fir Froe sinn dat? Wat sollen si iwwer mech verzielen? Wat wëssen si nach aus där Zäit vun de Bommeleeër ? Fänkt deen een oder aneren net unn, e bësselchen teeglech am Kapp ze ginn a vermëscht Verschiddenes? Ech ginn et wuel nach esou bal net gewuer. 5 weider Joer?

Mäi cauchemar ass bal net méi auszehaalen! D’ganzt Vollek weist mam Fanger op mech, laacht iwwer mech, mécht de Spunnes a seet, matt gestrecktem Fanger:”Maach Dir näischt draus. D’Wouerecht gi mir do uewe gewuer. Heinidde ginn d’Nimm vun de Bommeleeër ni bekannt”!  Also awer Systeem, Stratego à la GLADIO?

Ech erwechen a gi fréi moies no menge Schalotte kucken. Keng méi do! Et huet een si erausgerappt a mattgeholl. Et war net keen…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *