Recent Posts

Post Categories

Weiterer Leserbrief in Sachen Fussballfeld in Useldingen: 2,7 Millionen für eine Notlösung?!  
Es ist verständlich, dass der FC Jeunesse Useldange sich über eine Modernisierung freut, denn der aktuelle Trainingsplatz ist derzeit immer...
Stellungnahme des FC Jeunesse Useldange zur geplanten Modernisierung des Fußballfeldes 
In den letzten Wochen wurde die geplante Erneuerung des Fußballfeldes in Useldingen öffentlich diskutiert – teils sachlich, teils emotional. Dabei...
Frank Bertemes: Demokratie in der Krise? 
„Ich plädiere für eine grenzenlose Meinungsfreiheit.“ So jedenfalls der durchaus interessante Vorschlag des Philosophen Paul Liessmann. Er definiert eine Krise...
D’CSV am Turbo-Labyrinth vun der Kommunikatioun 
Zwee Joer huet d’Land elo eng schwaarz-blo-Regierung. Zwee Joer de Luc Frieden als Staatsminister. Den “neie Luc” an der Roll...

Blog Post

Justiz

Fir Recht an Uerdnung: Uerdnung am Recht 

Fir Recht an Uerdnung: Uerdnung am Recht
Image par Greg Montani de Pixabay

Setze mir reng hypotheetesch de Fall, Dir wäert iwwerfall ginn. Handy a Portmonni hu Flileke krut. D’Welt ass ongerecht! Ma et besteet Hoffnung. Kuerz drop gouf “Äre” Brigang festgeholl. Den Dag drop fuert Dir mam Auto duerch eng Zon-30; leider ze séier. D’Police huet Iech bei 62 Stonnekilometer chronometréiert. Dir kritt eng säfteg Geldstrof. Bei där nämmlechter Geleeënheet gitt Dir vun der Police gewuer, datt “Äre” Brigang schonn no e puer Stonnen am Arrest de Kommissariat konnt verloossen. Aus Grënn vu der Plaz a well jo kengem e gréissert Leed geschitt war. Wéi fillt Dir Iech?

Image par Sergei Tokmakov, Esq. https://Terms.Law de Pixabay

Warscheinlech e bësselche veraarscht. Oder bei d’Lisette gelooss. Een dee Leit iwwerfält, léisst ee lafen, een aneren deen ausnamsweis ze séier gefuer ass, léisst een zur Oder. Hémiplégie vun der Justiz?  D’Welt steet fir Iech op der Kopp. Änlech Gedanke komme bei engem op, wann een héiert, datt elo Deeler vun der Politik sech a Beweegung setzen, fir d’Welt vun der Sam Tanson op d’Kopp ze stellen an esou d’Justiz nees an d’Gläichgewiicht ze bréngen.

image credits: Sam Tanson/Twitter

D’Madamm, gréng duerch an duerch a fréier Justizministesch ass eng Prinzippiefra; si hat sech ënner Gambia konnen duerchsetzen, fir de Sursis prinzipiell anzeféieren, souzesoen als ieweschte Prinzip. Wat esou vill bedeit ewéi datt jidder primodélinquant dee festgeholl gëtt, dovunner ka profitéieren an no ganz kuerzer Zäit am Arrest sprange gelooss gëtt. Dat gëllt zwar net fir “schwere Jungs” déi anerer ëmbruecht hunn, ma et ass dach de mot d’ordre a Justizaffairen wou de Beschëllegten 2 Joer Prisong op d’mannst riskéiert, a virausgesat hien hat sech bis dohinner nach weider näischt zu Scholde komme gelooss.

Datt e primo-délinquant strofméisseg aneschters behandelt gëtt ewéi een, dee schonn x-.mol réckfälleg gouf, schéngt normal, ma ipso facto de sursis gëlle loossen?! Dat ass sou zanter 2018, ouni datt en Hong duerno gekréit hätt! Dës Decisioun huet wuel d’Magistratur entlaascht an zugläich d’Bild vun der Justiz belaascht, datt nämlech jiddereen virum Riichter d’nämmlecht behandelt gëtt. Ass esou ee Prinzip ewéi dee vum Sursis nach raisonabel? Dës Fro huet sech och am l’Express d’Philosophin Julia de Funès an engem allgemenge Kontext gestallt: On nous confisque un tube de dentifrice de 101 ml avant de prendre l’avion, mais on conserve sur le territoire des individus sous OQTF( obligation de quitter le territoire français).

Wéi ass et dann zum Beispill mat der sexueller Gewalt? De Schëllegen ass zu 99 Prozent e Mann, d’Affer zu 99 Prozent eng Fra. Heescht et do op beemol: Bon, dat ka jo mol virkommen. De Mann hat sech bis dohinner ëmmer gutt geschéckt? Déi nämmlecht Iwwerleeung misst och fir Pedophiller gëllen: een, dee sech eng éischte Kéier un engem Kand sexuell vergraff huet, kéim mat enger Verwarnung laanscht eng Strof. Dobäi ass Pedophilie eng psychiatresch Stéierung, déi net vergeet ewéi eng Erkältung vun der Blos.

Image par herbinisaac de Pixabay

Dat alles ass fir en Normal-Stierflechen schwéier nozevollzéien! Fir vill Bierger gëtt d’Uerdnung an der Justiz an domadder an der Gesellschaft kräfteg duerchgerëselt. D’Philosophinn mengt: redonner sens à l’ordre, ce n’est pas multiplier les interdits, c’est rétablir une hiérarchie du raisonnable.

Déi Schwaarz wëllen d’Welt vun der Sam Tamson also op d’Kopp puchen, fir déi Hierarchie vun de Prinzippien nees hierzestellen. D’DP-Leit kommen an déi quokeleg Situatioun, datt si mussen en Text stëmmen, deen si viru 7 Joer ofgeschafen haten. An déi Gréng? Maache si Oppositioun, nëmme wéinst der Oppositioun? E bësselche koppeg dat Ganzt, eng Prinzippiefro, net onwichteg!

Hei de link zum respektive Gesetzprojet: https://bit.ly/3WsdKGs

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *