Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Jeannot Hansen: oppene Bréif un d’lëtzebuerger Press an der Causa Schneider 

Jeannot Hansen: oppene Bréif un d’lëtzebuerger Press an der Causa Schneider
Photo de Sarah Hall: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/affaires-marche-etagere-journalisme-12504891/

FIRWAT?

Un de Chefredakter vum Letzeburger Wort den Här Roland Arens.

 

Här Arens, säit bal 50 Joer sin ech Abonnent vum LW an erlabe mir haut,Mëttwoch , den      2. November 2022,Iech ze gratuleiren. Ech zéien mäin Hutt iwwer een Artikel deen          haut op der Seit 6 ënnert dem Titel „Niederlande holen 12 IS-Frauen aus Syrien zurück“ steet.Doran gëtt impressionant beschriwwen wéi Holland seng Matbierger schützt.Déi hun e Spezialflieger a Syrien gescheckt fir 12 Landsleit mat hieren 28 Kanner heemzehuelen fir hinnen doheem de Prozess ze maachen.Holland hëlt domat seng éischt Aufgab als Staat eescht, nämlech fir d’Sécherheet vu senge Matbierger ze suergen. Respekt -Här Arens,wéi der als gudden,solidareschen a gut informéierten Chefredakter vun der gréisster Zeitung aus dem Land sécher wësst, sëtzt e puer km hannert der franséischer Grenz e Matbierger vun eis zwee mat Foussfessel a sengem Haus fest a rift no Hëllef.E jäitzt esou haart dass et bis op Letzeburg ze héieren ass an elo Stroossen-Bistro-an sozialnetzthema nummer 1 ass.Just ech als laangjäregen LW- Lieser gin näischt gewuer. Firwat?

 

Un de Chefredakter vun RTL den Här Guy Weber.

 

Här Weber, och Iech well ech gratuléieren.Säit Joren gëtt RTL-Radio-Télé- an Internet un der Spetzt vun sämtlechen Sondagen hei am Land gefouert,wäit virun der Konkurrenz.Stolz kréie mir daat all sechs Méint matgedeelt dass et fir Iech en Usporn ass fir nach méi ze schaffen. Waat Dir och maacht. Onzäleg Autoen mat RTL- Schrëft gesinn d’Letzebuerger all Daag op all Plaatz am Land wou och nemmen eng kleng lass ass.Dir schéckt esou guer Animateuren op Mallorca fir vun do gut Stëmmung iwwer Radio ze verbreeden.Videoen „en masse“ vun alles an och näischt publizéiert Dir op Ärer Internetsäit.Et deet mir Leed Iech et ze soen,mee et gëtt ee Video op deen vill Letzebuerger waarden. E Video vun engem Letzebuerger deen e puer km hannert der franseicher Grenz no Hellef rifft.Interwiewt vum Chefredakter vun RTL.Den Här Schneider géif sech freeën.Daat wär e Scoop,eng richtech Schlagzeil.Et gi Letzebuerger dei Iech daat héich urechnen géifen.Allez courage,maacht et. Firwat net?

 

Un de President vun der „Association luxembourgeoise des journalistes professionels“den Här Roger Infalt.

 

Här Infalt, heimder erlaaben ech mir Iech an Ärer fonctioun als President vun der ALJP e puer Froen ze stellen.Seit 2 Wochen zirkuléieren am Internet e puer brisant Videoen am Kontext zu der eventueller Ausliwwerung vum Här Schneider un Amerika.

Ech gin dovun aus dass Dir genau wësst vu waat ech schwätzen. Här Infalt,fill Dir Iech wuel an Arer Haut dass duerch Vertuschen vun der“Affär Schneider „ op Télé,Radio an (villen )Zeitungen dem letzeburger Volleck e Virgang virenthaal gëtt deen et esou a kengem aanere Land geif gin?

Här Infalt,fill Dir Iech als President vun der sougenannter „4 Muecht am Staat“wuel an Ärer Haut mam Gedanken dass Lëtzeburg daat eenzecht ziviliseiert Land (ass -wär)waat e Matbierger géif ausweisen?

Här Infalt,wéi fill Dir Iech  an Ärer Haut wëssend wéi déi 4 Muecht am Staat mat der „Affär Schneider“ ëmgeet a wéi de Lëtzebuerger iwwert dei Affär denkt?

Här Infalt,hudd Dir Iech schon eng Sekonn gefroot wéi d’Lëtzeburger Presse do steet een Daag no enger (eventueller Ausliwerung) vum Här Schneider daat ganzt ennert engem demokrateschen Premier wann Är auslännesch Kolleegen onbequem Froen stellen?
An duerfir Här Infalt firwaat behëlt d’Letzebuerger Presse sech esou wéi se sech behellt?

FIRWAT?

PS  Ech,de Jeannot Hansen  (67) e  „Klenge Mann vun der Strooss“ wëll folgendes,vir alle„rumeuren“ virzekommen,folgendes onmëssverständlech virausschécken:

1.  Desen oppene Breif ass aleng vu mir geschriwwen a gëtt meng Iwerleeungen bekannt iwwert eng präzis Situatioun déi mech revolteiert

2. Ech kennen den Här Schneider net. (Ech wees awer ween et ass well ech mech seit jeher interesseiren waat am Land  geschitt).

3. Ech publizeiren dese Breif nemmen op“guykaiseronline“fir sécher ze sin dass e publizeiert gëtt a vun villen Letzebuerger aus allen sozialen Schichten gelies gëtt.

4.Ech wëll mat desem Bréif déi typesch lëtzebuerger Lethargie waakreg rëselen fir mengem/eisem Letzeburger Landsmann bäizestoen.Et geet mer guer net drëm fir Iergendeen perseinlech unzegreifen oder blousszestellen .

5. Ech losse mech och haut mat 67 Joer nach gär beléieren,och kritiséieren,sollt ech um „Holzwee“sin  .Dofir bieden ech all dei Leit dei daat hei gelies hun daat ganzt ze kommenteiren,kritiseiren,verurteelen asw Wann daat ganzt dem Här Schneider helleft huet dese Breif sein Zweck erfellt. An deem Senn.

 

Jeannot Hansen

Related posts

1 Comment

  1. Roger Braun

    Ganz gudde Komentar vum Jeannot
    Hu mech och scho gefrot wou eis ress ass
    Dass eise Pinnocchio de Kapp an de Sand stecht war mir schon virdru kloer

    Roger

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *