Gëtt déi Europäesch Zentralbank hirer Roll nach gerecht?

0
328
Frankfurt am Main, Hesse, Germany.

D’EZB soll u sech fir Präisstabilitéit suergen. Dat heescht, fir eng Inflatioun vu plus/minus 2 Prozent an der Eurozon. Den Ament läit se allerdéngs fir de September ëm déi 10 Prozent, also zweestelleg! Esou gesinn hunn si zu Frankfurt-am-Main näischt verstanen. Eigentlech ass d’EZB awer schonn zanter iwwer enger Dosen Joer am Feeler, respektiv si huet sech an deen Eck dreiwe gelooss, bedéngt duerch déi wirtschaftlech a finanziell Aktualitéit.

Zum Beispill d’Finanzkris 2008 mat hiren Auswierkungen an de Joer duerno haaptsächlech an enger Partie südleche Länner, dorënner Griechenland an Italien. Dës Länner waren deemools quasi faillite. Eigentlech hätten si mussen aus der Eurozon erausgepucht ginn, ma dat wollt keen. De räichen Norden géint den aarme Süden, souzesoen och eng Zort Krich. Als Erënnerung: an enger Rei Memberlänner gouf d’Angela Merkel mam Hitler verglach. Du jamais-vu! Als räicht Land souz d’Bundesrepublik um laangen Hiewel an huet als Terminator gegollen vun de wirtschaftlech schwaache Länner.

Germany, Hesse, Frankfurt on the Main, 03.02.2015, European Central Bank ECB with banks Skyline, View from the Bridge Honselmann

Also huet d’EZB hier Imprimerie ugeschmass a massiv Geld gedréckt. De Leetzëns louch Joerlaang an nach bis viru Kuerzem bei Null Prozent. Vill Länner hunn sech enorm verschëllt, sech kee Fatz méi un d’Spillreegelen gehalen, déi si selwer fir de Fonctionnement vun der Eurozon opgesat haten. Mat der Pandemie huet sech déi finanziell Situatioun vun der ganzer europäescher Unioun zousätzlech verschlechtert. Ma och hei huet op en Neits de Slogan geheescht: et kascht, wat et kascht, och wa mir eis et net leeschte kënnen.

Weidert Zouspëtzen duerch de Krich an der Ukrain, respektiv duerch d’Energiepräisser! D’Länner loossen hir Bierger net am Reen stoen an deckelen dës Präisser. Wat näischt aneschters ass ewéi eng Interventioun vum Staat op de marché. De Staat iwwerhëlt d’Onkäschten, de Staat brauch Suen, de Staat verschëllt sech, d’EZB geet nees an de Keller a léisst d’Gelddréckerei usprangen.

An der Tëschenzäit sinn iwwer een Drëttel vun den Euro-Länner an där delikater Situatioun, datt si riskéieren, hir Staatsscholden net méi stemmen ze kënnen. An anere Wieder: si stinn op en Neits um Bord vun der Faillite! Déi europäesch Zentralbank selwer ass net frou iwwer déi rezent staatlech Subventiounen. Et wär zwar normal, datt e Staat probéiert, senge Bierger ze hëllefen, ma si meckert, datt déi Hëllefen dacks ze vill mat der Strenz gemaach ginn, also net genuch zilorientéiert; déi finanziell Ënnerstëtzung sollt wierklech just un déi Persoune goen, déi et batternéideg hunn! Dat wat elo am gaangen ass ze geschéien, géing d’Inflatioun just weider unhëtzen.

D’EZB huet natierlech Recht, ma si muss sech selwer de Virworf gefale loossen, dat Ganzt selwer vill ze vill laang schleefe gelooss ze hunn. An der Tëschenzäit hunn nämlech vill Leit sech eng Wunnecht kaf, zwar fir deiert Geld wéinst dem Immobiliësecteur, zugläich fir bëllegt Geld wéinst den nidderegen Zënsen. D’EZB war sech dees scho méi laang bewosst an huet aus där Ursaach bewosst d’Zënsen net eropgesat. Eng Partie Leit wäerten elo déck Schwieregkeete kréien beim Remboursement vum Prêt. Ma d’Zentralbank ass an enger Situatioun wou hier keen anere Choix bleift! Dat ass keng Zeitenwende, dat ass eng Zinswende.

Wien fir eng Wunnecht 600.000 Euro op 30 Joer léine geet, huet bis gëschter net grad 300.000 Euro Zënsen bezuelt. D’Mensualitéiten goungen a ginn kräfteg erop. Eng Partie Leit déi e Prêt lafen hunn, an zwar am taux variable wäerten ewechfueren wéi Kluckendreck. Si packen déi Hausse net, riskéieren an d’Aarmut ze glëtschen. Dees war an ass sech d’EZB bewosst, et war eng vun den Ursaachen, firwat si esou laang – ze laang?- den Taux bei 0% gelooss huet.

paperjam.lu

Elo muss alles nogeholl ginn, an zwar séier! Eng weider Hausse vun 0,75% vum Leetzëns gouf decidéiert an et dierft eng zousätzlech Hausse bis d’Enn vum Joer derbäi kommen. De Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank Gaston Reinesch weess dat a probéiert ze berouegen. D’Zënshaussën wäerten d’Wirtschaft mëttelfristeg stabiliséieren, sot hien als Invité op Radio Lëtzebuerg. Wann et alt ass!

Matt deenen Haussen soll manner Geld op de Marché kommen, domadder géing d’Inflatioun zeréckgoen. Dat ass d’Theorie. Ma zugläich bedeit dat, datt eng Rezessioun op eis duerkënnt. An net ze vergiessen d’Produktiounskäschten déi enorm klammen -ë.a. duerch d’Energiepräisser- an elo schonn bei plus 46% an Däitschland ukomm sinn.

Ënnert dem Stréch wäerten et wéi no all Kris Gewënner a Verléierer ginn an eng Partie Leit wäerten méi aarm sinn! An d’Vertrauen vun de Bierger an déi Europäesch Zentralbank geet deementspriechend an de Keller. De lëtzebuerger Staat – an och anerer- spillt elo schonn Caritas: 48 Prozent vu sengem Budget ginn an dat Soziaalt; méi schwaach Länner packen dat net…et sief, si maachen zousätzlech Scholden an d’EZB ass zu engem neie Flirt mat der Erfindung vum Gutenberg gezwongen….

wikipedia

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here