Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

Jeannot Weber: Brauche mir esou eng Landwirtschaft ? 

Jeannot Weber: Brauche mir esou eng Landwirtschaft ?
Jeannot Weber

Et ass Wanter, et ass déi Zéit wou besonnesch vill Natur zerstéiert oder massakréiert gëtt.

Esou och bei Giewel an der Gemeng Käerch wou gläich zwee Beem sech elo a Loft opgeléist  hunn.

Virdrun

Virdrun
Jeannot Weber

  

Duerno

Duerno
Jeannot Weber

  

Eng schéin Houbich vun iwwer 150 Joer ass einfach ewech gemaach ginn. Et schéngt, dëse Bam huet genervt oder gehënnert, fir eng Afaart zu enger Wiss méi breet ze maachen. Och en anere Bam ass lo fort, e Bam deen nach virun e puer Joer gesond a monter war an elo op engem Streech säi Liewenskampf verluer huet.

Jeannot Weber

 

 

Kuckt een sech Loft -Bild vun 2004 vun dësem klengen Eck bei Giewel un, da gesäit een wéi vill Beem do eleng bis Haut verschwonnen, de Rescht all an engem schlechten Zoustand sinn, a vun neie Beem oder soss wäit a breet näischt ze gesinn ass. Jo, da brauch e sech net iwwer eng Kris an der Biodiversitéit ze wonneren.

 

Jeannot Weber
Jeannot Weber

  

Och e bësselchen weider tëschent Giewel a Gëtzen sinn Eechen “behandelt” ginn. An enger u sech ausgeraumter Landschaft hu si genervt, an elo sinn se massakréiert ginn .

Jeannot Weber

.

Oft gëtt jo vun de Baueren hirer Säit drop higewisen, wéi wichteg si fir eis Gesellschaft  an Ernierung sinn. Ma ech perséinlech gleewen net, datt mir esou eng Landwirtschaft brauchen déi keng Récksiicht op Natur an Ëmwelt hëlt!

Fir eng gesond an divers Versuergung u Liewensmëttelen wéi den Erhalt an de Schutz an Renaturéiere vu eiser Natur- a Kultur -Landschaft brauche mir duerchaus eng Landwirtschaft, awer keng Landwirtschaft déi weider esou mécht wéi wann alles an der Rei wier.

Landwirtschaft vermësst haut e Verständnes vun eiser Gesellschaft fir hir Problemer, a fuerdert méi eng grouss Solidaritéit mat hinnen.

Ënnert de Baueren selwer ass Solitariteit grouss, dëst ass eigentlech gutt.

Ma eng falsch Solidaritéit, déi ass kontraproduktiv a si schued der Landwiertschaft insgesamt.

Genee esou wéi bei de Protester vun den däitsche Baueren déi sech vun engem Rietse Pak distanzéiert hunn, brauch et och bei eise Bauere méi eng Kloerheet an een Distanzéieren vun deene Leit an hire Reien, déi Natur an Ëmwelt net als Basis vun der Landwirtschaft gesinn.

Déi meescht Bauere probéieren sech korrekt vis- a-vis vu Natur an Ëmwelt ze verhalen. Jo, et ginn der ëmmer méi déi souguer ganz aktiven Naturschutz leeschten.

Mee all Bauer als Ëmwelt- oder Naturschützer ze gesinn, dat stëmmt och bei Giewel net.

Related posts

1 Comment

  1. Roland Houtsch

    Ganz schwaachen Text … ugefaang dermat, datt déi Beem jo net ouni Geneemegung gehae goufen an datt dat kee politesche Statement war.
    Fakt ass awer och datt d’EU eis op enger obskurer Lëscht Insekten an d’Iesse mësche léisst … an zwar mam erklärten Zil, de Methanausstouss ze reduzéieren wéinst dem Klimawandel.
    Baueren grad wéi Jeeër sinn och net prioritàr do, fir Natur an Ēmwelt ze schützen .. si sinn do fir eis ze ernieren. A mir hunn eis Populatioun als Land an 30 Joer verduebelt.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *