Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Soziales

Drock am Pensiounsdëppen 

Drock am Pensiounsdëppen
Bild von 44833 auf Pixabay

Datt d’Situatioun an de Pensiounsreserven géing ëmschloen, vu positiv op negativ ass weider keng Iwwerraschung; scho virun engem Véierels Jorhonnert war dat esou ausgerechent ginn. D’Politik an d’Gewerkschaften waren nawell gutt duerchgerëselt ginn, wéi et virun zwee Méint housch, d’Situatioun kéint sech zouspëtzen: schonn an 3 Joer géing méi aus dem Dëppen erausgeläffelt ginn ewéi nogeschott gëtt. Dunn nees Entwarnung Enn vun dësem Januar: de Revenu huet sech zolitt erholl. D’Hausse vun de Reserven ass allerdéngs gréisstendeels op Investitiounen zeréckzeféieren, net esou op e Klammen vum Aarbechtsmaart.

Trotzdeem war et e Warnschoss! GAMBIA hat d’Rentemauer ni thematiséiert, d’Oppositiounsparteien – besonnesch d’CSV- hat och léiwer de Kapp an de Sand gestreckt, sech d’Wahlcamagne net duerch esou een emotionelle Sujet verdaue loossen. Politik vum Feinsten! An d’Gewerkschaften  sangen elo am Chouer, datt d’Renten musse sécher bleiwen an zwar zum Nulltariff. Mentalitéit vu verwinnte Kanner!

Wat war geschitt? Virum Wanter waren d’Reserven déck an de Minus gerutscht. Dat hätt mat Pandemie an Ukrain ze dinn, dorunner gekoppelt manner gutt Geschäfter mat der SICAV vum fdc. E Minus vun 3,15 Milliarden am Joer 2022; Als Verglach: par rapport zum Joer virdrun koumen net grad 6 Milliarden € manner an d’Keess. D’Reserve louchen deen Ament bei knapp 22 Milliarden. Net onbedéngt fir a Panik ze falen ëmsou méi wou elo matzen am Wanter d’Sicav vum fdc sech ëm 10,4% erholl huet an d’Reserven nees bei 25 Milliarden Euro leien.

Domadder léisst sech liewen! De Fall gesat, et kéim keen eenzege Cent méi an d’Kees, wären d’Renten nach fir ronn 50 Méint garantéiert. Nawell war den allgemengen Alarm ubruecht well mir virun d’Nues geriwwe kruten, ewéi séier et ka goen! An de verbale Krich ënner de Sozialpartner huet schonn ugefaangen.

Bild von Gerd Altmann auf Pixabay

Am Informatiounsblietchen vun der CGFP liesen ech: “Die CGFP sagt NEIN zu Verschlechterungen bei der Altersversorgung”. Wat heescht dat konkret? Soll de Pensiounsniveau esou bleiwen wéi hien ass? Dat géing da bedeiten, datt d’Cotisatioune mussen eropgesat ginn! Och op der Säit vum Salariat? A wéi grouss soll déi Hausse ausfalen? Scho virun 12 Joer hat een sech ronderëm den deemoolege Sozialminister Mars di Bartolomeo éischter fir eng Reförmchen decidéiert, déi nawell derzou féiert, datt déi Bierger déi 2052 ufänken an d’Pensioun ze goen, 10 Prozent manner kréien ewéi zu dësem Ament. Sozialofbau ënner de Sozialisten ass also  méiglech! Jurisprudenz fir  déi schwaarz-blo Regierung?

Déi zoustänneg Ministesch Martine Deprez soll en Ass sinn an der Mathematik, dogéint ass si e Greenhorn an der Politik. Si huet et allemol fäerdeg bruecht, d’Roserei vun de Gewerkschaften am Rekordtempo op sech ze zéien: si jodelt léiwer op Pressekonferenzen ewéi um ronnen Dësch mat de Syndikater ze diskutéieren. Am Interview am “Lëtzebuerger Land” huet si zum Beispill dofir plädéiert, datt d’Kierzungen scho sollten am Idealfall 2032 a Kraft trieden. Méi wéi engem Gewerkschaftler wäert bei där Lecture de Croissant an de Kaffi gefall sinn.

Onofhängeg vun der Persoun Deprez si Renten a Pensiounen e Sujet wou d’Gemidder direkt héichkachen, besonnesch wann am Gespréich eng privat Zousazpensioun ass. Dat kann een duerchaus novollzéien, schonn eleng wann ee weess, datt déi zoustänneg Finanz- an Assuranceninstituter hier Produiten net aus Altruismus offréieren, ma fir Geschäfter ze maachen. Fric um Bockel vun deem, deen abezilt.

Virun 12 Joer hunn ech mech an där Diskussioun driwwer opgereegt, datt – wann et ëm d’Ausbezuele vun der privater Zousazensioun goung- een eng Altersmoyenne ausgerechent krut vun 88 Joer (trotz dem Fëmmen!), an datt een also 43 Euro netto de Mount zugutt hätt. Am Restaurant zwou Pizza an e Spruddelwaasser! Gambia ass et ze verdanken, datt däer Topegkeeten zanterhir verbuede sinn. Esou Geschichten ginn allerdéngs duer, fir deen drëtte Pilier an der Rentendiskussioun komplett ze diskreditéieren.  Dacks éischter eng emotionnel Reaktioun.

Am klenge Style ka jiddereen do matmaachen. De Minimum vu 50 Euro Cotisatioun de Mount, also 600 Euro d’Joer ka sech am Prinzip jiddereen leeschten, ëmsou méi wou een déi 600  ka vun der Steier ofsetzen. No 40 Joer huet een – ouni datt et vill wéi gedoen huet- 24.000 € Kapital. E klengen Ufank, deen awer net den Drock ewechhëllt am Pensiounsdëppen. Glat a guer net, just e bësselchen Schlagsan.  A wéi wär et mam zweete Pilier, mat der zousätzlecher Betribsrent?

Bild von Tom auf Pixabay

A  ville grousse Betriber gëtt et si scho laang a si kann fir de Pensionéierten tatsächlech eng finanziell Hëllef sinn. D’Betribsrent misst ‘just’ obligatoresch ginn, all Patron misst matmaachen, fir seng Beschäftegt an eng Keess abezuelen a Joer fir Joer hinnen en Zertifikat ausstelle loossen. Domadder gëtt d’Aarbecht schonn nees méi deier, a fir deen Effet ofzefiederen kéint een iwwer steierlech Erliichterungen  fir d’Betriber nodenken.

“Deen éischte Pilier soll dee Wichtegste bleiwen!…”

…dat ass mol de Wonsch vun alle Säiten, an d’Politik – also och d’Madamm Deprez- soll sech dees bewosst sinn. Zanter den Diskussioune virun 12 Joer ass gewosst, datt Adaptatiounen noutwendeg sinn. An déi kéinten déi Kéier méi grouss ausfalen, ëmsou méi wou laut dem pacta-sunt-servanda-Prinzip d’Ännerungen réischt solle kënnen a 40 Joer a Kraaft trieden.

De Genossen di Bartolomeo huet an der Zäit vu Schrauwe geschwat, déi am Noutfall kéinten ugezu ginn. Zum Beispill den 13. Mount fir d’Perivatpensionären ofschafen oder erofsetzen. Op déi Manéier spuert een Milliounen, ma keng Milliarden. Minimal Adaptatiounen hu wuel de Virdeel, den Drock vum Kessel ze huelen, zugläich den Nodeel, datt ee wichteg Decisiounen op Mokuchsdag verleet.

Egal wéi een et dréit a kéiert, eng Rentereform kritt een net zum Nulltariff! Sollt sech an den Diskussiounen exklusiv op den éischte Pilier fokusséiert ginn, géing dat näischt aneschters bedeiten ewéi datt d’Cotisatioune misten däitlech eropgesat ginn. Jiddereen misst méi déif an d’Täsch gräifen: den Ugestellten, de Patron, de Staat. Sinn si dozou bereet? Ass et am europäeschen Ëmfeld opportun wann d’Lounniewekäschte klammen?

Et leeft menger Meenung no op e Mix eraus tëscht dem éischte Pilier an dem Zweeten. Vum Drëtten roden ech radikal of. Privat Zousazpensiounen solle privat bleiwen. Wien sech dat leeschte kann, soll et maachen, ma si däerf op kee Fall d’Ausgangsbasis sinn vun enger déifgräifender Reform mat Aussiicht op déi nächst 40 Joer!

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Voll Zoustëmmung, Här Kaiser! Exzellente Résumé vun der Gesamtdebatte ëm d’Pensiounen, eng Debatt, aanscht déi een einfach net kënnt. Jo, deen éischte Pilier ass a bleift sakrosankt, deen zweete muss tatsächlech mat abezu ginn an deen drëtte reng privat a fakultativ bleiwen. Kee Wee féiert laanscht vertriedbar Cotisatiounserhéigungen mat dem Erunzéien vun anere Sourcen – an där ginn et scho leng an der Steiergesetzgebung….

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *