Recent Posts

Post Categories

E puer Lektiounen aus der Pandemie 
5 Joer sinn et hier, datt d’Welt sech mat engem Lockdown agespaart huet. Näischt goung méi am ëffentleche Liewen: a ville...
Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...
Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit! 
Alles wat iwwer 50 Prozent läit, ass an der Politik eng Majoritéit. Et kann awer och de Spunnes mat der...
Frank Bertemes: Die CSV und die irenische Formel 
“In dem Begriff soziale Marktwirtschaft liegt die Betonung auf dem Wort sozial.” Julius Raab Julius Friedrich Raab (* 29. November 1891 in St. Pölten, Niederösterreich; † 8....

Blog Post

Featured

ONG: Regierungsonofhängeg, Regierungskritesch? 

ONG: Regierungsonofhängeg, Regierungskritesch?
Photo de RDNE Stock project: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/nourriture-aliments-amour-entrepot-6646863/

Eigentlech hätt ee scho kënnen driwwer schwätze wéi d’CARITAS de finanzielle Kollaps erlieft hat, ma elo huet d’Diskussioun bequemerweis an Däitschland ugefaangen, mat kengem aneren wéi mam désignéierte Kanzler Friedrich Merz. Et geet ëm d’NGO oder ëm d’ONG, also ëm Organisatiounen déi onofhängeg sinn vun der Regierung. Bei eisem Noper hat d’CDU doriwwer méi ewéi 550 sougenannte kleine Anfragen  am Bundestag stelle gelooss. Mussen esou vill där Organisatiounen staatlech subsidéiert ginn? D’Gauche an déi Gréng sinn iwwer déi Froestellung katastrophéiert. Dobäi handelt et sech tatsächlech dacks ëm Etiketteschwindel!

Wikipedia zielt d’Haaptcritèren op vum enger ONG:

  • le but non lucratif de son action ;
  • l’indépendance financière ;
  • l’indépendance politique ;
  • la notion d’intérêt public (d’utilité publique).

Wéi kann ee sech ONG nennen, wann ee massiv Suen vun der Regierung zougebottert kritt, fir iwwerhaapt kënnen ze existéieren?! Déi Denominatioun ass a ville Fäll wéinstens zum Deel falsch, entsprécht net der Realitéit: ronderëm d’Welt ginn ONGen vun der ëffentlecher Hand gefiddert, vun enger finanzieller Onofhängegkeet kann een also net grad schwätzen, deementspriechend grad esou wéineg vun enger politescher Onofhängegkeet. Et hëlt een déi Suen déi ee kritt an et fënnt een e modus vivendi mat der Regierung. Am Noutfall ginn aner Weeër gesicht.

Do gëtt et zu Lëtzebuerg d’Initiative pour un devoir de vigilance. Si setzt sech an fir..: Les entreprises transnationales domiciliées au Luxembourg doivent garantir qu’elles respectent les droits humains internationalement reconnus1, les normes de travail2 ainsi que les accords et les dispositions environnementaux internationaux non seulement au Grand-Duché mais aussi à l’étranger. Uganks Februar huet si an der Ëffentlechkeet d’Trommelen erausgeholl fir datt Lëtzebuerg eng europäesch Direktive an nationaalt Recht iwwerhëlt. Dobäi ass déi Directive scho nees am gaangen, reforméiefrt ze ginn.

“Et geet duer mat ‘Business First’ an de Liwwerketten”

….war d’Iwwerschrëft op RTL.LU nom Motto: all zesumme géint de béise Patron! Ass u sech ok, ma et ass méi interessant, e bësselchen hanner de Rideau luussen ze goen. An där Initiative pour un devoir de vigilance si Vertrieder aus net manner ewéi 15 Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft: Action Solidarité Tiers Monde, Aide à l’enfance en Inde et au Népal, Amnesty International Luxembourg, Association luxembourgeoise pour les Nations Unies, Cercle de coopération des ONGD, Comité pour une Paix juste au Proche-Orient, Commission luxembourgeoise Paix et Justice, Etika, Fairtrade Lëtzebuerg, Frères des Hommes Luxembourg, Greenpeace Luxembourg, OGBL, OGBL Solidarité syndicale, Partage.lu, SOS Faim Luxembourg.

Vun deene 15 Associatiounen sinn der eng ganz Partie staatlech subventionéiert, ma et ginn Ausnamen, wéi Greenpeace zum Beispill. Op hirer Internetsäit heescht et: Le financement de Greenpeace Luxembourg est assuré à 100% par ses donateurs individuels et privés. Notre fondation refuse toute contribution financière d’entreprises et toutes subventions publiques afin d’agir en totale indépendance, sans contrainte et en toute transparence. Dat ass luewenswäert. Den Ament kämpft d’Organisatioun ëm d’Iwwerliewen a mécht nees en Appel un hir Donateuren. Also tatsächlech eng ONG!

gkonline

Da ginn et ONGen gewerkschaftlecher Natur. Den OGBL- solidarité syndicale krut vum Papa Staat reegelméisseg tëscht 400.000 a 500.000 Euro, fir verschidde Projeten am Cap-Vert an a Bolivien; zejoert goung déi Participatioun erof op 144.398,90 Euro, ronn d’Hallschecht vun deene Suen waren iwwregens detournéiert ginn.

Bei Amnesty International variéiert d’Ënnerstëtzung tëscht engem strikte Minimum bis hin zu 120.000 Euro, je no Projet. Pour une paix juste au Proche-Orient krut zejoert net grad 600.000 Euro. Gutt zerwéiert och Fairtrade Lëtzebuerg, déi all Joer bei iwwer 750.000 Euro läit.

All hunn ech déi Organisatiounen net duerchkämmt. Et geet mir och net drëm, d’Aarbecht vum Benevolat schlecht ze rieden, Sënn an Zweck vun deene Subsiden ze hannerfroen, ma drop hinzeweisen, datt d’Etiquette ONG, also net Regierungsofhängeg Organisatioun net ëmmer esou ganz eescht ze huelen ass. Déi meescht vun hinnen géingen ouni staatlech Subventiounen net laang iwwerliewen. An esou halen sech déi 15 Organisatiounen un eng gewësse Retenue, kommentéieren a kritiséieren net (all ze vill) d’Politik vun der Regierung, nom Motto: et späizt een net an déi Zopp vun där ee selwer matësst!

Well een awer d’Waasser net kann anhalen, geet een hin an et hëlt een eng zousätzlech Organisatioun an d’Daf, wéi eben dës Initiative pour un devoir de vigilance. Dës Initiative kritt kee Su vum Staat, also ass een tatsächlech onofhängeg an et brauch een sech net mat ëffentlecher Kritik zeréckzehalen. Datt an där Initiative Vertrieder sëtzen aus de genannten ONGen – also vum Staat gedroen- schéngt net weider wichteg ze sinn.

Iergendwéi hunn ech d’Gefill, wéi wann dat dote moralesch net ganz opgeet, oder?!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *