Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Aussepolitik

Flüchtlingen aus der Ukrain 

Flüchtlingen aus der Ukrain
Luxemburger Wort

Honnertdausende Leit hu schonn hir ukrainesch Heemecht verlooss a sech an den Nopeschlänner a Sécherheet bruecht. Warscheinlech zéien der nach vill no,gerechent gëtt mat 4 Milliounen. Op der Televisioun gesi mir dann nees Biller, déi un 2015/16 erënneren, wéi iwwer eng Millioun Leit an der Haaptsaach aus Syrien an d’Europäesch Unioun koumen a fir grousse Chaos gesuergt haten. Et kann een Parallellen zéien, ma et ginn och grouss Ënnerscheeder.

ndr.de

Ech erënneren drun, wéi eisen éiwegen Ausseminister Jean Asselborn sech deemools heiheem an och dobaussen geiergert huet, datt d’Memberlänner sech net konnten op e Verdeelerschlëssel eenegen. En Dokument also, an deem festgeluecht ass, wéi vill Prozent vun de Flüchtlingen ënnert den eenzele Länner opgedeelt ginn. Déi Diskussioun war viru 7 Joer. Geschitt ass bis haut guer näischt.

Et ass wéi esou dacks: wann de Mënsch e grousse Probleem virun An huet, dann dréckt hien dee mol op d’Säit. De Problem ass net méi do, verschwonnen ass hien allerdéngs och net. Wann an enger net ze wäiter Zukunft Millioune Leit aus afrikanesche Länner an Europa kommen, wäert hien sech nees weisen. An zugläich klëmmt op en Neits de Risk vu rietsem Radikalismus, bei enger Minoritéit vu Leit vu Faschismus

Déi ablécklech Situatioun ass allerdéngs eng komplett aner. An dat ass och gutt esou!

Grad e Land wéi Polen iwwerrascht! Dat Land, dat viru 7 Joer net een eenzege syresche Flüchtling bei sech wollt ophuelen – och net, wann hien zéngmol Zänndokter gewiescht wär!- weist sech am Fall vun der Ukrain äusserst mënschlech. Stonnen no der éischter Granat stoungen se zu honnerten op de Grenziwwergäng, fir d’Ukrainer ze begréissen, hinnen ze hëllefen, hinnen en Ënnerdag ze organiséieren, hinnen eppes z’iessen an ze drénken ze ginn. Schéi Biller aus gräisslechen Zäiten!

focus.de

Dee krassen Ënnerscheed am Verglach zu der Situatioun vu viru 7 Joer huet an der Haaptsaach dräi Explikatiounen. 1. D’Ukrain ass dat direkt Nopeschland. Schonn virum Krich hunn ronn eng Millioun Ukrainer a Polen geschafft a gelieft. Et kennt een sech also. 2. D’Ukrain war grad ewéi Polen – a vill aner Länner aus dem Osten- an der Zäit Member vum Warschauer Pakt. Dat Land wëll elo EU-Member ginn; Polen mat deem nämmlechten historeschen Hannergrond fillt do mat. 3. Déi ukrainesch Mentalitéit, hir Manéier fir ze denken an ze liewen, ass villäicht net identesch mat Polen, der Slowakei, de baltesche Länner, ma läit net esou wäit aus de Féiss!

An anere Wieder: d’Polnesch Leit rechnen net mat engem Kulturschock. Et huet een sech unenee gewinnt, et kann ee matenaner schwätzen. Déi Millioun Ukrainer déi a Pole liewen, schéngen integréiert ze sinn: si schaffen do, fir sech eng Existenz opzebauen. Polen eleng kann natierlech net all d’Flüchtlingen bei sech ophuelen, et wäerten der och vun Däitschland, Frankräich…a vu Lëtzebuerg opgeholl ginn, an ech si mir sécher, datt d’Gejäiz vill manner haart dierft ausfalen.

Iwwer 1000 Ukrainer hu virum Krich am Grand-Duché gelieft. Net onmoosseg vill, déi klengsten auslännesch Communautéit bei eis am Land. Déi mannste vun eis géingen sech dru stéieren, wann der géinge bäikommen, fir op bestëmmten Zäit oder fir ëmmer- dat hänkt vun der Evolutioun mat Russland of. Ma bei eis feelt et jo souwisou un Aarbechtskraaft.

Ech war haut an de Supermarché. D’Caddien ware gutt mat Waasserfläschen gefëllt. Donieft vill Genuddels, Räis, jee, Saachen déi sech laang halen. An engem Caddie gesouch ech 10 Tute Lënsen! Et schéngt mir, wéi wann d’Gehammsters géing ufänken. Dobäi gouf ëmmer getéint, mir wären déi éischt Generatioun, déi kee Krich an Europa déit erliewen. Fake News! Et ass schonn deen Zweeten!

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    Nett nëmmen, dass d’Polen an d’Ukrainer sech zum Deel kennen, mä et sin jo och d’Fraen an Kanner déi eriwwer kommen. D’Männer mussen am Land bleiwen, dierfen net eraus, an gin souzesoen gezwongen fir d’Kalaschnikow an de Grapp ze huelen.
    Aus Syrien sin jonk Borschten an Männer geflücht, mat enger ganz anerer Mentalitéit…. iwwerdeems d’Fraen doheem souzen ze warden…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *