Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

De Witz mat der lëtzebuerger CO2-Steier 

De Witz mat der lëtzebuerger CO2-Steier
pexels-marcin-jozwiak-3652511

Op Kleeserchersdag am Joer 2019 hunn zwee gréng Minister hir Roadmap virgestallt fir de Planéit ze retten. D’Lëtzebuerger Wort huet deemools geschriwwen : Luxemburg führt eine CO2-Steuer ein: Ab 2021 müssen 20 Euro pro Tonne CO2 berappt werden, 2022 und 2023 kommen jeweils fünf Euro pro Tonne dazu. Die Ausführungsbestimmungen für die CO2-Bepreisung werden im Rahmen der Steuerreform ausgearbeitet. Auch sie soll 2021 in Kraft treten. 

D’CO2-Steier an Steierreform waren also e Package! Haut- 30 Méint méi spéit- wësse mir, datt aus der Steierreform näischt gëtt. Déi war zwar groussspuereg ugekënnegt ginn fir se dunn an der Intimitéit ze begruewen. Dee Maulefshiwwel wäert vun der nächster Regierung musse platt getrëppelt ginn, wann iwwerhaapt! An d’Jonggesellen musse weider Joer op Gerechtegkeet waarden.

pexels-nataliya-vaitkevich-6863181

Wéi d’Trompetten viru Jericho war ëmmer nees erausposaunt ginn, datt bei där Reform kee sollt bei d’Lisette gelooss ginn, ausser eventuell déi ganz Déck. Eventuell! An also hätt déi Reform de Staat eng Staang Geld kascht. Geld, dat ni richteg do war an haut nach manner do ass. Schliisslech huet een d’Schäiner zur Fënster erausgepucht: Crèchen, maisons relais, ëffentlechen Transport si gratis ginn, an du koum auf leisen Sohlen e Virus ugekroch an huet e weidere Stréch duerch d’Rechnung gemaach.

Et kascht wat et kascht war de Mot d’ordre. D’Suen hunn Flilleke krut a sinn an der Congregatiounsstrooss hannert der Heeschefra zu de Fënsteren erausgeflunn, ëmmer Direktioun Sonn wou se schliisslech eweggeschmolz sinn. Kee Geld, keen näischt! An zanter dem 24. Februar ass Krich an Europa. Vill Leed fir d’Ukrainer – an och fir d’Russen! An nees eng Kéier schléit de Pendel no där anerer Säit aus a suergt fir Dysharmonieën an de Staatsfinanzen.

D’Iddi vun der Steierreform war schonn virdrun gestuerwen, mä mat dësen zwee Evenementer definitiv begruewen. Just d’CO2-Steier blouf iwwereg an hänkt do wéi den Akrobat um Seel, ouni Netz ënnendrënner. Eigentlech misst d’Oppositioun gehäerzt mat der Fauscht op den Dësch schloen, vun der Regierung all d’Chifferen verlaangen a fir Transparenz suergen: d’Land soll virun de Wahlen Bescheed wëssen, ob eng Steierreform iwwerhaapt méiglech ass oder net.

Dat awer wäert eng DP probéieren, ze verhënneren. Ass nämlech eng Reform am Beräich vun de finanzielle Méiglechkeeten, muss d’Partei vum Premier a vun der Finanzministesch sech d’Fro gefale loossen, firwat déi Reform dann net elo schonn kann op d’Schinne gesat ginn. Ka sech de Staat déi Reform awer net leeschten, weess d’Land, datt Gambia 2 vill gewurschtelt a schlecht gewirtschaft huet. Esou oder esou e Selbstgoal!

pexels-marcin-jozwiak-3796993

den Zweck vun der CO2-Steier ass jo, datt manner op Bensinn- an Dieselautoen zeréckgegraff gëtt. De Knascht kritt e Präis. Am Januar zejoert sot den Energieminister Claude Turmes am Interview mat der REVUE: Das ist eine langfristige Maßnahme — 20 pro Tonne jetzt, im nächsten Jahr wird um 5 Euro erhöht, das Jahr darauf auch. Für alle Konsumenten und auch für die Industrie ist das ein klares Signal. Klimaverschmutzung kriegt einen Preis und wer CO2 nutzt, muss in Zukunft mehr dafür zahlen.

Ass sech beim Lëtzebuerger en Ëmdenken tatsächlech séier ze erwaarden? D’Statistiken iwwer den elektreschen Auto nom leschte Festival waren esou gutt, datt een ni eppes dovunner an der Press gewuer gouf. Dobäi schéngen d’Geschäfter ganz gutt gelaf ze sinn, just eben net zu Gonschten vun dëser gewollter motoriséierter Zeitenwende! An ausgerechent de Krich an der Ukrain wäert de Beweis liwweren, datt d’Behuelen vum Konsument net onbedéngt parallel leeft zum Wonschdenken vun der grénger Dramfabréck!

pexels-kindel-media-9800029

D’Enn vum leschte Joer war de Liter Diesel fir 1 Euro 353 ze kréien. Dëse Weekend stoung de Präis bei 1,790. En Ënnerscheed vu ronn 44 Cent! 90 Prozent vun där Hausse sinn op de Krich zeréckzeféieren, op d’Nervositéit vun de Bourssen ronderëm d’Welt. De Minister hat sech en Ëmdenken erwaart op der Basis vu 5 Cent. An där Logik misst déi Zeitenwende zanter Wochen am Galopp sinn: et missten vill manner Gefierer op de Stroosse sinn, an et missten bedeitend méi Elektro-Autoen ënnerwee sinn.

Weder dat eent nach dat anert ass de Fall! D’Kärstéck vun dëser Legislaturperiod ass vun der Regierung ageschléifert ginn. Duerch de Virus an duerch de Krich ass dat an de Vergiess geroden. D’Oppositioun wäert jo net esou domm sinn, d’Steierreform net an Erënnerung ze ruffen. Grad elo, wou d’Sue knapp ginn…och bei de Privatpersounen! 12 Prozent gehéieren elo schonn zu de working poors.

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Wann ee bedenkt, wéi laang et d’Iddi vum Elektroauto scho gëtt (an do gëllt schonn d’Joer 1800 als Startschoss fir elektrësch ugedriwwe Gefiirer!) a wat (NET) draus gemaach gouf- d’Ueleglobby oblige….een absolut Trauerspill! Vun de Batterien an deem, wat och do geschitt ass, net emol ze schwätzen! Wann de Wëllen fir d’Elektomobilitéit WIERKLECH do gewiescht wär, da wäre mir scho ganz wäit weiderkomm – mä d’Prioritéirte waren däitlech anerer an den Tango korrupti deen ugesote Politdanz!
    A wee soll elo bezuelen? De Konsument natierlech, deen och nach ee schlecht Gewësse soll gemaach kréien, wann e weiderhinn ee Verbrenner keeft… WEEN huet versot, ween huet sech all déi Joren un d’Saudië a Konsorte verkaaft?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *