Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Dräi Doudeger am Neiduerf! An elo? 

Dräi Doudeger am Neiduerf! An elo?
gkonline

Dräi Wochen sinn et hier, datt dat grujelegt Accident am Neiduerf geschitt ass. Bannent Sekonnen haten dräi Persounen hiert Liewe gelooss…an awer -bal ewéi e Paradox- geet d’Liewe weider. 5 Bouquet wieleg Blummen leien op der klenger Maierchen déi vum Onglécksauto an hier Eenzeldeeler zerluecht ginn war. D’Aarbechter paken si aus Respekt net unn, ma hu fir de Rescht schonn gutt opgeraumt. C’est la vie! seet mir ee vun de Männer, déi op Lëtzebuerg komm sinn, fir eben grad hiert Liewen ze maachen.

Dobäi hätten och si kënnen beim Accident ëm d’Liewe kommen! Si waren aus puerem Zoufall deen Dag vum Ongléck net um Schantjen. Säi Liewe maachen, wat heescht dat schonn? An dësem Fall mol: net zum falschen Moment op där falscher Plaz sinn! Dräi Wochen si vergaangen, ma de Planéit dréit weider. Fir d’Familljemamm mussen et schrecklech dräi Woche gewiescht sinn: si huet op e Coup Mann an Duechter verluer. Allebéid sinn se begruewen.

Dee Mann war extreem séier ënnerwee, ma d’Untersuchung goung a Richtung vun engem Malaise; villäicht en Häerzinfarkt oder eng epileptesch Kris. Hie war op alle Fall net als Formel-1-Pilot bekannt. Géint e Malaise ass näischt ze maachen, do hëlleft kee Radar, keng Zone-30. Trotzdeem sollt iwwer méi Sécherheet am Stroossentrafic op där Plaz nogeduecht ginn. Den Ament leeft et nom Motto vum Heinrich Böll: es muss etwas geschehen! Es wird etwas geschehen! Nämlech näischt!

Freides den 10. Mäerz huet d’Police sech op där geféierlecher Kräizung opgestallt. Owes um 19 Auer 14, also zu engem Ablack wou keng Bisamsrat méi ënnerwee ass. 20 Auer 06 hunn se agepaakt. Si haten zwee Chauffeuren ugehalen, déi méiglecherweis ze séier ënnerwee waren, a wann, dann an engem nach verstännege Mooss, esou tëscht 50 a 60 KmH.

Dat huet duerchaus esou ausgesinn wéi :komm! Mir mussen eppes maachen, awer och näischt ze vill. Wären si am Do op der Plaz gewiescht, hätten si en anert Bild vun där Kräizung krut. Pour la petite histoire: an de 50-ger Joer sinn ronderëm de Stäppchen Auto- a Mottocoursen gefuer ginn!

My beautiful picture

10 Deeg duerno stoungen d’Polizisten tatsächlech am fréie Moien do, ma zu engem Moment wou wéinst dem Beruffsverkéier ganz einfach net kann gerannt ginn. Och hei also méi Schein ewéi Sein!

Ech wëll hei net jiddwer Eenzelen verdäiwelen, deen ze séier ënnerwee ass. Ech ka mech nach gutt genuch erënneren, wéi nerveg dat Getuckels fir op d’Aarbecht ka sinn. Ech hätt ganz einfach gär, datt déi am Ministère mobil ginn an no Méiglechkeete sichen, de Verkéier op där Plaz tatsächlech ze berouegen!

Villäicht geet jo e banale Radar duer. D’Polvermillen soll mol ee kréien. Fiwat net och d’Neiduerf? Ma ech sinn net den Expert a wëll net virgräifen. Alles wat ech wëll ass, datt Lektiounen aus deem dramateschen Ongléck gezu ginn. Den Trallala-Saz:jiddwer Doudegen am Verkéier ass een ze vill, deen all Transportminister déi lescht 40 Joer a senge Sonndesrieden vu sech gouf, geet net duer!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *