Recent Posts

Post Categories

De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...

Blog Post

Gesellschaft

Impfcampagne: och d’Déierendokter hu keng Prioritéit! 

Impfcampagne: och d’Déierendokter hu keng Prioritéit!
Image par Free-Photos de Pixabay

D’lëzebuerger Veterinären stoungen vun Ufank un mat Gewier bei Fouss: hir Associatioun sot sech bereet, fir de Fall wou Nout um Mann ass, an den Impfzentren auszehëllefen. D’Déierendokter froten awer zugläich eng Prioriséierung fir hire Beruffsstand: si an hiert Personal wieren nämlech och an där Pandemie staark exposéiert. Dat wier besonnesch de Fall, wann d’Leit mat Mupp, Kaz, Deckelsmouk asw bei hinne laanscht kommen, fir dat Déier gefleecht ze kréien. Kuerz viru Chrëschtdag koum eng éischt Äntwert vun der Santé.

gk online

D’Zesummenaarbecht huet sech gutt ugekënnegt, ma e Mount drop koum de Revirement aus der Villa Louvigny. D’Déierendokter ginn elo awer net op deen nämmlechten Niveau gesat ewéi déi aner Dokter a Gesondheetspersonal, déi an enkem Kontakt sinn mat besonnesch vulnerabele Leit.

gk online

De 5. Mäerz dunn koum e weidert Schreiwes vun der Madamm Lenert: an enger éischter Phas vu der Impfcampagne ass hir Hëllef net gefrot, si géingen awer an enger spéiderer Phas kontaktéiert ginn. Spéitstens dann  missten jo awer dann och dës Dokteren vaccinéiert sinn.

gkonline

E cabinet vétérinaire ass haut dacks keen Ee-Mann-Betrib ewéi fréier, ma besteet aus enger klenger Equipe. Dës Mataarbechter sinn dacks Frontalier, dorënner och där aus Däitschland. An dës Leit goufen elo vun den däitschen Autoritéiten ugeschriwwen, datt si sech kënne prioritär impfe loossen! Datt e Frontalier bei sech doheem d’Pic gesat kritt ass jo esou virgesinn, ma hei läit d’Betounung op der PRIORISEIERUNG!

Esou kann et also virkommen, datt en däitschen Ugestellten éischter vaccinéiert ass ewéi säi lëtzebuerger Chef…..

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *