Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Éischt Photo vum IRM-Potaschbierg: d’Ministesch gouf beim Léien erwëscht! 

Éischt Photo vum IRM-Potaschbierg: d’Ministesch gouf beim Léien erwëscht!
Photo de ANTONI SHKRABA provenant de Pexels

                    

Eise Gesondheetssystem ass gutt, ma hie kéint besser sinn! Et ass un der Zäit, nei Weeër ze goen. D’Etabléieren vun engem IRM-Scanner um Potaschbierg ass e gutt Beispill dofir an d’Associatioun vun den Dokter an Zänndokter plädéiert fir weider ambulant Strukturen aus de Klinicken eraus.

Déi Klinicken sinn nämlech zum Deel iwwerfuerdert. Zwar ass d’Situatioun ëm den IRM net méi esou katastrophal ewéi viru Joer an nawell muss een -trotz 4 neien MRT-Apparater-tëscht 2 a 4 Méint op säi Rendezvous waarden. Zu Tréier sinn et 2 – 3 Deeg. Dat ass net normal! An et ginn där Beispiller méi.

Eng Persoun huet an engem Spidol ugeruff fir eng Endo- a Koloskopie. Äntwert: mir kënne kee méi unhuelen, rufft nach eemol am Dezember un! Fir eng Infiltratioun ënner Scanner gemaach ze kréien, muss een tëscht 6 an 8 Woche Gedold hunn. U sech eng kuerz Zäit, ma dach ze laang fir Patienten, déi vill Péng hunn. Wien wëll am Schloflaboratoire bäikommen huet 6 bis 12 Méint onroueg Nuechten vru sech.

Meeschtens kritt een als Explikatioun, datt de System d’Affer gouf vu sengem eegenen Erfolleg, wëll heeschen, et gëtt extreem vill vun der Gesondheetskeess iwwerholl. Dat stëmmt wuel, ma et ginn weider Ursaachen. Zum Beispill, datt d’Zuel vun den Dokteren am Laf vun de Joerzéngten net proportionell geklommen ass par Rapport zu der Zuel vu Leit, déi an der CNS affiliéiert sinn. Dat kréien ech ëmmer méi dacks vun Dokter selwer ze héieren, géing dat och gären schwaarz op wäiss beleeën.

Schonn am Januar hunn ech d’Statistiken bei der AMMD gefrot a krut keng Äntwert. Rappell am Februar. Null Feedback, mol kee Refus. Zweete Rappell am Mäerz. Idem. Esou bleift et bei de Behaaptungen vu betraffenen Dokter, déi sech hirer Saach allerdéngs sécher sinn, ëmsou méi wou déi lescht Joerzéngten d’Spezialisatiounen sech geheeft hunn!

Wuel koumen an der Lescht vill Fraen als Doktesch bäi a grad esou eng Abberzuel Medezinner aus dem Ausland, ma ëmmer manner jonk Leit si bereet, sech e Beruff erauszesichen, wou een ronderëm d’Auer muss disponibel sinn. Mä nëmmen net d’Saach thematiséieren! Eise Gesondheetssystem kéint bei esou Diskussiounen Schréipse kréien!

“…D’Madamm Lenert huet e Freideg net d’Wouerecht gesot!…”

D’Ministesch war e Freideg Owend um Platto vun der Televisioun. Ech iwwerhuelen de Resumé vun deem Gespréich wat de Punkt vum Potaschbierg betrëfft vun RTL.lu: “Et gouf confirméiert, datt den CHL de privaten IRM um Potaschbierg géif iwwerhuelen, esou d’Paulette Lenert. Der aktueller Gesetzgebung kënnen esou Sitte just vu Spideeler exploitéiert ginn…”. Also en Accord! Mendacium habere brevi pedes, well schonn iwwer de Weekend reagéiert de Potaschbierg zimmlech sec!

gouvernement.lu

“Das Centre médical Potaschbierg stellt hiermit klar, dass am 13.05.22 unsererseits keinerlei Vereinbarung mit dem CHL unterschrieben wurde. Also huet d’Ministesch gelunn! Wat net däerf sinn, dat ass och net! An de CMP erënnert drun, datt d’Diskretioun soll respektéiert ginn esou laang d’Gespréicher lafen. Dat Eenzegt wat bis elo ënnerschriwwen gouf, ass e MOU, e memory of understanding wouranner festgehale gëtt, datt eng eventuell Zesummenaarbecht mam CHL gesicht gëtt. Wéi déi Kooperatioun soll ausgesinn muss sech an den nächste Wochen a Méint erausstellen!

Wat déi Diskretioun betrëfft, wär et an dësem Fall besser gewiescht, d’Madamm Lenert hätt sech net fir d’Kamera schminke gelooss. A wa schonn an der Ëffentlechkeet geplappert gëtt, da wéinstens d’Wouerecht! Mat deem Optrëtt huet d’Ministesch ze fréi geschoss an och nach an den eegene Knéi.

Grad esou wat déi juristesch Situatioun ugeet, ass d’Madamm Lenert Zick-Zack-Kurs gefuer. Schliisslech gouf et virun 3 Joer schonn e Prezedenzfall! Schonn deemools wollt e Radiolog op eege Fauscht en MRT-Apparat installéiere loossen an d’Santé war dogéint. Virum Verwaltungsgeriicht krut de Radiolog Recht mat der Begrënnung, datt d’Fräiheet vun engem liberale Beruff vun der Verfassung hier geschützt ass!

Als Argument géint esou eng Ouverture vun der Medezinne gëtt ëmmer den Zwee-Klasse-System an d’Vitrinn gestalt: déi ‘Déck’ kéinten sech et leeschten, wann näischt oder net vill vun der CNS rembourséiert gëtt. U sech besteet dee System awer schonn zanter Joerzéngten. Déi mam gefëllte Portmonni fueren op St. Vith, Diddenuewen oder op Tréier, wou en IRM 750€ kascht an d’CNS der maximal 150 rembourséiert. Net ze vergiessen, datt an 3 Joer bei Metz en ultra modernt Spidol opgeet, an dat natierlech en A wäert op de lëtzebuerger Marché halen.

Den Zwee-Klasse-System besteet och sos, ganz legal! Gutt gestiwwelt Hären an Dammen kënnen sech eng Zousazversécherung éischter leeschten ewéi déi, déi Schwieregkeeten hunn, um Enn vum Mount d’Enner beieneen ze kréien. Ugefaangen mat enger CMCM,- déi awer nach verhältnisméisseg bëlleg ass- bis bei déi verschiddenst Versécherungsgesellschaften déi richteg deier kënne ginn.

D’Ministesch Paulette Lenert huet sech bis ewell virun allem een Numm gemaach am Ëmgank mat der Pandemie. Dat war Gestioun. Elo wier et un der Zäit, Politik ze maachen. Den Drock aus de Reien vun den Dokteren wiisst a grad esou den Drock aus dem Vollek. Wann d’Gesondheet sollt dat wichtegst sinn am Liewen vun engem Mënsch – a wien zweiwelt dorunner?-, da muss d’Medezinne och deementspriechend ënnerstëtzt ginn. Den IRM um Potaschbierg ass e gudden Ufank. Sozialistesch Planwirtschaft war fréier!

 

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    De 14. März huet mir mäin Schankendokter eng Ordonnance fir en IRM verschriwwen. Hun dunn dags drop an den HRS telefonéiert fir en RV. Do hätten sie en Termin fir den 10. Mai fräi, also bal 8 Wochen warden. “Da frot mol beim CHL no, vläicht geet et do éischter”, sot d’Madame um Telefon. Tatsächlech, do hun ech een RV fir den 27. Abrëll kritt, also nëmmen 6 Wochen warden… awer sous condition, fir op Ettelbrëck an den CHDN ze fueren…. wunnen op der Ostmozl. Mä bon, t’ass een jo bescheiden an frou fir gehollef ze kréien. Hun spéiderhin an der Press gelies, dass d’Madame Lenert den IRM um Potaschbierg fräi ginn huet. Op Nofro, op ech dann bei hinnen kéint lanschtkommen, huet et geheescht, dat wär nach alles net an drëchenen Dicher. Hätt mir meng Wardezäit em 2 weider Wochen verkierzt. Net nemmen dat – vun mir bis op Ettelbrëck sin et 40 Minutten, op de Potaschbierg sin et der 8. Sin elo do beim Schënner, de mir bestätegt huet, dass sie fully operational sin, mä d’Sach mat der CNS wär nach net geklärt… ech kéint awer aus menger Täsch bezuelen. Mä bei deem Präis verbëtzen ech leiwer déi puer Liter Benzin fir op Ettelbrëck.
    Affaire à suivre!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *