D e Jeff Dieschburg ass e jonken Artist vun 22 Joer.
Hien huet dest Joer op der Biennale fir zäitgenëssesch Konscht zu Stroossen matgemaach.
Säi Wierk: ënner anerem e Portrait vun enger jonker Fra. Wat déi Persoun ugeet, huet hien sech op eng Moudephoto vun enger Artistin baséiert, déi an Amerika lieft. Aus enger Photo huet hien en Tableau gemoolt aus Uelechfaarw.
Zanter der leschter Woch kritt hien Plagiat virgehäit. Fir den Detail verweisen ech op mäi längeren Artikel vun haut de Moien https://bit.ly/3ziYD81
De Jeff Dieschburg wiert sech géint esou Virwërf, de Gaston Vogel spréngt dem jonke Mënsch gehäerzt zur Säit.
Allebéid hu si sech den Owend op apart tv beim Marc Thoma explizéiert. Den Interview ass och op dëser Websäit ze kucken an ze gesinn, virun allem, ze genéissen. Esou munche Konschtkritiker wäert sech um Enn aus Schimmt an de Keller verstoppe goen!
Vill Spaass.
Daat Letzebuergesch Propriété Intelectuelle Recht huet anscheinend keen Stellenwert hei am Land.
Luxembourg sold out misst den Titel zu dem kaaften Interview heeschen.
Respekt Här Vogel !!!