Recent Posts

Post Categories

Weiterer Leserbrief in Sachen Fussballfeld in Useldingen: 2,7 Millionen für eine Notlösung?!  
Es ist verständlich, dass der FC Jeunesse Useldange sich über eine Modernisierung freut, denn der aktuelle Trainingsplatz ist derzeit immer...
Stellungnahme des FC Jeunesse Useldange zur geplanten Modernisierung des Fußballfeldes 
In den letzten Wochen wurde die geplante Erneuerung des Fußballfeldes in Useldingen öffentlich diskutiert – teils sachlich, teils emotional. Dabei...
Frank Bertemes: Demokratie in der Krise? 
„Ich plädiere für eine grenzenlose Meinungsfreiheit.“ So jedenfalls der durchaus interessante Vorschlag des Philosophen Paul Liessmann. Er definiert eine Krise...
D’CSV am Turbo-Labyrinth vun der Kommunikatioun 
Zwee Joer huet d’Land elo eng schwaarz-blo-Regierung. Zwee Joer de Luc Frieden als Staatsminister. Den “neie Luc” an der Roll...

Blog Post

Featured

Avis de recherche 

Avis de recherche
Image par Daina de Pixabay

Dir hutt d’Erfarung bestëmmt och scho gemaach: Dir hutt e Problem a wëllt deen vun enger Gesellschaft, vun enger Administratioun oder vun enger Bank asw geléist, op d’mannst explizéiert kréien. Et hëlt een den Telefon an de Grapp an d’Schicksal hëlt säi Laf. E Fall fir sech d’Kugel ze ginn!

Um Handy lauschtert een fir d’éischt enger Persoun um Repondeur no, déi ee freet, entweder d’Eent ze drécken, oder d’Zwee oder ieren d’Dräi, wann net esouguer d’Véier, a wann een dann um Piano gewielt huet, kritt een kuerz drop nach eemol déi nämmlecht Zuelespillereien virgespillt, wou een nees eng Kéier d’Qual vun der Wahl huet a wou een als Kiischt um Kuch d’♦ däerf drécken. Et kënnt een sech vir ewéi op engem Bingo-Thé-dansant.

Image par Alexa de Pixabay

D’Spill huet schliisslech een Enn. Et huet een d’♦ gedréckt an et waart ee gespaant wéi e Fitschefeil op säi Gespréichspartner. Ma et huet een d’Rechnung ouni deen nächste Repondeur gemaach, dee monter ewéi e Fësch am Waasser uspréngt an engem  mat Flughafe-Musek am Hannergrond an d’Ouer trällert: wann Dir wëllt mat eis a Kontakt kommen, da gitt op eis Internetsäit. D’Nerve fänken un am Kapp ze glousen ewéi eng 200.000-Volt-Kofferleitung. Firwat net gläich!? Ma dach erliichtert- nämlech an der Hoffnung, datt een iergendwéi weiderkënnt hëlt een de Computer eraus an et sicht een no enger Mail-Adress. Et sicht ee laang, ganz laang, well, et gëtt keng. An der Rubrik “Kontakt” steet just ze liesen, et sollt een telefonéieren. Dat Ganzt fänkt also nees vu vir un. Do ass System dohannert, an zwar nom Motto: looss mir meng Rou!

Image par kalhh de Pixabay

Dat Gepiddels hunn ech rezent bei enger Bank matgemaach. Ech wollt mat iergendengem Employé,- am Léifsten mat mengem eegene Gestionnaire oder mat der Cheffin vun der Agence -iwwer déi lescht Moudentrends ënner den Hacker schwätzen. Ma Hackerstiwwel! Dat huet eng hallef Éiwegkeet gedauert, bis datt ech déi richteg Persoun un der Muschel hat. Wat war dat fréier esou einfach, duecht ech mir. Et huet een d’Agence X gewielt, et gouf ee maximal zweemol weider verbonnen an da konnt ee lassleeën. Haut, mat der Informatik- misst et eigentlech nach vill méi séier goen, an de Géigendeel ass de Fall.

Net der Informatik d’Schold ginn. Si gëtt just reegelméisseg mëssbraucht vu Betriber déi sech mat virgetäuschter Transparenz an d’Vitrinne stellen, ma déi a Wierklechkeet alles maachen, fir nëmmen net ze vill mat der Clientèle a Kontakt ze kommen. Hier Kommunikatiounspolitik ass eng Virwëtztut!

Ma et huet een an der Pensioun jo sos näischt ze dinn. Cactus, Dokteschrendezvousen…..a Gesellschaften mat Mailen zouschëdden. Nächste Kontaktversuch mat der Bank  Ech hu mir d’ Bewäertung vun der Agence um Internet ugekuckt: verschidde Clienten hu bis zu 2 Méint gewaart, bis datt si iergendeng Reaktioun kruten. Dat versprécht, eng laang Schluecht ze ginn! Dobäi wëll ech jo ‘just’ e sachlecht Gespréich féieren iwwer Hacker. Dat Gespréich koum och iwwerraschend séier zustanen, ma huet näischt bruecht, well a mengem Fall nach keng Plainte bei der Police virlouch

Nächste Versuch: d’CSSF. D’commission de surveillance du secteur financier. Den Hellege Gral vun der Finanzplaz. Do wëssen si alles iwwer Hacker an iwwer d’Methode, sech dogéint ze wieren a geklaute Geld erëmzekréien. Fëx op d’Internetsäit cssf.lu. Hier werden Sie geholfen, sot déi eng, ma war wuel ze vill optimistesch; bei enger Verwaltung muss een ëmmer op dat Schlëmmst gefaasst sinn. Wien nämlech tatsächlech um Webbanking gehäckt gouf an dowéinst wëll Plainte bei der CSSF areechen, dee kritt gläich 9 Spillreegelen virdiktéiert!

screenshot

Dat ass dann dach fir d’Flemm ze kréien an ze kapituléieren!

Ech si mir duerchaus bewosst, datt et vu Säiten vun der Clientèle Mëssbrauch gëtt, Leit déi wéinst all klengem Pipifax sech per Mail mellen, fir sech ze iergeren, hirer Roserei Loft maachen an dobäi verschiddentlech déi gutt Kannerstuff verloossen. Et ass um Betrib, um Patron, seng eege Mataarbechter virun esou Iwwergrëff ze schützen. Dat däerf awer net bedeiten, datt ee mat Brandmaueren à gogo sech d’Clientèle vum Leif hält.

Image par Tumisu de Pixabay

Wéi gesot, et geet ëm eng eventuell Hackergeschicht. Déi betraffe Persoun geet op de Policebureau, fir d’Plainte hannert sech ze bréngen. Plainte contre X, well si weess jo net, wien seng Hänn am Spill hat fir op hirem Bankkonto 30.000€ verschwannen ze loossen. Um Kommissariat awer war ee Polizist beschtens virbereet an huet deen nach relativ jonke Mënsch direkt op d’Plaz gesat: dee Virement hutt Dir selwer gemaach, krut hien an d’Ouer geblosen a war sech tatsächlech iergendwéi selwer schëlleg virkomm. Dobäi goung et jo drëm, erauszefannen wien dat war, deen a sengem Numm déi Suen ofgezwackt hat, mol 300, mol 1900 Euro.

Der Persoun gouf ganz einfach net gegleeft an d’Plainte gouf net ugeholl.Berufflech Lidderegkeet? Op alle Fall beruffleche Feeler. D’Poliziste kënnen an däerfen net decidéieren, wat wouer ass a wat falsch, och net aus Altruismus eraus fir de Parquet z’entlaaschten. D’Persoun selwer schwätzt vun engem verbale Massaker um Kommissariat. Si wier komplett fäerdeg gemaach ginn, bis hir Nerven a Fränjelen  am Pobeierkuerf louchen. Si an si eleng war schëlleg.

Image par Bernd de Pixabay

Ugeholl, et hätt sech ëm en eelere Mënsch gehandelt, ee richteg Eeleren, deen a Saachen Informatik vun Tuten a Blose keng Anung huet; hätten se um Kommissariat grad esou Buschtawen-Rafallen lassgelooss, bis deen eeleren Här, déi eeler Madamm verdaddert de Bureau verlooss hätt? Mea Culpa, mea maxima culpa. Villäicht misst d’Police et deenen anere Betriber nomaachen a sech an engem digitale Labyrinth verstoppen, als Schutz fir sech selwer an als Schutz fir d’Populatioun!

De Kommissariat als Faradayesche Käfeg?

 

Related posts

1 Comment

  1. Wieslaw Ramalho

    Et ass allerhant, dass d’Bank et erlabt e Virement op e Kont ze machen, obschon de Numm vum Kontospropriaitair net dem Emofänger entsprecht den een um Virement uginn huet, an da seet „selwer schola”!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *