Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Lëtzebuerger Regierung signaléiert: mir hu fäerdeg! 

Lëtzebuerger Regierung signaléiert: mir hu fäerdeg!

mir liewen a babyloneschen Zäiten. Kee versteet deen aneren. Dat weist sech op Facebook, dat areecht säin Héichpunkt an der Politik. Do gëtt bekanntlech vill geschwat fir wéineg ze soen. Ausnam: den däitsche Kanzler Olaf Scholz, deen tatsächlech net ganz gespréicheg ass an elo schonn als de Frigidär-Kanzler an d’Geschicht getrëppelt ass.

Huele mer dat rezent Beispill vun de Landtagswahlen an Nordrhein-Westfalen. D’CDU huet gewonnen. Keen eenzege Politiker vun de Sozialdemokraten huet awer de Saz iwwer d’Lëpse bruecht, datt d’SPD zimmlech däitlech verluer huet. Et gouf sech gedréit a gekéiert fir zu der Konklusioun ze kommen: wa mir sollten fir Koalitiounsgespréicher gefrot ginn, da stinn mir zur Verfügung. Och wann et schwéier fält, e bësselchen méi Éierlechkeet wier schonn ubruecht gewiescht. Et ass eng absichtlech Vortäuschung falscher Tatsachen!

An der lëtzebuerger Politik gëtt een grad an der Lescht carrément verwinnt duerch gesammeltes Schweigen vun de Regierungsmember. Beispiller ginn et méi wéi genuch.

D’Tripartite war méi eng mise en scène ewéi eng Krisebekämpfung a gëtt elo, wou eng Tripartite-bis längst fälleg ass, zur Farce degradéiert.

De 700.000-Awunnerstaat ass quasi areecht -mir sinn zu 645.397- ma 9 Joer laang gouf keng Debatt doriwwer an der Gesellschaft gefouert. Schweigen der Lämmer. Awer ëmmer brav op de Rifkin verwisen.

D’Pandemie hu mir eenegermoossen glécklech iwwerstanen, schliisslech kascht et wat et kascht. Déi ëffentlech Schold läit pro Kapp an der Tëschenzäit bei 21. 592 €. Keen wot et ze thematiséieren.

D’Pandemie läit hannert eis. An esou Krisenzäiten si Feeler gemaach ginn. Aus deenen sollt een fir d’Zukunft léieren. D’Begeeschterung fir esou eng Debatt hält sech méi ewéi a Grenzen.

Wéi gesäit de Bilan aus vun den Niewewierkungen vum Vaccin? Ëmmer méi Privatleit an och Dokter mellen, datt bei enger Partie Persounen de Bluttdrock kräfteg an d’Lut goung; anerer leiden 6 Méint duerno un engem gehäerzten Duerchfall. Villäicht just Zoufall? Just de Bak halen awer dreift ëmsou méi d’Skepsis erop! A wéi soll et am Hierscht weidergoen?

Gutt, datt et den IRM-Internezzo um Potaschbierg gouf. RTL war esou begeeschtert, datt direkt den Ü-Won matgeschéckt gouf fir eng Pressekonferenz vun der Madamm Lenert live ze iwwerdroen. Dobäi huet et sech ëm eng banal politesch Reaktioun vun der Ministesch gehandelt, wou weider näischt um Spill stoung. Dat versprécht lëschteg ze ginn an den nächste Méint virun de Wahlen!

3 Méint dauert elo de Krich an der Ukrain. Et dierften der nach eng Partie derbäi kommen, leider. Ma et zeechent sech of, datt Russland dee Krich net kann gewannen. Aus där Optik gekuckt, misst een sech esou lues d’Fro stellen: wéi wäit geet d’NATO militäresch, wéi wäit zitt d’tEuropäesch Unioun – also och Lëzebuerg- mat? Déi militäresch Ënnerstëtzung fir d’Ukrain war noutwendeg, ma d’NATO ass net nëmmen do fir Krich ze maachen, ma och fir Fridden ze schléissen!

Wat also ass d’Krichsziil? Wou leien d’Grenzen? Et wier un der Zäit, datt eise beflassenen Ausseminister Jean Asselborn dem Land géing seng Meenung dozou soen, also och d’Meenung vun der Regierung, vum NATO-Minster François Bausch. Kee Pipcheswuert, a kee freet duerno. Den nächsten Tour de France kënnt bestëmmt.

Bedéngt duerch Pandemie a Krich hunn ëmmer méi Betriber Problemer, un déi néideg matière première ze kommen. Si leiden dorënner a ginn an hirem Leed eleng gelooss. Wien an dësen Zäiten eng nei Wäschmaschinn sicht, brauch Gedold. Il ne reste plus un modèle krut ech an e puer Geschäfter gesot. Eng Koppel waart schonn 7 Méint op hiren neie Salon. Geschäfter maachen an dësen Zäiten ass schwiereg. Ma léiwer näischt soen, de béise Russ kéint sech an d’Hänn reiwen.

Den Energieminister Claude Turmes fënnt et eng tough Iddi, wann sech an Europa géing drop verstännegt ginn, mat maximal 120 Kmh op den Autobunnen ze fueren. Domadder kéint Sprit gespuert ginn. Säi Parteikolleeg François Bausch hält par contre näischt dovunner. De Claude géing aus där nämmlechter Ursaach an d’Hänn klappen fir deen een oder aneren Verkéiersfräie Sonndeg. Blödsinn! meng de Fränz.

Et huet een sech dru gewinnt, datt et an der Politik verschidde Meenunge ginn, besonnesch tëscht Regierungsparteien an der Oppositioun. Wann se awer elo schonn an enger an där nämmlechter Partei net méi wëssen, was Sache ist, da brauch een sech net ze wonneren, datt dem Vollek d’Politik sauer eropstéisst ewéi Brach.

“…d’Enn vun der traditioneller Gas- a Masuttheizung?…”

a7 Méint trëtt och fir d’Wunnhaiser e groussherzoglecht Reglement a Kraaft iwwer thermesch Isolatioun an iwwer Heizungsinstallatioun. Et gëllt an der Haaptsaach fir nei Immeubelen awer och fir aler, am Fall wou eng substantiell Vergréisserung virgeholl gëtt. Dat neit magescht Wuert: Wärmepompel. D’Bauen a Wunnen gëtt doduercher nach emol e ganze Krack méi deier. Hei de Link zu dësem règlement grand-ducal https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2021/06/09/a439/jo

An hirem Avis schreift d’Handwierkerkammer ënnert anerem:

La modification des exigences pour le bâtiment d’habitation de référence concernant l’installation de production de chaleur avec le remplacement d’une chaudière à condensation au gaz naturel par une pompe à chaleur air/eau. Cette modification sera effective deux ans après l’entrée en vigueur du présent règlement.

Modification oder renforcement…d’Normen ginn esou wäit verschäerft, datt et geschwënn eriwwer ass mat der klassescher Heizung. Da bleift net méi vill. Pellets oder Hackschnitzelholz oder awer eng Wärmepompel. Déi fonctionnéiert allerdéngs komplett aneschters.

Gas- oder Masuttheizung hëtzt d’Waasser bis op 60, souguer op 70 Grad. Den Heizkierper gëtt d’Temperatur weider an de Raum. Eng Wärmepompel kënnt op 30 bis maximal 40 Grad. Dat geet net duer fir e Radiateur ze wiermen! Dofir kënnt dacks just eng Buedemheizung a Fro, déi net méi waarm däerf ginn.

Also ass de Bauhär gebieden, deem Rechnung ze droen, wann säin Haus sollt dat anert Joer gebaut respektiv fäerdeg gestallt ginn. De Wunnengsmaart ass den Ament verdeelt op 250.000 Stéit. 70.000 hëtzen mat Masutt. De Rescht mat Gas, ganz wéineg mat Pellets.

D’Wärmepompel gëtt mat bis zu 31,25% subventionéiert. Ma déi Pompel eleng geet net duer. D’Haus muss vu bannen a vu baussen isoléiert ginn, et muss Duebel Verglasung gemaach ginn, e Ventilatiounssystem agebaut ginn etc. An Däitschland ginn se dovunner aus, datt esou eng Heizung Onkäschte mat sech bréngt vun 30.000 bis 60.000 Euro. Zu Lëtzebuerg wuel wäitaus méi. De spirituelle Papp vun där Iddi muckst sech net! Et kéint een sech jo d’Sandale verbrennen!

wann d’Politik esou säi Vollek vernooléissegt, bedeit dat an der Iwwersetzung näischt aneschters ewéi datt eng Regierung um Enn ass. Nach just pilotage à vue, d’Schëff an den nächsten Hafe bréngen, also bis déi nächst Wahlen. Déi Gréng stoussen un op de Klimawandel, déi Rout gesinn sech als Partei fir den nächste Premier ze stellen, an déi Blo rebelléieren: si wëssen, datt et esou net kann weidergoen.

Et ass héich Zäit, datt Gambia sech a Klausur zeréckzitt, sech selwer hannerfreet, sech Ziiler setzt a mat neiem Elan déi nächst Méint ugeet. Wann dann nach d’Kraaft dozou do ass…

 

Related posts

3 Comments

  1. Jean

    Dans les grandes lignes kann ech desem artikel zoustemmen…ausser vleicht zur persoun vum ausseminister.
    Vun dem kommen sou selten sennvol aussoen,dass et wuel besser ass e fiert velo wei dass e seng meenung zum ukrainkrich oder soss engem thema zum beschte gett.

  2. Frank Bertemes

    Ech ka just confirméieren, datt eng Wärmepompel (Erdwärmepumpe) baséirend op Flächekollektere a Kombinatioun mat enger kompletter Buedemheizung am Haus eng ideal Léisung ass – virausgesat, datt de Stroum do ass, versteet sech – mä dat kascht Geld. Loftwäermt ass bedeitend mài gënschteg an een “Emsuedele”kee Problème! Duerfir wär et d’Aufgab vun eiser “gréng” orientéierter Regirung, déi sech aktuell an diverser Hisiicht net mat “Ruhm” bekleckert huet /cf. den Text vum Här Thoma – bedeitend méi héich Subventiounen z’accordéieren, amplaz beispillsweis eng Diskussioun iwwer eng idiotësch a geféierlech “Corona- Impfpflicht ze féieren” a Pfizer a Konsorten vill Geld iergendwou hinzestiechen oder d’Waffenindustrie mat Steiergelder ze fidderen! Déi solle mol kucken ENDLECH sënnvoll eis Steiergelder anzesetzen, dat wär hir verdammte Pflicht a batteren Zäiten …MERDE ALORS!!

  3. Frank Bertemes

    Sorry- den Text vum Här KAISER natierlech! Dem Här THOMA seng Beiträg am Kontext mat der Affär Frank SCHNEIDER sinn natierlech exzellent a ganz wichteg och a besonnësch am EU-Recht fir eis alleguer als EU-Bierger – de Laurent MOSAR huet ganz recht, ausdrécklech dorob hinzeweisen…eemol méi eng Datz fir eis Regierung, déi alt erëm kee Courage vis-à-vis vun den USA opbréngt, o mei…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *