Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Schnoken

Firwat dëse Site? 

Firwat dëse Site?
image credits: pixabay

zu menger Schaan muss ech gestoen, datt ech d’Iddi beim Komödiant Oliver Polak geknäipt hunn. De Mann ass Judd an huet sech esou seng Gedanke gemaach: wéi wär et, wann d’Anne Frank am 21. Joerhonnert nach emol géing hiert Tagebuch schreiwen? Wou géing si dat haut maachen? Natiirlech op facebook! Esou am Genre:”D’Nazi knuppen u meng Dir!”

Trauerege Smiley drënner, mat der Remark:”So sad!” Millioune Leit géingen dëse ‘post’ gutt fannen, matt Reaktiounen ewéi: “so true, so true”!

An dat wor et dann och schonn! Oder?

Wat ech wëll soen: elektronesch Netzwierker sinn excellent, fir mateneen ze “schwaetzen”, fir Meenungen auszetauschen, sachlech ze diskutéieren an ze streiden. Ween awer d’Gesellschaft wëll veränneren, muss méi wäit goen, sech gesellschaftlech engagéieren! Eng éischt Basis dofir sin hautdesdags nun awer d’social media, déi lues awer sécher déi klassesch Medien wäerten ersetzen, op d’mannst se iwwerhuelen.
Dës Internetadress ass also geduecht, als Bourse vu Meenungen an Iwwerzeegungen. Ech wëll hei regelméisseg meng Analysë maachen iwwer Politik a Gesellschaft,  meng Meenung soen zu aktuelle Sujeten oder ganz einfach léif a witzeg Geschichten erzielen, déi een esou am Liewen muss an däerf mattmaachen. Matt mengen Analysen muss een net averstaane sinn. Kontroverse Diskussioun ass wëllkomm, well, fir d’Demokratie ze erhaalen, muss gestridde ginn! Awer sachlech, net (zevill) emotionnel, op kee Fall ënnert de Rimm.

Dese Site war schonn engkéier virun der grousser Vakanz online gaangen. Well ech mat mengen 63 Joer net zu der “digitaler Generatioun” gehéieren, hat ech déi eng oder aner Bedenken: moralescher, juristescher an deontologescher Natur, an esou gouf de Site vir e puer Méint vum Netz geholl. Haut sinn déi Bedenken fir mech gekläert, an also hu mir de Site nees ënner Stroum gesaat. Dir verstidd, datt eng Partie Texter relative aal sinn, ma iergendwann musse e jo ukommen. Ech verspriechen, Ierch regelméisseg ze fidderen, a wuel och heiandsdo op de Su ze goen.

Zu menger Persoun: no 38 Joer journalistescher Aktivitéit op RTL Radio Lëtzebuerg – dofunner déi lescht 7 als Chefredakter- sinn ech zanter dem 1. Februar 2017 an der Pensioun. Ech suivéieren awer nach ëmmer déi politesch, soziaal a gesellschaftlech Entwécklung vum Lëtzebuerger Land an tauschen mech aus mat engem selective Kreess vu Leit, déi mir trotz Pensioun trei bliwwe sinn. Ech hunn als Plattform den Internet erausgesicht, well ech do mäin eegenen Här a Meeschter sinn. Ech freeë mech op des nei Aventure, hoffentlech zesumme mat Ierch!

Image Credits: pixabay.com

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *