Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: Die Rückkehr des CSV – Staates 
„Wir bedenken manches erst, wenn es bedenklich geworden ist.“ Henriette Hanke (Schriftstellerin der Spätromantik)   Eines vorweg:  Wenn man die...
Ernesto Fluni: Sucht euch eine Version aus – Politik braucht Klarheit 
Heute stehe ich vor Ihnen mit zwei Optionen – so, wie wir es in der Politik oft erleben: eine seriöse...
Fraen am Afghanistan: Kufft d’Schmull! 
D’Taliban mussen en extremen Haass op d’Fraen hunn. Oder awer si hunn e fatzege Mannerwäertegkeetskomplex vis-à-vis vum anere Geschlecht. Genee...
Frank Bertemes: EU-Wertegemeinschaft? 
Ich glaube nicht, dass diejenigen recht haben, die meinen, Politik besteht darin, zwischen schwarz und weiß zu wählen. Man muss...

Blog Post

Justiz

Gouf de Frank Schneider festgeholl oder net? 

Gouf de Frank Schneider festgeholl oder net?
image credits: Marc Thoma

Als Erënnerung: de fréiere SREL-Mann gouf viru ronn 3 Joer heifir a Frankräich festgeholl. D’USA haten no him siche gelooss, well hien op déi eng oder aner Manéier an der OneCoin-Affär verwéckelt wier, en internationaalt Finanz-Pyramidekonstrukt mat geschate 6,5 Milliarden US Dollar. De Lëtzebuerger sot ëmmer: ech wëll, datt mir de Prozess gemaach gëtt, awer op kee Fall an den USA, wou ech liewenslängleche Prisong riskéieren. Wann ee Prozess, dann zu Lëtzebuerg. Zejoert huet sech de fréiere Spioun aus dem Stëbs gemaach.https://bit.ly/3HwntUQ Elo iwwerschloen sech d’Evenementer.

Op Neiséiland huet d’Police eng Immobilie zu Wellington confisquéiert plus 462.000 US$. Déi lokal Police soll dobäi international mat aneren Experten zesummegeschafft hunn; hire Chef, de Polizist Christiaan Barnard sot, déi Sue wieren an de Joren tëscht 2018 an 2020 un e Mataarbechter vum Frank Schneider an Neiséiland geschéckt ginn, also an där Zäit, wou de Frank Schneider de CEO war vu Sandstone zu Lëtzebuerg, e Betrib dee fir Onecoin kontraktuell zesumme geschafft huet.

Ass de Lëtzebuerger bei där Geleeënheet festgeholl ginn? Déi neiséilännesch Police  gëtt weder eng Confirmatioun nach en Dementi. Et ass awer dovunner auszegoen, datt de Mann ëmmer nach op der Flucht ass. De Christiaan Barnard gëtt vun der lokaler Press zitéiert: et gëtt keen Hiweis, datt sech ee vun de Onecoin-Verdächtegen den Ament an Neiséiland ophält! Kee weess, wou de Frank Schneider drun ass. Dee banaalste Wee wär natierlech gewiescht, hien hätt sech an de Grand-Duché zeréckgezunn; Joudreville läit mol keng 30 Minutte vun eis ewech a sollt hien enges Daags erwëscht ginn, da wier hien zu Lëtzebuerg am Séchersten.

De Grand-Duché liwwert seng Leit bekanntlech net un d’USA aus. Aus Insider.Kreesser ginn et der, déi esou wäit ginn a behaapten: sollt hie bei eis de Prozess gemaach kréien, da kréich hie wuel eng Pout op d’Hand, mä dat war et dann awer och! Déi aner Méiglechkeet wär, de Mann hätt sech op Dubai zeréckgezunn. Mä, dat sinn alles Spekulatiounen. Fakt ass: de Schneider ass villäicht bei eis vergiess, ma ronderëm d’Welt gëtt no him gesicht!

 

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Ech hun den FS viergeschter nach am bistro um eck gesin…wou den eck ass verroden ech lo net.
    Hoffe lo just dass keen CIA kommando muer um 5 am bei mier un der dier rabbelt😀😀😀

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *