Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Impfpass, Passepartout? 

Impfpass, Passepartout?
Image par hakan german de Pixabay

Den Impfpass kënnt also tatsächlech. Wann een dat viru Méint behaapt huet, mat all de méigleche Konsequenzen vun esou engem Dokument, da gouf een als Verschwörungstheoretiker betitelt. Zanter e puer Deeg si sech d’Politiker aus der Europäescher Unioun eens: wien sech impfe léisst, brauch och e Stempel drop!

Den Ament gëtt nach iwwer d’Terminologie diskutéiert. Zum Beispill seet de Lëtzebuerger Staatsminister: Pass- dat kléngt wéi wann ee sos net kéint era kommen. Dofir sollt dat Dokument grénge Certificat genannt ginn, nom Motto: gréng ass ëmmer gutt, Gréng ass d’Hoffnung. Dobäi gëtt et schonn zanter Joerzéngten esou eng Impfkaart vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Firwat net déi benotzen?

Et soll eng Méiglechkeet sinn, zu enger Alternativ zu engem Test, deen een den Ament muss virweisen, wann een an e Land reest, seet de Xavier Bettel weider. Also dach eng Zort Pass, op d’mannst eng Identitéitskaart oder eng Zort Apple-ID! Woubäi ech et den “Europäer” héich urechnen, datt si de Vaccinatiounspass net obligatoresch maachen. Wien sech wëll impfe loossen, dee mécht dat, wien seng Bedenken huet, léisst et sinn a muss weiderhin en Test ‘passéieren’.

Wien houferege Besëtzer ass vun esou engem Impf-grénge Certificat-Pass ass, huet net nëmme méi Liichtegkeeten, an der Welt ze reesen, ma huet theoretesch och nees allgemeng e Recht op méi individuell Fräiheeten. Juristen, Wëssenschaftler, Philosophen sinn der Meenung, datt een de Leit mam Vaccin am Kierper net weider kann zoumudden, datt si d’nämmlecht wéi hir net vaccinéiert Matbierger mussen d’Mask droen, wann si duerch Groussgaass a Konsorten trëppelen. Déi Geimpften misste kënnen a Kino a Concert goen, wärend déi aner misste bausse bleiwen. Eng onméiglech Situatioun!

Ëmsou méi, wou mam Impfen méi ewéi geträntelt gëtt. Net genuch Vaccin do, ze vill Skepsis an der Gesellschaft besonnesch vis-à-vis vun enger Zort vu Vaccin. Bei wäitem net déi nämmlecht Ausgangschancen fir jiddereen – et sief, et dréckt een sech vir! Dofir gëtt op Zäit gesat. Ech zitéieren den Här Bettel op rtl.lu: Ma de Premier erënnert drun, dat hei net EU-Recht, ma national Kompetenze gëllen. Wirtschaftlech Intresse kéinten derzou féieren, datt den digitalen Impf-Certificat d’Gewulls ronderëm net just Areesbestëmmungen, ma och wat een an eenzele Länner däerf maachen, just nach verschäerft.

An anere Wieder: wa Griichenland de Pass zur conditio sine qua non deklaréiert, dann ass dat esou; a wann eng Loftgesellschaft festleet, datt bei hir kee Passagéier ouni Impf-Certificat an e Fliger däerf klammen, da muss een sech als (Nach)-Net-Geimpften no enger anerer Gesellschaft ëmkucken. Däerfen op de Kanaren déi eng nees an der Ëffentlechkeet fëmmen an déi aner mussen sech hannert der Heck verstoppen? Zu engem Ablack, wou tëscht 5 an 10 Prozent vun der Populatioun vaccinéiert sinn, wëll een esou enger gesellschaftlecher Diskussioun aus dem Wee goen…an der Hoffnung, datt si an 3 Méint op engem aneren Niveau ka gefouert ginn.

 

Related posts

1 Comment

  1. Alain Fasbender

    De grénge Certificat. Abeejo, dann kreien mir éng Zwéeklassengesellschaft. Déi éng mat Rechter, déi aner ouni oder mat manner Rechter. Et denkt éen zeréck an d’Zaeit vum giele Staer.
    D’Pariaen daerfen dann viellaeicht net méi verreesen oder an de Resto goen an wann, dann an éngem Deel vum Resto wou déi ouni grénge Certificat daerfen setzen waeit ewech vun dénen mam Certificat. Ass dat dan net schéin?
    An firwat faerten dan déi, déi geimpft sinn, wann si an Praesenz vun Noettgeimpfter sech befannen? Wann den Impstoff dach esou gutt ass a si virum Virus schützt, wou ass dann de Problem?
    Oder ass et éen Impstoff deen nett den Geimpften schützt?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *