Marc Thoma op apart tv: suivi an der causa Schneider

1
658
image credits: Marc Thoma

      

De Frank Schneider gouf virun iwwer engem Joer a Frankräich vun de Gendaarmen festgeholl op Demande aus den USA. Zanter e puer Méint däerf hien a sengem Haus a Frankräich heivir op der Grenz wunnen, muss awer permanent eng Foussfessel droen.

picture credits: Marc Thoma

 

De Mann soll un Amerika ausgeliwwert ginn an do de Prozess gemaach kréien. Mam amerikanesche Justizsystem riskéiert hien do liewenslänglech. De fréiere SREL-Spioun ass sech dees bewosst a wiert sech mat Hänn a Féiss dogéint.

Laang Méint huet säi Fall keen zu Lëtzebuerg interesséiert, weder d’Justiz, nach d’Politik, vun der Press net ze schwätzen. Bis viru Kuerzem. Du koum Beweegung an de politesche Karussell, mat enger Interventioun an der Chamber vum CSV-Deputéierten Laurent Mosar.

image credits: Marc Thoma

Ass de Mann schëlleg oder net? Dat muss sech an engem Prozess weisen, awer dann zu Lëtzebuerg! Et geet ëm de Prinzip, och ëm deen, datt Lëtzebuerg eng Verflichtung huet vis-à-vis vu senge Bierger. De Frank Schneider wunnt zwar a Frankräich, ass awer Lëtzebuerger an huet eng Sécherheetsgesellschaft am Grand-Duché.

De Marc Thoma ass op apart tv op d’Causa Schneider zeréckkomm. D’Interventioun Mosar an der Chamber plus en Exklusiv-Interview, d’Reaktioun vun der Justizministesch Sam Tanson an och en Interview mam Protagonist Frank Schneider selwer.

Vill Spaass beim Kucken a Lauschteren.

 

 

1 COMMENT

  1. Ganz schwachen optrett vun der regierung…besonnesch den ausseminister dee jo permanent de mond grouss oprappt betreffend salvini,erdogan,putin oder orban fennt zu engem Letzeburger bierger dee sech am ausland an der bredouille befennt kaum eppes ze soen.

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here