Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Kleng Rëss am Impfkult 

Kleng Rëss am Impfkult
Photo de cottonbro: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/art-tete-coffre-portrait-3952240/

 

D’Pandemie vu virun 2 Joer gëtt a verschiddene Medien nei opgekacht. Nach laang net an allen. Ma nei Erkenntnisser – oder éischter -Geständnisser- vum Pharmakonzern Pfizer werfen dach Froen op. Ugefaangen huet et viru 14 Deeg am Europaparlament, leider duerch d’Fraktioun vun de Konservativen an de Reformer, déi dach gréisstendeels rietspopulistesch ënnerwee ass. Et heescht also, duebel oppassen!

Den 11. Oktober hat eng Managerinn vu Pfizer virun enger Spezialkommissioun am EU-Parlament confirméiert, datt an der Zäit de Vaccin – wéi hien op de Maart koum-net op seng Effikassitéit getest gi war, d’Verbreeden vum Covid-Virus ze verhënneren. Do staunt een…an och net. D’ARD berouegt direkt a kontert: dat ass net nei an dat war och ni behaapt ginn.

Eng parlamentaresch Fro kënnt elo vum hollännesche Politiker Robert Roos aus där europäescher Fraktioun, déi wéi gesot rietspopulistesch ass a gläich vun enger Impflijje schwätzt. An hie freet: War der Europäischen Arzneimittel-Agentur (EMA) und damit auch der Kommission bekannt, dass Pfizer/Biontech seinen Impfstoff vor der Markteinführung nicht darauf testen lassen hat, ob der Impfstoff die Übertragung des Virus verhindert? 

D’Fro ass berechtegt. Si hätt eigentlech virun engem décke Joer musse gestalt ginn. Vun de Medien koum  an deem Sënn näischt, et wollt een op kee Fall aus der Rei danzen, fir an den Eck vun de Schwurbeler gestach ze ginn! Dobäi war de Message deemools kloer wéi Boulette’s-Zopp:

gouv.lu

D’Impfung reduzéiert also de Risk, datt ech mech selwer ustiechen. A wann ech mech net ustiechen, kann ech och net de Covid verbreeden, oder?! An där Logik goung also och déi lëtzebuerger Regierung dovunner aus, datt d’Impfung mat dozou bäidréit, de Virus an der Gitt ze halen. An där nämmlechter Logik och den Impfpass, wou allerdéngs korrekterweis ëmmer derbäi gesat gouf, datt een och mat Impfung de Covid kann erwëschen, an also een anere domadder ustiechen.

An deem Sënn och hätt een Ament sollen d’Impfflicht kommen, wéinstens a verschiddene Secteuren, wéi zum Beispill am Gesondheetswiesen. Iergendwéi plausibel, ëmmerhin geet een als Patient an d’Klinik fir gesonnt ze ginn an net, fir vun enger Infirmière ee Virus zougehaucht ze kréien. Schützt Iech an Är Matbierger!

Photo de CDC: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/gens-femmes-portrait-professionnel-3993211/

A schliisslech: goufen net d’Impfgéigner moralesch fäerdeg gemaach?! Wuelverstanen, ech schwätzen vun deene Verstännegen. Kruten net grad si virgehäit sech net solidaresch an der Gesellschaft ze behuelen, sech aus purem Egoismus net picken ze loossen an esou eng Gefor fir déi aner duerzestellen? E verantwortungsvolle Bierger behëlt sech aneschters!

et geet net drëm, de Vaccin als sollech a Fro ze stellen. D’Statistiken hu kloer gewisen, datt duerch d’Impfen d’Zuel vun de schroen Krankheetsverleef a vun den Doudesfäll staark zeréckgoung. D’Behaaptung allerdéngs, de Vaccin géing géint Ustiechen schützen, war zu deem Ablack falsch, well wëssenschaftlech net beluecht. Wann elo a posteriori Etude gemaach ginn déi d’Effikassitéit op deem Punkt confirméieren, kann ech nëmme soen: ëmsou besser.

D’ARD schreift dozou: Das Problem bei solchen klinischen Studien sei jedoch gewesen, die nicht symptomatischen Infektionen zu überprüfen. Dat liicht an, well sos hätten déi 40.000 Probanden, also Versuchskandidaten musse reegelméisseg e PCR-Test maache loossen. D’Sprétz huet zu 80 bis 90 Prozent virun asymptomateschen Infektiounen geschützt. E gudd Resultat, dat allerdéngs eréischt an Etüden duerno konnt nogewise ginn.

D’Verspriechen, wéi mir an den Impfzenter goungen, war zu deem Ablack eng Loftblos. An déi Behaaptung war d’Fëllement vun der Impfcampagne. Firwat hu mir sos den Impfpass krut? Et war eng gesellschaftlech Berouegungspëll: ech sinn geimpft, also sinn ech ee méi klenge Risikofacteur; ech stieche mech selwer net esou séier un a kann deementspriechend d’Krankheet net verbreeden.

Ech kommen ëmmer nees zu der Konklusioun: d’Wëssenschaft an d’Politik waren vrun zwee Joer komplett iwwerfuerdert, stoungen ënner enormen Drock…an hu Feeler gemaach. Dat ass eng Feststellung, kee Virworf. Et wier allerdéngs komplett irresponsabel, wann op deenen zwou Säiten net géing e Bilan gezu ginn fir am Fall vun den nächster Pandemie net nach eemol déi nämmlecht Feeler ze maachen.

Et wier och am Sënn vu méi Transparenz, grad fir eng Demokratie e wichtegen Vitamin!

Related posts

2 Comments

  1. Frank Bertemes

    “…goufen net d’Impfgéigner moralesch fäerdeg gemaach?! Wuelverstanen, ech schwätzen vun deene Verstännegen. Kruten net grad si virgehäit sech net solidaresch an der Gesellschaft ze behuelen, sech aus purem Egoismus net picken ze loossen an esou eng Gefor fir déi aner duerzestellen? ”
    Ganz genee dat, Här Kaiser!
    An dat war dat eigentlech Schlëmmt an där praktëscher Ëmsetzung vum bekannten “divide et impera”, wat grad ganz infekt vun “offizieller” Säit agesat gouf: déi (falsch verstane) “Solidaritéit”, een Terminbus, dee besonnësch vu Leit gebraucht ginn ass, déi net emol wëssen, wéi dat Wuert iwwerhaapt RICHTEG ze verstoën ass-jiddefalls net am Zesumenhang mat enger “Impfung”, déi sou Munche scho gären als “Impfpflicht”, jo “Impfzwang” ëmgesat gesinn hätt – an dat haut nach! Et ginn net fir näischt kritësch Wëssenschaftler, déi elo nach vill méi däitlech virun deenen mRNA – Impfstoffer warnen- mä grad dat war d’Absicht : ee Feldversuch mat mRNA, fir déi duerno generell an allen Impfstoffer anzesetzen! Well ech awer versichen, ee Mënsch ze sinn, dee seng dräi Gehiirzellen ze notze versicht, war ech vun Ufank un – an ech war ni géint Impfunge generell! – hei ganz skeptësch – fir mech net! An elo, nodeems och ech positiv getest war a just ee liichten Houscht hat – no fënnef Deeg (no strikter Isolatioun, et repektéiert ee jo seng Matmënschen!) rëm negativ getest an ouni weidere Problème – denken ech net drun, méch géint COVID 19 “impfen” ze loossen – ech war ëmmer fir eng allgemeng Immunitéit mëttels “Durchseuchung”. Meng perséinlech Prophylax huet mir vill gehollef – an dat well zanter Joren! Firwat soll ech eppes dorun änneren?
    Eis Regiirungen hätte besser, sech fir eng allgemeng besser Gesondheet anzesetzen( cf. Loftverpeschtung – déi absolut gréisst Bedrohung fir eis all!) anstatt sech dem Wëlle vun der Pharmaindustrie z’ënnerwerfen, dat géif eis all vill méi notzen, wéi déi Panik hei!
    A bon entendeur?
    Kaum…

  2. Guido Gennen

    Lorsque le concept de la solidarité est utilisé par un régime totalitaire, a savoir le scientisme, je le perçois comme une manipulation. Il est trop facile de mettre à ce moment les esprits critiques au pilori en les accusant de contribuer au mal qui est à combattre. Cela ressemble au discours fachiste .

    Je suis d’accord avec M. Bertemes quand il demande que l’effort soit orienté à améliorer la santé de la population et ainsi augmenter la défense immunitaire naturelle de chacun. Hygiène alimentaire, corporelle et mentale devraient être le maître mot. La presse est particulièrement destructive de l’hygiène mentale car son message est systématiquement anxiogène. Or, la peur a une influence négative sur notre système immunitaire.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *