Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

De Confinement an den Télétravail hunn eis(nach méi) trapeg an driibseg gemaach 

De Confinement an den Télétravail hunn eis(nach méi) trapeg an driibseg gemaach
Photo de Taryn Elliott: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/ordinateur-portable-sur-le-lit-pres-du-balcon-4099388/

 

Et goufen nach ëmmer Leit déi Moies keimen, wann si um Bett déi lénks Strëmp undinn. Där wäerten et och ëmmer ginn. Lidderhanessen eben! Net gemengt sinn natierlech déi, déi de Réck tatsächlech ‘gebrach’ hunn. A Frankräich huet eng Ëmfro elo erginn, datt 30 Prozent vun de Leit sech manner motivéiert fillen fir op d’Aarbecht ze goen ewéi nach virun der Pandemie. A bei deene Jonken tëscht 25 a 34 Joer wieren et esouguer 40 Prozent!. Am L’EXPRESS schreift d’Abnousse Shalmani: déi Tendenz war souwisou am gaangen sech am Westen ze installéieren; duerch déi sanitär Kris gouf d’Entwécklung allerdéngs ëmsou méi acceleréiert.

Quand un seul doigt suffit pour manger, regarder un film, rencontrer son conjoint, faire du shopping, consulter un médecin ou prendre l’apéro avec des amis, qui a encore envie de déplacer la masse de son corps endolori hors de la sphère de son chez-soi-monde? An anere Wieder: et ass alles ze vill! Et fält eis schonn schwéier, an een Apel ze bäissen. Statistesch gesinn ass eist Gebëss par Rapport zu deem vun den Ur-Grousselteren manner staark. Dofir am Léifsten en Hamburger mat engem mätschege Bréitchen.

Photo de Andrew Neel: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/photographie-en-gros-plan-de-femme-assise-a-cote-de-la-table-lors-de-l-utilisation-de-macbook-3178818/

D’Kanner gi vun Helikopterelteren grouss gezunn. D’Educatioun bleift do dacks op der Streck, alles dréit sech ronderëm den Affekt. D’Kand as Kinnek, op alle Pläng. Säi Wonsch ass eis Befehl. Et kritt ni “neen” gesot an esou léiert et net, mat engem u sech gesonnte Frust ëmzegoen. Et kritt och ni gesot, datt een sech am Liewen muss ustrengen, well dat kéim jo schonn enger Kannermësshandlung gläich!

An esou léiert d’Kand och net, sech ze revoltéieren, fir vun den Eltere lass ze kommen. Et kann een nun emol keng Revolte lancéieren, wann d’Elteren mat allem averstane sinn. Wéi déi Jonk virun 20 Joer hiren Nuebel an der Ëffentlechkeet gewisen hunn, ass e puer Wochen drop d’Mammi grad esou doruechter gelaf, aus Solidaritéit zu der Duechter. Idem mam Fierwen vun den Hoer: och Bomien loossen sech d’Fliichten moof, gréng a giel noenee riichten an de Pappi dréit houfereg Tattoo a Piercing.

D’Fransousen hunn dofir en neit Wuert erfonnt: l’adulescent. Seng Definitioun: Jeune adulte dont le comportement rappelle celui des adolescents. Also e jonke Mënsch, dee kannereg bliwwen ass an dat och laang bleift. Hie refuséiert, sech an d’Liewen ze geheien, Saachen auszeprobéieren, iergendwellech Verantwortung ze iwwerhuelen! Mat der Pandemie huet sech dorausser eng allgemeng Flemm entwéckelt.

En anere Sondage huet erginn, datt 41 Prozent vun de Fransousen sech no enger physescher Ustrengung midd fillen. Kee Wonner! Ëmmer méi Bierger hu sech zu Sesselfurzer entwéckelt, immobil doheem bei Tëlee, Laptop, PC a si waarden op hir Pizza, déi se bestallt hunn. Deene Jonken vun haut hir Longecapacitéit goung ëm e Véierel zeréck par Rapport zu de Jugendlechen aus den 90-ger Joer. A verschiddene Länner wéi an Amerika geet d’Liewenserwaardung dowéinst schonn zeréck!

An esou huet eis den Télétravail an de Krom gepasst. Virun zwee Joer waren zu Recht Reportagen an de Medien, fir drop hinzeweisen, datt d’Aarbecht Doheem nach laang net fir all Stot agreabel war. Haut allerdéngs vermëssen ech Reportagen iwwer d’Schwieregkeeten an de Betriber, zeréck an d’Normalitéit ze kommen, mat maximal engem Dag Télétravail d’Woch. A Frankräich goufen et tëscht Juli an Enn September ëmmerhin bal 9000 Defaillancen, Betriber déi entweder Faillite gemaach hunn oder kuerz virdru stinn.

Dacks heescht et, grad den Télétravail hätt hinnen d’Genéck gebrach. Et wär schwéier, de Salarié fir d’Aarbecht ze motivéieren. Hien ass flemmseg ginn, hätt gären seng Rou. Dobäi ramoléiert den Télétravail net nëmmen déi sozial Kompetenzen vum Mataarbechter, ma d’Gehier allgemeng.

D’Liewen kritt een nëmmen eemol geschenkt. Geet et wierklech duer, dat Liewen laanscht säi Bett a säi Canapé zéien ze loossen?!

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Eng perfekt Analyse mat Résumé vum (trauregen) Ist-Zoustand!
    Schéin Här Kaiser datt mir nach aner Zäiten erliewt hunn, wou ee sech nach huet d i e r f e n ustrengen fir säi Wee ze goen – net digital, mä nach “analog”, an enger real existéierender Welt mat realexistéierende Mënschen , déi nach normal mateneen kommuniquéiert hunn a wou d’Leit sech nach gegesäiteg gehollef an ënnerstëtzt hunn. Haut ass dat ganz anëscht, souwuel an der Beruffswelt, wéi och am Privaten. Mir liewen an enger a-sozialer Welt vum egozentrëschen Homo digitalis, déi ëmmer méi Individualiste “produzéiert”, déi eenzeg an aleng hiren Ego pfleegen a wou keng Plaz méi fir Solidaritéit, Respekt an Zesummeliewe bleift. Bref, eng arem Welt, an där d’Leit no Schema “1984” fonktionéieren a liicht ze beherrsche sinn…de Wee dohin ass virgezeechent, déi (net nëmmen elektronësch) Instrumenter gi radikal agesat! An déi allermeescht friesse Kräid an akzeptéieren alles…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *