Recent Posts

Post Categories

Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...
Onrou an der Bäckerei an am stater Schäfferot 
Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier  an der Festungsstad d’Bréidercher gebak...
D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...

Blog Post

Schnoken

Dat neit Déiereschutzgesetz! 

Dat neit Déiereschutzgesetz!

De Moien sinn ech flénk -prësséiert wéi déi Pensionéiert nun emol sinn- zur Hausdir erausgaangen, a Knätsch! op e Schleek getrëppelt. Deem aarmen Déier säin Dag huet net gutt ugefaangen, säin Haus war kabott, net méi ze reparéieren. Ech hu mech beim Schleek entschëllegt, ech hätt eng gutt Assurance an déi kéim fir de Schued um Haus op. Ech hunn him och gesot, datt hien mam neien Déiereschutzgesetz mech kéint verkloen. De Schleek awer sot just: et steet schonn am George Orwell sengem Buch vum Déierenhaff geschriwwen: “All d’Déieren si gläich, just verschiddener si méi gläich wéi déi aner”!

Image Credits: pixabay.com

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *