Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

D’Geschicht ëm den Joe Rogan an ëm de Podcast 

D’Geschicht ëm den Joe Rogan an ëm de Podcast
Photo de Andrea Piacquadio provenant de Pexels

fir d’éischt mol d’Fro: wat ass e Podcast? De franséische Larousse gëtt déi heiten Definitioun: Émission de radio ou de télévision qu’un internaute peut télécharger et transférer sur un baladeur numérique. Do reift een sech d’Guckelcher: souguer d’Fransousen iwwerhuelen an hir Sprooch den angelsächsegen Term. Dat seet schonn genuch aus! Just am Québec schwätzen si och vu balado. De Podcast gëtt ëmmer méi beléift, besonnesch natierlech bei deene Jonken. An esou kënnt et geleeëntlech zu Konfrontatiounen vun de Generatiounen.

bfmtv.com

Den Joe Rogan ass en Autodidakt. Virun 12 Joer huet hien e Podcast geschafen, deen haut vun 11 Millioune Leit gelauschtert gëtt. Also vu méi Leit wéi bei CNN, MSNBC a Fox News zu beschter Sendezäit zesummen. Hien huet grad an der Pandemie-Zäit vu sech schwätze gedoen an den décke Goss gemaach.

Esou hat hien zum Beispill den Dokter Robert Malone am Interview, ee vun de Pionéier an der mRNA-Impffuerschung. Deen Dokter huet beim Rogan an der Emissioun behaapt, d’Statistiken vun den Doudegen an den USA wiere kënschtlech opgeblosen. D’Klinicken kréichen nämlech e Subsid vum Staat fir jidder Persoun déi offiziell um Covid gestuerwen ass. Message no baussen also: d’Pandemie ass net esou schlëmm!

Dann hat de Rogan bei sech op Besuch de Peter McCullough. Dee muss een net kennen, ma hien ass den adjoint vun den Internisten an engem grousse Spidol am Texas. An deen Dokter goung jo net hin a sot, datt senger Meenung no d’Pandemie geplangt war, an datt duerch de Vaccin dausende Leit an Amerika gestuerwe sinn. Schéi konspirativ, dat Ganzt. Zwee Schwurbler? Ëmmerhin zwee Dokter!

Kee Wonner, datt esou eppes massiv gelauschtert an/oder gekuckt gëtt. D’Internet-Plattform Spotify huet sech d’Exklusivitéitsrechter vum Rogan opkaf an dofir 100 Milliounen Dollar geblecht. Dat huet net jidderengem gepasst.

Dem Sänger a Komponist Neil Young (Harvest, Heart of Gold)

dreamstime

goungen esou Behaaptungen op d’Strëmp an hat Spotify virun de Choix gestallt: entweder hien oder ech. Meng Musek gëtt net op där nämmlechter Plaz gespillt, wou e Luftikus kann egal wat verzielen! 48 Stonnen drop krut hien d’Äntwert: dem 76 Joer alen Neil Young seng Lidder si gestrach, de Rogan däerf bleiwen! Dobäi goufen dem Artist seng Lidder 6 Millioun mol am Mount op Spotify gelauschtert.

Et geet mir net drëm, iergendwellech eventuell Schwurbler blouss ze stellen, ma éischter drop hinzeweisen, datt grad déi audiovisuell Medien matzen an enger Revolutioun sinn. Ech perséinlech sinn 10 Joer ewech vum Neil Young a stinn mam Häerz op senger Säit. 16 Joer trenne mech vum Joe Rogan, de Verstand seet mir, datt dat wuel d’Zukunft wäert sinn!

Dat wëll net heeschen, datt ech beim Rogan senge Behaaptungen ( via den Invité op Antenne) géing vu Begeeschterung un de Plafong sprangen, ma säin Erfolleg weist dach wou et higeet. Dat huet net onbedéngt eppes mat Fortschrëtt ze dinn, dofir awer mat technescher Weiderentwécklung.

De moderne Mënsch klëmmt a säin Auto a seet zu enger Zort Siri: sich mir de leschte grousse Journal vun RTL! No 2 Sekonnen ass dee prett: 6 Reportagen, zum Beispill iwwer de Prënz Andrew, iwwer d’Statistiken aus der Pandemie….an et sicht een sech dat eraus, wat een am meeschten interesséiert: de Fall Frank Schneider an den Desintressi vun der lëtzebuerger Justiz. A wann ee vum Reportage enttäuscht ass, spréngt een eriwwer op deen nächsten.

An anere Wieder: déi laang Journallen wäerten an Zukunft ëmmer manner gelauschtert an/oder gekuckt ginn.

Photo de cottonbro provenant de Pexels

Déi grouss Medienhaiser hunn dat längstens erkannt a sech ëmgestallt. Onnëtz ze soen, datt des Revolutioun – déi grad ugefaangen huet-, eng zousätzlech Erausfuerderung och fir d’Print-Medien bedeit: och si mussen via hir Internetsäit esou Podcasten produzéieren, am anere Fall ginn si vun der Geschicht iwwerholl a landen bei deenen Doudegen!

Spannend Zäiten, awer och schéi geféierlech. Matt Schwurbler huet ee méi séier de Wand an de Seegel ewéi mat enger seriéiser Analyse iwwer de Gromperepräis.  D’Pandemie huet et gewisen, wéi séier een op leider gutt gemaachte Fake News kann erafalen. Mam ablackleche Krich an der Ukrain ass et net besser! Falsch Noriichten gehéieren zanter jehier zu der Krichsféierung dobäi.

Schwiereg Zäiten fir d’Journalisten, ma grad esou fir Lieser an Nolauschterer!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *