Et schéngt esou einfach ze sinn, direkt virun eiser Dier hu mer vill Bëscher an do wiisst Holz, dat een jo kann als Energie Quell notzen ? An de Bëscher leien och grad lo vill Beem déi duerch Stierm ëmgeheit si ginn, Beem déi der Dréchent vum Klimawiessel ënnerleeë sinn. An eise Bëscher ass also masseg Holz wat mer kéinten zur Energieversuergung notzen, ëmsou méi wou déi aner Energien esou deier sinn.
Holz verbrennen huet bei eis zu Lëtzebuerg eng grouss Traditioun. Bis an d’80ger Joren hunn an den Dierfer, Leit nëmme mat Holz a Briquetten gehetzt an gekacht. Holz verbrennen an engem Uewen, am offenen Kamäin , oder Kachmaschinn dat huet haut eppes vun enger wëller Romantik. Holz ass och Jore laang als eng ëmweltfrëndlech an nohalteg Energiequell ugesinn ginn.
Dowéinst hunn ech och nieft enger Gas Heizung, laang Holz an engem Uewen a menger Stuff verbrannt. Ech hu Beem déi ech vum Fieschter proposéiert krut a kaf hunn selwer zu Brennholz gemaach. Ech war esou bis Ufanks vun dem neie Joer Dausend am gudden Glawen mat mengem Mix aus enger moderner Gas Heizung ënnerstëtz mat verbrennen vun Holz, ekonomesch wei och ekologesch eng gutt Léisung fonnt ze hunn.
Am Wanter ass mer awer oft Owes dobaussen an den Dierfer eng schlecht Loft Qualitéit opgefall. Besonnesch do wou Holz verbrannt ass ginn, huet et jee no der Wiederlag richteg gestonk. Wei ech mech dunn méi iwwert d’Verbrennen vum Holz informéiert hunn, ass mer ëmmer mei kloer ginn, datt dat Verbrennen vun Holz en negativen Impakt fir de Mënsch an och fir de Bësch selwer huet.
Eleng wat d’Gesondheet ubelaangt, entsteet beim Verbrennen vun Holz ee sougenannte *„Feinstaub “ “ eppes wat ëmmer méi an eiser industrialiséierter Welt sech als eng grouss gesondheetlech Belaaschtung erausstellt. Dëse „Feinstaub “ besteet aus extrem klengen Partikelen déi déif an eise Kierper kënne kommen. Beim Verbrennen vun Brennholz entsti souguer ultrafein Russ Partikelen , déi als kriibserreegend agestuuft sinn, an och Asthma, Allergien, Häerz Kreeslaf an divers Otemwee Erkrankungen kennen ervirruffen.
Beim Verbrennen vun Holz entsteet also oft eng Gefor fir Gesondheet vun de Leit. Laut dem däitschen Umweltamt huet 2020 Holz Verbrennung bei de privaten Haushalter mat 18 Prozent „Feinstaub “ Emissiounen bal esou vill ausgemaach, wie de gesamte Stroosseverkéier, an dat eleng an de Wanterméint.
Jo am Damp aus der Verbrennung vun Holz sinn Honnerten vu gëftegen Verbindungen dorënner och Dioxiner an Furane, et sinn mat déi gëftegst Verbindungen déi an der Wëssenschaft bekannt sinn, mat enger enormer Auswierkung op d’Gesondheet vum Mënsch. 70 Prozent vun den Dioxin Emissiounen entsti laut dem éisträicheschen Umweltamt duerch ee schlecht Hëtze mat Holz!
Besonnesch schlëmm ass wann d’Holz net laang genuch gedréchent ass.
Frëscht Brennholz huet e Waasser Undeel vun 40 bis 50 Prozent. Frëscht Brennholz duerf och an villen Länner net direkt verbrannt ginn , fir esou de schiedlechen Qualm a „Feinstaub “ ze begrenzen.
Eis däitsch Noperen versichen säit Joeren den schiedlechen Impakt de nun mol beim Verbrennen mat Holz entsteet ze minimiséieren. Dofir hunn se eng Rei Gesetzer a Reglementer a Kraaft gesat, a säit Ufank 2025 gëllen nei Emissiounswäerter fir de „Feinstaub “ Elo duerfen al Holz- Iewen , oppe Kamäiner oder Holz Heizungen net mei wei véier Gramm Kuelemonoxiden pro Kubikmeter Ofgas an 0,15 Gramm „Feinstaub “ pro Kubikmeter Ofgas auszestoussen. Dat bedeit dat elo all Zorten vun Holzuewen – ob al oder nei elo- e „Feinstaub “ -Stopfilter mussen hunn. Kontrolléiert gëtt dëst all Joer vum Schaschtechbotzer, dee muss all Verstéiss mellen, an Déi di mengen ouni Filter weider ze hëtzen, déi kënne mat enger Strof bis zu 50.000 Euro rechnen.
A wei gesäit et zu Lëtzebuerg aus ?
Ob der Internetsäit vun der Ëmwelt Verwaltung hunn ech iwwer den „Feinstaub “ näischt fonnt, just dëst :
Neue Studie der Umweltverwaltung: Rebenholz aus Luxemburg eignet sich auch als Grillholz
Zu Lëtzebuerg ass mer weider keng Reglementatioun bekannt wat verbrennen vun Holz an engem Uewen oder Heizung ubelaangt. Kee kontrolléiert wat fir een Holz ee verbrennt, wéi a wéi laang Brennholz gelagert gouf asw.
An de leschte Joren beméien sech eng Rei Fierschteren mat enger Holzstee oder änlechem , eng kleng Dasains- Berechtegung ze behalen. Do gëtt z.B. lo ab Mäerz Holz ugebueden wat an dësem Wanter gehaen ass ginn.


Leit steeën oder kafen esou Brennholz, huelen et aus dem Bësch, vir et dann meeschtens nächste Wanter ze verbrennen, eppes wat an ville Länner verbueden ass. Déi wéinegst Leit zu Lëtzebuerg loossen d’Holz mindestens e Joer dréchenen.
Et ginn och doriwwer zu Lëtzebuerg keng Informatiounen oder Sensibilisatiounen vu Säiten den Organisateuren vun esou Holzaktiounen wéi de Fierschteren oder Gemengen.
„Feinstaub “- Belaaschtung moossen, an d’Leit informéieren ass zu Lëtzebuerg keen Thema .Vu Januar bis Februar 2025 gouf et an Europa eng Rei brenzeleg Situatioun wat Loftverschmotzung duerch eben dësen „Feinstaub “ ubelaangt.
Grafik vum 21.01 25
Quelle https://www.merkur.de/welt/gift-glocke-ueber-europa
An Däitschland gouf et an dem Zäitraum eng Rei Warnungen, esou ass den 12 Februar 25 souguer an den Haaptnoriichten virun enger insgesamt héijer „Feinstaub “ – Belaaschtung a ganz Däitschland gewarnt ginn , an de Leit ass geroden ginn dobaussen kee Sport ze maachen.
Zu Lëtzebuerg direkt donieft ass dat alles keen Thema. Bei eiser Nationaler Tëlee kréie mer bei där selwechter Wieder- Lag, keng Warnung, mee just verschidden Vakanzdestinatiounen gewisen, wou d’Wieder besser ass.
„Feinstaub “ Belaaschtung kéint a misst zu Lëtzebuerg zumindest an de Wanter Méint verbessert ginn. Ob kee Fall duerf sech d’Situatioun verschlechteren an dozou gehéiert och d’Leit ze informéieren an ze sensibiliséieren. Nëmmen esou kéinten d’Leit déi plangen ,Brenn Holz an der aktueller Situatioun als Energiequell ze notzen, zumindest iwwer de Pro an de Kontra sech vum Notzen vun Holz als Energiequell e bessert Bild maachen.
Dernieft ass awer och kloer datt „d’Feinstaub “- Belaaschtung insgesamt zu Lëtzebuerg méi eng grouss Opmierksamkeet wéi bis elo verdéngt, well nieft dem Brennholz och aner Verursaachter wéi besonnesch de Verkéier ma och d’Industrie hei gefuerdert sinn.
Holz verbrennen ass eng nohalteg- a Klimaneutral Energie Quell heescht et oft.
Bei der Holzverbrennung sinn déi pro produzéiert Hëtzeenheet CO₂-Emissiounen méi héich wéi bei fossillen Energien wéi de Gas . Duerch eng Holzverbrennung gëtt de Klima also gläich e puer mol geschiedegt, duerch dat séiert Fräisetzen vun CO₂, a Ruß. All Holz wat aus engem Bësch eraus geholl gëtt kann och net méi zu enger wichteger Funktioun déi de Bësch quasi als Klimaanlag huet, bäidroen
Holz wiisst jo ëmmer no, also kann een rouegen Gewëssens och Holz als Energiequell notzen ? Och dëst ass net méi esou ganz richteg. Eleng duerch déi Klima bedéngt extrem Drechenheeten , hëlt de järlechen Zouwuess an de Bëscher ëmmer mei of .
Grafik aus Éisträich weist dat mer mëttlerweil bäino esou vill Holz aus de Bëscher eraushuelen wéi es nowiisst.
Quelle: https://info.bml.gv.at/themen/wald/wald-in-oesterreich/wald-und-zahlen/oesterreichswaldinzeitendesklimawandels.html
De Bësch ass och vill ze Schued als eng reng Energie Quell. De Bësch brauche mer als eng wichteg Hëllef bei der Klima Kris, a genee dofir brauche mer och dat sougenannten Totholz wat eis nieft Närstoffer och Fiichtegkeet gëtt a soumat och eng direkt Wierkung op de lokale Klima huet.
Dernieft ass de Bësch bei eis d’Basis vun enger wichteger Bio Diversitéit, vun där mer all profitéieren. Bis zu engem Drëttel vun den Déieren déi am Bësch liewen sinn direkt oder indirekt vum Totholz ofhängeg dat sinn ëmmerhin an Europa eng 13 000 Aarten,vun Insekten bis Flantermais a Vigel . Totholz ob am Bësch oder soss bedeit Liewen, bedeit Biodiversitéit!