Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Schnoken

Iwwer en onerwënschte Gaascht aus dem Ausland 

Iwwer en onerwënschte Gaascht aus dem Ausland

Keng Angscht: 2 Deeg virun den Europawahlen, keng Politik. Ech wollt kuerz iwwer meng kleng Probleemer mam Buxus sempervirens schwätzen (op Lëtzebuergesch:Pällem), deen eigentlech Wanter wéi Summer soll gréng sinn, dëst Joer aver fatzeg giel bei mir ausgesäit. Wann et esou weidergeet, da sinn seng Deeg wuel geziélt. Ech ginn dervunner aus, datt vill ënnert Ierch deen nämmlechte Probleem hunn. Et huet sech am Buxus eng Raup néiergelooss. Et handelt sech dobäi ëm Cydalima perspectalis, op Däitsch Buchsbaumzünsler, en Déierchen, dat aus Asien bis bei eis komm ass, wahrscheinlech per Schëff. De Päiperléck leet seng Eeër am Buchsus of, Wochen drop entstinn 5cm-grouss Raupen, déi dann ufänken, d’Blieder ze friessen: vill Raupen, groussen Honger, bannent Wochen ass de Buxus futti!

 

E ch goung gëschter an e Gaardenzenter, fir déi richteg chemesch Waffen géint des Raup ze kréien. Do krut ech eng vun de leschte Packungen, mat allerdéngs der Versécherung, datt et héich efficace wier a matt der Informatioun, datt schonn 400 Packungen verkaaf gi wieren, an datt der nobestallt goufen, well de Päiperléck kéim an e puer Wochen zeréck an da géing deen nämmlechten Zirkus nach emool vu vir lass goen. Maacht Ierch also bäi, de Päiperléck freet net ëm Aer Erlabniss!

Well ech schonn am Geschäft wor, hunn ech no Dünger fir de Wues gefrot, méi speziell den ever green, mat deem ech déi lescht 10 Joer gudd gefuer wor. Déi Mark gëtt et allerdéngs net méi, krut ech gesot, si wier vun enger grousser Gesellschaft aus China opkaaf ginn, an déi wéilt elo hir eege Produit op de marché bréngen. Dat wieren eben d’Nodeeler vun der mondialisatioun, sot de Verkeefer an huet mir eng aner Mark opgedréit. Ech hu gedanklech probéiert, eng Relatioun hirzestellen tëscht der asiatescher Raup an deem groussen asiateschen “Heesprénger“, hunn awer kapituléiert a goung heem, mäi Buxus sprayen.

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *