Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Schnoken

Ze vill Informatioun mécht domm! 

Ze vill Informatioun mécht domm!
image credits: pixabay

Den Hermes wor bei den ale Griechen de Gott vun der Kommunikatioun; hien hat an der Zäit derfir ze suergen, datt d’Decisiounen vum Big Boss, dem Kinegg Zeus un déi Stierflech, also un d’Mënschen, weider vermëttelt goufen. Mä, dat wor keng Aarbecht fir all Dag! Esou vill hat den Zeus nun och net ze kommunikéieren. An haut? Mir ersaufen an der Informatioun! Et fänkt unn mat der Beschreiwung vun der neier Wäschmaschinn, vun Trockner, Kaffismaschinn, Handy an esou weider. Wee vun eis ka behaapten, déi kleng a grouss Ziedelcher alleguerte gelies ze hunn ? Keen ! Medikamenter schlécke mer, ouni déi net onwichteg Info am Päckelche gelies ze hunn, den neien Auto maache mer wéi gewinnt mam Schlëssel unn, ouni vill am Beschreiwungsbichelchen nozeliesen. All déi Info lafe laanscht eis an da kënnt nach d’Iwwerschwemmung derbäi aus de sozialen Netzwierker :

image credits: pixabay

hei en Angela Merkel, déi am gaangen ass, sech aus der Politik zeréckzezéien, do e Macron am Kampf géint d’gilets jaunes, Maduro versus Guaidò am Venezuela, nach séier senge Frënn op Facebook e schéine Weekend gewënscht, an da mam Handy an den Auto- et wëll ee schliisslech keng Sekonn vun deser hektescher Welt verpassen, nëmmen net deconnectéiert sin. Jonk Leit klammen mam Handy an de Bus eran (aus dem Bus eraus) an halen dee schicken Apparat fest am Grapp, fir sech net eleng ze fillen, fir een Deel vun dëser Welt ze sinn, Member vun der Planéit-AG.

 

 

Nach ni gouf de Mënsch esou massiv matt Kommunikatioun bombardéiert, nach ni gouf hien esou wéineg domatter eens. Wee vun eis huet dann déi vill Säiten vun de Parteiprogrammer fir de 14. Oktober gelies? Ween huet de Regierungsprogramm stodéiert? Déi allerwéinechst, fir net ze soen bal keen; an deen, deen et nawell gemaach huet, gëtt scho quasi fir verréckt erkläert! Wee vun eis kennt d’Situatioun zu Aleppo gutt genuch, fir eng eescht Diskussioun driwwer ze féieren ? Quid mat der Ukrain ? Dem Noen Osten ? Dat beschte Beispill ass wuel d’Flüchtlingsproblematik : hei Booter, déi mat Mënschen ënnerginn, do Grenzen mat pickegem Drot, tëschenduerch en Attentat, mir verstinn et net, mir hunn Angscht a reagéieren deementspriechend. 

“…Jo, munnechmol hunn ech wierklech d’Impressioun, d’Kanäl vun der Kommunikatioun wieren hermetesch zou!… “.

Wéi ass et zum Beispill méiglech, datt Deeg laang an de Medien an op de soziaalen Netzwierker iwwer der A.K.K. hieren Transgenderwitz op Aeschermëttwoch diskutéiert a gestridde gëtt? Déi nei Cheftaine vun der CDU haat sech domatter just dem allgemengen intellektuellen Niveau vun de Büttenriedner ugepasst an e schlechte Witz lassgelooss. Basta!

image credits: pixabay

Mir iergeren eis, wa Poulet matt Chlore gewäsch gëtt an zugläich iesse mer fäerdeg Zalot, frësch mat eau-de-javel ofgestrutzt, fir datt si sech besser hält. Mir wiederen géint OGM an iessen Fleesch, dat vu Béischte kënnt, déi mat genmanipuléiertem Fudder fett geziicht goufen!

 

Mir kënnen net mat deem Tsunami un Informatiounen ëmgoen. Dobäi misst de Mënsch esou vill Wëssen ugesammelt hunn, wéi nach ni virdrun, jiddereen fir sech matt enger Alexandria-Bibliothéik am Kapp. Mä, an eiser Bequemlechkeet luede mir léiwer e Spillchen erof, wou mer eng fiktiv Persoun kënne bumsen an/oder doud maachen, esou, wéi et eis grad ebe passt. Dobei wësse mir vun der reeller Gefohr, datt déi kënschtlech Intelligenz sech an engem Mooss kann a wäert weider entwéckelen, fir de Mënsch kräftech zeréck ze biischten.

Deejenegen, dee bis heihinner am Text ukomm ass, deem soen ech Merci, sech dës Zäit geholl ze hunn, ronn 2 Minutten 15.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *