Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Lieserbréif vum Frank Bertemes: ‘t gëtt Zäit ! 

Lieserbréif vum Frank Bertemes: ‘t gëtt Zäit !
Photo by cottonbro studio: https://www.pexels.com/photo/woman-holding-sign-3951615/

 

Eng wichteg Petitioun ass duerch, nämlech déi mat der Nummer 2489, déi et allerdéngs a sech huet.  Respekt iwwregens fir de Petitionär Amar Goudjil, deen de Courage hat, déi Petitioun ze lancéieren a folgend Fuerderung formuléiert huet:

 

Mise en place d’une commission d’enquête pluridisciplinaire indépendante censée conclure sur la réalité sanitaire, statistique, scientifique et politique pour la période Covid-19 au Luxembourg.

 

La mise en place d’une commission d’enquête aura pour objectif d’apporter plus de clarté sur: 1) La réalité statistique et démographique liée à l’impact de la pandémie Covid19 au Luxembourg durant l’année 2020; 2) La réalité toxicologique liée aux principes actifs et aux excipients présents dans les vaccins anticovid19; 3) La réalité des effets indésirables et des effets secondaires provoqués par la vaccination anticovid19; 4) La réalité sur la responsabilité civile et pénale des membres décisionnaires lors de la gestion de la dite pandémie Covid-19; 5) La réalité sur le plan européen de vaccination établi au préalable par la Commission Européenne et dont la feuille de route a été publiée en octobre 2018 sur le site de la Commission avec projet de délivrance d’un Pass vaccinal (Covid-Check en luxembourgeois) comme phase de test en vue de l’établissement futur du Pass Carbon adossée à l’identité numérique des citoyens européens. …

 

Domat ass eis politesch Klass, déi mat méi wéi diskutabele Lockdowns an där wuel idiotescher Debatt ëm eng méiglech Impfflicht vill zur evidenter, aktueller Spaltung (Stéchwuert : Divide et impera) vun eiser Gesellschaft, déi duerchaus mat nohalteger Wierkung a leider wuel nach fir eng laang Zäit hir schlëmm Konsequenzen no sech zéie wäert, bäigedroen huet, endlech gefuerdert. Pikant ass natierlech den Zäitpunkt, nämlech dee vum Super-Waljoer-Da kommt Freude auf! Als ee vun deenen, deen als iwwerzeegten „Net-Geimpften“ vun Ufank un och mat sengen Interventiounen polariséiert huet, war et mir perséinlech eng besonnesch Freed, dës Petitioun  mat z’ënnerschreiwen.

 

War et normal, déi absolut éischt Instanz vun enger representativer Demokratie, nämlech eist Parlament, bei all Decisioun z’ignoréieren, net an engem ëffentlechen Debat mat der Fro vun deene jeeweilege Mesuren ze saiséieren, an domat eng kontradiktoresch Debatt net zouzeloossen an deem een de Rechtsstaat an eben déi parlamentaresch Demokratie faktesch ausser Kraaft gesat huet? War et normal, eis Volleksvertrieder*Innen mat engem offizielle Maulkuerf monddout ze maachen?  War et normal, wéi verschidde Leit sech an Zeen konnte setzen an dovun op déi eng oder aner Manéier nach haut profitéieren oder sech dat zumindest esou virstellen (Stéchwuert: Walen) an dat ouni iergend eng Géigestëmm offiziell erlaabt zu Wuert kommen ze loossen? War et normal, just op déi „konform“ Experten ze lauschteren an déi aner total z’ignoréieren, jo déi faktesch als Toperten, Verschwierungstheoretiker, scho bal als Krimineller duerzestellen? War et normal, d’Meenungsfräiheet total ze vergewaltegen? War et normal, d’Leit anzespären, an déi faktesch ze kriminaliséieren, déi sech erdreist hunn zu méi wéi erlaabt op enger Plaz an ouni „Sécherheetsofstand“ niewenteneen ze stoen? War et normal, Leit ënner Generalkonspiratiounsverdacht ze setzen, wa si zesumme spadséiere gaange sinn oder (nach schlëmmer) op enger „Marche blanche“ deelgeholl hunn? War et normal, een Dokter un de Pranger ze stellen an doriwwer eraus och nach viru Geriicht ze verurteelen, dee seng Positioun engagéiert an aus senger perséinlecher Iwwerzeegung eraus ëffentlech vertrueden huet? War et normal, déi Leit als „onsolidarësch“ duerzestellen, déi sech aus absolut verständleche Grënn NET impfe gelooss hunn? War et normal, datt ….an, an, an !?

 

An nach, besonnesch awer, ASS et normal, all Niewewierkungen – an där goufen et vill méi, wéi der offiziell zougi goufen a ginn !  – total ze verharmlosen, als „normal“ minimal Fäll , déi bei deem „Feldversuch mRNA-Impfungen“ eeben riskéiert goufen, am bekannten  Narrativ vun der Politik an där etabléierter, unerkannter „Wëssenschaft“ , duerzestellen? An dat allerschlëmmst dobäi: déi Leit am Ree stoen ze loossen, déi haut un de Konsequenze vu schlëmmen Niewierkungen vun deenen „Impfungen“ ze leiden hunn a si hirem Schicksal z’iwwerloossen, ouni déi zur Rechenschaft ze zéien, déi mat hire Produkter de Mënsch-(vläicht souguer mat nohalteger Wierkung?) – krank gemaach, jo souguer  vergëft hunn, voire gestuerwe sinn??

 

Haut ginn et esou vill Dokuën an Artikelen op internationalem Plang zu deem grave Sujet vun de COVID – 19 –  Impfniewewierkungen ze kucken an ze liesen an et muss ee sech net wonneren, datt ëmmer méi Plainten deposéiert ginn…. et les suites?

 

Niewebäi bemierkt hat ee bayresche Riichter absolut Recht: an dëser Pandemie dierf een déi dräi Gewalten, de Sockel vun eiser Demokratie, färrem a Fro stellen an an  hirem Rôle kritiséieren – Exekutiv, Legislativ a Judikativ!  Si si hirer Verantwortung fir d’Vollek, fir d’Eenheet vum Vollek, wierklech gerecht ginn?

 

Jo, t’gëtt Zäit de Bilan ze zéien,  Zäit  fir een ëffentlechen Debat mat der Zivilgesellschaft– an elo mol schounungslos, objektiv an ouni iergend eng Ligen, Hallefwourechten,  Manipulatiounen oder soss Blender – Politgebraddels a Politopportunismus d’Fakten op den Dësch ze leeën!

‘t gëtt Zäit!!!

 

Frank Bertemes

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Nach eppes: ‘t hat mol een Dokter zu mir gesot: Et gëtt keng Impfung!
    Vun do un war deen Zirkus ëm déi mRNA- Impfungen fir mech kloer.
    Déi kënnen iwwregens duerchaus an d’DNA vun engem Mënsch andréngen , sou wéi och een DNA- Forscher, deen allerdings ganz vun den mRNA -(déi gewollt Zukunft a Medikamenter an Impfunge wäerte sinn, well dorëm geet et) – cf. eng serieux Sendung vum Journalist Scobel zu deem Sujet – iwwerzeegt ass.
    A wann iergend een Dokter d’NET-Wierkung vun esou enger Impfung géif am Marienländle (wou de Bak halen Tromp ass!) – sou wéi aner Dokteren a Medizinner och – ëffentlech araumen, da géif et deem goen, wéi dem Dokter Ochs….
    Ech hunn iwwregens mol probéiert, d’Geld- an d’Profit-Methoden vun engem Zänndokter beim Conseil médical ze thematiséieren – ‘t ass faktësch illusorësch, sou eppes z’ënnerhuelen….

    ‘t ass am Fong traureg, wéi wäit mir komm sinn a wéi wäit d’Muecht vu gewësse Kreesser sou geet – o mei…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *