Streiker op der Eisebunn sinn an de Wanterméint normal, si widderhuelen sech reegelméisseg, Joer fir Joer. Dobäi geet et zum gudden Deel och drëm, d’Gewerkschaftskeess opzefëllen. Als net normal gesinn ech den abléckleche Streik op der däitscher Eisebunn, op d’mannst net wat déi gewerkschaftlech Fuerderunge betrëfft: d’35-Stonne-Woch bei gläichem Loun fir d’Lokomotivchaufferen! Topeg dee Salarié deen domadder net averstane wär. A wéi ëmmer stellt sech keen d’Fro: wouhier kommen dann elo déi néideg Mécken?
D’Ausgangsbasis vu Kollektivvertragsverhandlunge misst eigentlech déi finanziell Situatioun vun der DB sinn. Esou leeft et mol an all anere Betrib. Déi däitsch Eisebunn huet eng Scholdelaascht vun iwwer 30 Milliarden Euro ze droen, mä duerno kréit keen Hunn an der GDL . D’DB gëtt vum Bund finanzéiert, vun den eenzele Bundesländer a vun de Gemengen, also vum Steierzueler an deen huet de Bak ze halen.
De Bierger an Däitschland gëtt méi ewéi eng Kéier gebeidelt- och vun der Gewerkschaft. Als Zueler ass hien eng Zort Aktionär ouni Matsproocherecht, als Notzer muss hien e miserabelt Schinnennetz erdroen a gëtt doriwwer eraus vun der Gewerkschaft am Streik als Geisel benotzt, an zwar fir eng Fuerderung déi absolutt net ze verstoen ass!
Ech soen net, datt iergendwann iergendwou déi 35-Stonnewoch an Däitschland sollt kënnen agefouert ginn, mä dat hänkt awer ganz vun den Ëmstänn of. Bei RTL krute mir an der Zäit all puer Joer eng Ausrechnung op 4 Säiten, wat mir als eenzele Beschäftegten de Patron esou alles kaschten. Natierlech huet deen een oder aneren aus der Equipe de Kapp gerëselt, sech iwwer Kapitalismus geiergert an déi Blieder demonstrativ vertikal klasséiert. An dach, interessant war et allemol.
Do war mol de Loun opgefouert, normalerweis fir keen eng Iwwerraschung. Dobäi koumen d’Nuets-, Sonndes- a Feierdagsschichten a virun allem déi sozial Niewekäschten: d’Cotisatiounen un déi verschidde Keesen, Gesondheet, Pensioun, Altersversuergung. An do goungen engem duerchaus d’An grouss op. Da koum an d’Rechnung dobäi déi zousätzlech Betribspensioun an och déi zousätzlech Krankeversécherung. Net ze vergiessen déi speziell Berufsassurance fir Journalisten, déi la peau des fesses kascht. Plus den 13. Mount, plus d’Joresprimm, plus de Congé, plus d’Krankendeeg asw.
Et war geduecht fir engem bewosst ze maachen, datt d’Onkäschte fir de Patron sech net just op eis Pai limitéieren. Kloer! Et konnt een et als Drock vun uewen erof interpretéieren, nëmmen net als Salarié mat weidere Fuerderunge geschäert ze kommen. Et konnt een et awer och als neutraalt Informatiounsblat betruechten. A wann een da wosst, datt am lëtzebuerger Reklamme-Marché d’Beem net an den Himmel wuessen, an datt all zousätzlech Publicitéit just eng weider Pollutioun vun der Antenne, wëll heeschen vum Programm bedeit huet, da gouf een sech bewosst, datt de Patron – deen een all Muerens op der Botterschmier erafeiert! – duerchaus och säi Kräiz ze droen hat.
Et geet mir hei net drëm, géint “manner schaffen” ze wiederen, ma éischter ëm d’Fro: kann een sech dat leeschten? Wou kommen déi néideg Suen hier? Frankräich ass jo e gutt Beispill, wéi een et richteg falsch mécht. Am Hexagone ginn 1650 Stonnen d’Joer geschafft – fir Leit mat Kontrakt à temps complet; d’Land ass domadder dat “zweet-Lidderegst” an der Europäescher Unioun an huet eng Staatsschold vun 3000 Milliarden Euro. An Däitschland ginn 1790 Stonnen d’Joer geschafft, am Grand-Duché sinn et der 1820, ganz liicht iwwer dem europäeschen Duerchschnëtt.
De Fall gesat, d’Aarbechtszäit gëtt am Laf vun den nächste Joer tatsächlech erofgesat, bedeit dat jo ë.a., datt muss zousätzlecht Personal agestallt ginn. Aneschters ausgedréckt: d’Aarbecht gëtt (nach) méi deier,-ganz dovunner ofgesinn, datt déi néideg Qualifikatiounen dacks net um Marché ze fanne sinn. D’Gewerkschaften sinn also gebieden, verstänneg ze bleiwen a kee Concours ze organiséieren, wien deen déckste Fuerderungskatalog huet. D’Vergaangenheet huet eis gewisen: gëtt d’Aarbechtskraaft ënner Kollektivvertrag ze deier, gëtt outgesourct.
Beispiller ginn et genuch: d”Piloten bei Lufthansa, d’Botzpersonal an Honnerte vu gréissere Betriber, d’Bus- Chaufferen bei der VDL asw. Dëst Joer sinn zu Lëtzebuerg Sozialwahlen, ënnert anerem fir d’Chambre des salariés. Et ass wuel richteg, datt een do als Salarié seng Kräizercher mécht fir seng berufflech Rechter garantéiert ze kréien, mä et ass och net falsch, u seng Flichten ze denken.