Fréier wor alles besser? Quatsch um Carré! Den Neandertaler hat zwar déi beschte Loft vun der Welt -ouni Diesel- a gouf nawell just 30 Joer al. Am Mëttelalter war d’Kriminalitéit ëm bis zu 100 Prozent méi héich; am 18. Joerhonnert ass all drëtt Kand viru sengem 5. Liewesjoer gestuerwen; 99 Prozent vun de Blinddarmoperatiounen sinn déidlech verlaf; direkt nom 1. Weltkrich, wou d’Mënschheet eigentlech genuch gelidden hat, huet d’spuenesch Gripp 50 Millioune Leit d’Liewen ewech gerappt.Ups! Op en Hoer hätt ech d’Pescht vergiess, mat där all drëtte Bierger an Europa op déi lescht grouss Rees geschéckt gouf! Fréier war Villes einfach ganz wonnerbar! Denkt driwwer no, wann Dir beim Zänndokter sitt…
Alles Zuelen, fir ze flippen, ma gelungenerweis wierkt den Alarmismus net op d’Vergaangenheet bezunn. Eis Angscht beleeft sech ausschliisslech op déi méi oder manner kuerz Zukunft, jenodeem wéi laang eis Liewensperspektiven ausgesinn. Mir si mam Kapp op eis Gesondheet fixéiert am genre mens sana in corpore sano.
Mir laafen eis um Trottoir an am Bësch d’Séil aus dem Leif: wann de Kierper gesonnt ass, geet et dem Kapp och gutt. An eise Kapp kéint op d’mannst mat decidéieren, fir de Kierper matt an der Riicht ze halen. Op Schratt an Tratt begéint een Gesondheetsreljiounen, de Gesondheetsministère léisst mattdeelen: wee sech fit hält, ween a Beweegung ass, riskéiert manner Kriibs ze kréien. De Platon wor der Meenung, datt déi permanent Suerg ëm seng eege Gesondheet aleng och schonn eng Krankheet wier.
wat huet de Mënsch déi lescht Joerzéngten tatsächlech duerch sech selwer gelidden! De Mooschwier war eng Saach vun Nervositéit oder vun ze vill Kaffi…an dacks och eng Saach, déi vum Kapp ausgoung. Da gouf Méinte laang waarem Mëllech mat Hunneg geschluppt, bis et beemol besser goung an de Mooschwier sech ni méi erëmgemellt huet. Zoufall! D’Mëllech – sécher gutt- konnt fir näischt am Heelungsprozess, well haut wësse mer, datt eng Bakterie Schold um Schwier ass: helicobacter pylori heescht dat knaschtegt Véi, duerch dat Leit sech mussen iwwerginn oder rupdadup op d’Toilette laafen. Ma nach haut soen engem Vertrieder vun der klassescher Medezin riicht an d’Gesiicht: “ Aeren Duerchfall ass psychosomatesch bedéngt”!
Autismus war e ganzt Joerhonnert laang d’Konsequenz vun enger sougenannter “Frigidärsmamm”. De Bruno Bettelheim hat d’Theorie opgestalt, datt virun allem d’Mamm wéi vun der Iddi besiess war, hiert Kand sollt eigentlech iwwerhaapt net op der Welt sinn; duerch dës gestéiert Relatioun géing sech beim Kand
den Autimus entwéckelen. Wéi schrecklech fir d’Mamm! Si gouf Joerzéngte laang culpabiliséiert, fir eppes, woufir si net konnt, well haut wësse mer, datt den Autimus eng neurobiologesch Krankheet ass am Gehier. Ma iwwer 50 Joer gouf op d’Mamm gefacht, gouf si fir schëlleg geschwaat, bal wéi Hexe verbrannt, an zwar virun allem vu geléierte Leit! Alles mam Kapp!
Mir weise mam Fanger op Leit, déi extreem mockeleg sinn…”Fresssucht” ass de Verdikt vun der Gesellschaft! Et stëcht een aus Frust alles eran, wat een esou ze kucken an ze fille kritt. Kloer, där Leit ginn et, grad esou kloer, datt verschidden Iesswueren süchteg maachen, ma Wëssenschaftler hunn erausfonnt, datt et dacks och un der Zort
vu Bakterien hängt, di d’Persoun am Daarm huet. Mat där enger Zort gëtt d’Persoun ipso facto- egal wat se jickt-méi déck wéi d’Persoun niewendrunn, mat enger anerer Zort Bakterie am Verdauungstrakt; et goufen souguer schonn Operatioune gemaach, fir d’Bakterien tëscht zwou Persounen auszetauschen, ma do ass een eréischt um Ufank vun der Fuerschung. Wa klassesch Medeziner kee Wee méi aus wëssen, fir de Reizdarm ze heelen, da kommen se mat Psychosomatik. Wee vill trauereg, depressiv oder gestresst ass, muss eben méi dacks op d’Dëppen. Fäerdeg! An 10 Joer wäerte mir et besser wëssen…
ob eng Persoun fäertereg oder couragéiert ass, spillt sech och net onbedéngt an Häerz a Cortex of, ma et ass eng Saach vun der Qualitéit vun onsem Spaut am Mond. Wee fëmmt, wëllt sech den Dichtege maachen! Ass bestëmmt net ganz falsch, awer och net ganz richteg. Emmerhinn hunn nach ëmmer zwee Drëttel
vun de Leit ni geraacht. Wollten déi sech net och mol heiando den Dichtege maachen, als Jugendlechen net de Bello markéieren ? Firwaat huet mir direkt déi éischt Zigs geschmaacht, an dem Kolleeg Nico niewendrunn net ? D’Aentwert geet a Richtung Chromosomen…bei deenen, déi op de bloen Damp stinn, wär ee vun de Chromosomen liicht gebéit. Erwisen ass dat nach net, ma et deit villes drop hinn.
An awer spillt sech grad an eiser moderner Gesellschaft, villes tatsächlech am Kapp of. Esou ginn et Leit, déi behaapten, extreem sensibel ze sinn op elektresch Wellen; dat ass nawell praktesch, well et ass schwiereg nozeweisen. Et gi Leit, déi verdroen d’Strahlen vum Handy net; eleng de Gedanken dorunner mécht si scho krank, eng Saach vun negativem Stress.
Homäopathesch Wuer gëtt et tonneweis, an der Drogerie, am Supermarché, um Internet. Wann een dru gleeft, da soll et anscheinend klappen…op d’mannst esou laang, wou et näischt Eeschtes ass.
A wann een dann als Patient vum Dokter gesot kritt:”Wat hutt Dir da gemaach? Dir hutt Kriibs!”, da bleift engem bal näischt Aaneschters iwwereg, ewéi ze äntwerten:”Entschëllegt! Ech hunn et net express gemaach; ech wor mat de Gedanken anzwousch aneschters!”
Mir decidéieren nun emol mam Kapp, ma leider nach laang net ëmmer richteg!
Asthma war och psychosomatesch bedéngt, haut wësse mir et besser! Dobei gouf et an all dëse Beispiller während Joerzéngten e KONSENS ënnert Fuerscher a Wëssenschaftler. Konsens awer geet net duer an de Wëssenschaften: do gëllen Observatioun a Beweis! Esou ass et och mam Klimawiessel!
Als kleng Bettlecture, den dsm 4 :
Diagnostic and Statistical Manual