Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Impfen oder net ? Souwisou mat bloem Wonner um Enn! 

Impfen oder net ? Souwisou mat bloem Wonner um Enn!
Image par torstensimon de Pixabay

Et ass decidéiert: ech perséinlech loosse mech impfen! Ech hunn zwar op dëser Websäit verschiddentlech Impfkritiker, jo Impfgéigner zu Wuert komme gelooss, wat allerdéngs ni menger eegener Meenung an Iwwerzeegung entsprach huet. Déi Astellung hunn ech däitlech gemaach Enn Dezember 2019, also zu engem Ablack, wou de Virus zwar zu Wuhan entwutscht war, ma sos nach keng Rieds goung vun enger Pandemie http://bit.ly/3pNY3Hz .

Et ass mir einfach wichteg, kontradiktoresch Meenungen openeen prallen ze loossen, säin eegeneCortex un der Intelligenz vun anere Leit ze reiwen, fir sech intellektuell weider ze entwéckelen: entweder et gëtt een a senger Meenung gestäerkt oder awer, et ännert een se. Dat ass munchmol keen einfachen Exercice, well et gëtt ee jo – wéinstens fir eng kuerz Zäit, forcéiert, sech selwer a Fro ze stellen. Fest getrëppelt Piéd si Gëft fir eng demokratesch Gesellschaft, déi sech am Géigendeel vu permanenter Ausernanersetzung erniert.

Besonnesch jonk Leit sinn nawell gären kritesch agestallt vis-à-vis vun der klassescher Medezinn an och vis-à-vis vun de Vaccinen. Déi meescht vun hinnen si verstänneg a bréngen et op d’Formulatioun: esou vill impfen, wéi néideg, esou wéineg impfen, wéi méiglech! Also Tetanos: jo. Wantergripp mat 35 Joer: net onbedéngt. Wat duerchaus Sënn mécht. Leider waren eng Partie Aussoen esou radikal, datt se an d’Dëppen vum Eenheetsbräi gepucht goufen, zesummen mat den Impfgéigner a mat de Verschwierungstheoretiker!

Wann ech mech impfe loossen, dann aus verschiddene Grënn.

  1. Bis mäin Tour drun ass, wäert ech bei der ablécklecher vitesse de croisière  vun eiser Impfcampagne 66 Joer hunn; ech wär also am Alter, wou de Sproch net méi onbedéngt wouer ass: an apple a day, keeps the doctor away.
  2. Et ass wuel wouer, datt de Vaccin vu Biontech op der Basis vun mRNA-Therapie extreem séier entwéckelt gouf. Et ass awer grad esou wouer, datt un där ‘Technik’ schonn zanter Joer an de Laboratoiren geschafft an experimentéiert gouf.
  3. A Länner wéi Israel, wou se elo schonn iwwer 35 Prozent vun der Populatioun geimpft hunn, mat Prioritéit op déi eeler Leit, gëtt festgestallt, datt bedeitend manner krank Persounen an d’Klinicken mussen ageliwwert ginn. De Vaccin schéngt also dat ze halen, wat hie versprécht!

    Image par Gerd Altmann de Pixabay
  4. An all deene Länner, déi eis beim Impfen e grousse Schrack viraus sinn – wat och net besonnesch schwéier ass-, goufen et bis dato keng Hiobsbotschaften. An anere Wieder: de Risk vun aussergewéinlechen Niewewierkungen schéngt net méi héich ze sinn wéi bei aneren. Ech si mir bewosst, datt vill Impfkritiker do anerer Meenung sinn a mat Géigebeispiller kommen, déi sech bis ewell allerdéngs als fake news erausgestallt hunn.
  5. Wann ech mech impfe loossen, dann droen ech perséinlech derzou bäi, datt och zu Lëtzebuerg déi medezinesch Intensivstatiounen entlaascht ginn.

ech betruechten et zwar net als Punkt an der Argumentatioun, ma et wäert souwisou villes ganz aneschters kommen. Esou wéi de fuschneien Luxair-Direkter an d’Ëffentlechkeet trotert, datt kee Passagéier ouni Negativ-Test u Bord vun engem Fliger wäert acceptéiert ginn – an dat trotz de widderhuelten politeschen Aussoen, datt et keng Test-Obligatioun gëtt- esou wäerte mir nach eist Maskeblot Wonner erliewen mam Impfpass! Impfen gëtt op déi eng oder aner Manéier obligatoresch.

D’Diskussiounen an deem Sënn lafe schonn zanter Deeg bei eisen Noper. D’Politik kann et engem privaten Organisateur – wéi zum Beispill fir e grousse Concert- net verbidden, d’Vaccinatioun obligatoresch ze maachen. Wéi ass et dann am Foussball? Kann den FC Bayern och en Impfpass verlaangen?! De Wiert zu Klengwäinheffen? An déi däitsch Justizministesch war gëschter Owend am Interview formell: geimpfte Persounen mussen hir Grondrechter zeréck kréien! D’Viraussetzung ass de wëssenschaftleche Beweis, datt vaccinéiert Persounen de Virus net méi kënne weider iwwerdroen.

Dat gëtt dann Spaassgesellschaft pur! Begéint een engem an der Groussgaass mat der Mask um Gesiicht, weess een: dat ass en Impfgéigner. Dat sinn dann eis SCHLUMPFEN! A wéi laang dauert et, bis d’Aviatioun an d’Hotellerie den Impfpass och wäerten zur conditio sine qua non deklaréieren?!

“…wat mech traureg an och rose mécht…”

dat ass, datt iwwer all dëst zu Lëtzebuerg awer glat a guer net diskutéiert gëtt. Zeitungen, Radio an Televisioun loossen (bal) keng polemesch, well kontradiktoresch Diskussioun zou. Mir sinn zefridden mat 800 bis 1000 Vaccinatiounen den Dag a loossen de Weekend Herrgott’s-Waasser iwwer Herrgott’s-Land lafen. Keng Partei, déi op d’déck Tromm schléit, kee Politiker, deen d’Strategie vun der Regierung hannerfreet, kee Vertrieder am Europa-Zirkus, deen d’Demissioun vun der Kommissiounspresidentin von der Leyen uschwätzt.

Skandinawesch Länner hunn elo schonn en digitalen Impfpass a mir? Mir wëlle bleiwen wat mir sinn!

Related posts

3 Comments

  1. Mario Dichter

    Sidd mer nët béis, Här Kaiser, mais Är Argumentatioun kléngt fir méch e bësschen, wéi “das Pfeifen im Walde”, wéi eis däitscht Frënn géife soën.
    Schued, dass Dir als eigentléch kritischen Geescht Iech elo dem offiziellen Diktat (“kampflos” an onkritésch) ënnerwerfe wëllt, well eigentléch bräichte mer grad elo Leit wéi Iech, déi dësen faschistoiden Tendenzen d’Stiir géife bidden.
    MbG

    1. admin

      Gudde Moien Här Dichter,
      meng Positioun a Saachen Vaccin wosst Dir schonn virun der Pandemie. Vun Ënnerwerfung kann also keng Rieds sinn- an ech ënnerwerfe mech jo och net Ärer Astellung. Ech bleiwen e fräie Geescht a bleiwe kritesch vis-à-vis vun der Krich’s-Campagne géint de Virus am algemengen.
      Léiw Gréiss

  2. Gilbert

    “Et ass wuel wouer, datt de Vaccin vu Biontech op der Basis vun mRNA-Therapie extreem séier entwéckelt gouf. Et ass awer grad esou wouer, datt un där ‘Technik’ schonn zanter Joer an de Laboratoiren geschafft an experimentéiert gouf.”
    Dat stemmt wuel. Awer firwat ass dee Vaccin dann grad elo “asazfäeg”. Firwat net schonns fir un 5 Joer oder eréischt a 5 Joer? Alles glécklechen Zoufall? Oder gëtt et duerfir ee gudde Grond?
    Das mRNA-Impfprinzip, an dem seit über 20 Jahre gearbeitet wird, klingt vielversprechend, ist aber mit erheblichen Risiken behaftet. Deshalb wurden mRNA-Impfstoffe bisher nur in der Tiermedizin und nicht beim Menschen zugelassen. Das Hauptrisiko besteht in der möglichen Auslösung schwerer Autoimmunreaktionen. Die Immunabwehr richtet sich nicht nur gegen den Erreger, sondern auch gegen Bestandteile des eigenen Körpers. Gegen die Lungenkrankheiten SARS und MERS, die wie Covid-19 durch Coronaviren verursacht wurden, sind seinerzeit mRNA-Impfstoffe entwickelt worden. Diese hatten nicht nur keine Langzeiteffizienz, sondern verursachten schwere Autoimmunreaktionen im Lungengewebe, weshalb sie die klinische Erprobung nicht bestanden.
    “An all deene Länner, déi eis beim Impfen e grousse Schrack viraus sinn – wat och net besonnesch schwéier ass-, goufen et bis dato keng Hiobsbotschaften. An anere Wieder: de Risk vun aussergewéinlechen Niewewierkungen schéngt net méi héich ze sinn wéi bei aneren. Ech si mir bewosst, datt vill Impfkritiker do anerer Meenung sinn a mat Géigebeispiller kommen, déi sech bis ewell allerdéngs als fake news erausgestallt hunn.”
    Ech well iech just dorobber hiweisen, datt déi klinesch Studien zu Biontech/Pfizer Vaccin nach bis den 31.01.2023 daueren. Ech bewonnere jiddereen, deen un dem Experiment deel hellt.
    https://clinicaltrials.gov/ct2/show/NCT04368728
    Där “fake news” wéi dir se nennt ginn et a leschter Zäit ëmmer méi. Ech well just ee Beispill erauspicken. Gibraltar hat bis zum “Start” vun der Vaccinatioun 17 Corona-Doudeger. Haut den 08.02.2021 sinn et der 83. Alt erëm Zoufall? Natierlech gëtt dat ofgestridden an als “fake news” duergestallt. Nëmme wat sinn “fake news”. Hei ee Beispill wéi séier “fake news” zur Realitéit ginn. 

    Am 14. März twitterte das Bundesgesundheitsministerium:

    ! Achtung Fake News ! Es wird behauptet und rasch verbreitet, das Bundesministerium für Gesundheit / die Bundesregierung würde bald massive weitere Einschränkungen des öffentlichen Lebens ankündigen. Das stimmt NICHT! Bitte helfen Sie mit, ihre Verbreitung zu stoppen.

    Wer an “weitere Einschränkungen” glaubte, war ein Verschwörungstheoretiker und verbreitete Fake-News. Neun Tage später wurde der Lockdown verhängt.

    “Wann ech mech impfe loossen, dann droen ech perséinlech derzou bäi, datt och zu Lëtzebuerg déi medezinesch Intensivstatiounen entlaascht ginn.”
    Dat ass awer just eng “Vermutung”. Oder wësst dir elo schonns 1. Datt dir iech Infizéiert an 2. Schwéier krank gitt. Fir de gréissten deel vun der Populatioun ass de Verlaf vun der Krankheet nach ëmmer ee liichten.
    Ech kann och jidderengem empfeelen dëse wierklech ganz interessanten Artikel  ze liesen. Do kennt ee vläicht erëm zeréck op de Buedem.
    https://multipolar-magazin.de/artikel/die-mainstream-blase

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *