Eng Staad mécht sech selwer futti!

0
1725
image credits:pixabay

ech si quasi an der Staad op d’Welt komm, liewen an der Staad an hu se a mäin Häerz geschloss. Ëmsou méi traureg mécht et mech, ze gesinn, wat do alles d’Geschäftswelt erëmdreiwt, oder besser, wat d’Propriétairen vun den Haiser sech esou leeschten. D’Loyer klammen a klammen, den normale Geschäftsmënsch packt dat net méi, jo esouguer déi grouss Chaînen net méi. Ech selwer ginn nawell dacks an e Kleedergeschäft, matt engem bëssegem Déier drop. Och dat Geschäft, dat ronderëm d’Welt iwwerall seng Filialen huet, huet an der Groussgaass mussen 200 Meter plënneren, eben wéinst dem Loyer!

Die Krise und der Luxus…

 .. .war d’Iwwerschrëft viru 5 Joer vum Dany Schumacher am Luxemburger Wort. Si wollt deemools drop hiweisen, datt eng ganz Partie Leit nach d’Sequellen vun der Finanzkriis matt sech ze schleefen haten an net bereet woren, vill Suen auszeginn, an datt et op där anerer Säit vill Luxusgeschäfter an der Stad gouf. Esou hat ech e Fraëstring fir 700 Euro erbléckst (gutt fir wéineg C02-Produktioun), deen déi wéinegst Madammen sech konnte leeschten. D’Situatioun war an deem Joer besonnesch schlëmm, well eng Rei Geschäfter, déi deenen nämmlechte Proprietairen gehéiert haaten, hu mussen zoumaachen.

Ma och haut zéien nees däischter Wolleken op.

image credits:pixabay

Gläich 5 Geschäfter sinn an der Groussgaass zou a waarden op nei Locatairen, aner Geschäftsleit si geplënnert oder sin am gaangen dat ze maachen. Grad an der Lescht, zwee Lëtzebuerger Betriber, eng quincaillerie an e Schneekerbuttek. Deen ee sot sech, et ass méi einfach, seng Verkaafsfkäch ze verlounen, deen aneren hat méiglecherweis net de richtege Geschäftsmodell erausgesicht. Ma am Hannergrond steet allkéiers deen enorm héige Loyer: 27.000 Euro an der Chimay’s-Gaass, tëscht 36.000 a 40.000 op der Plëss fir grousse Café-Restaurant. Wann een dann nach 20 Leit Personal muss bezuelen, kann ee sech liicht ausrechnen, wéivill Steak mussen iwwer d’Théik goen, fir um Enn e puer Su Räscht ze hunn. Do wou Macaron verkaaf ginn, 27 mille, e Geschäft, dat Ënnerwäsch verkeeft, plënnert ëm e puer honnert Meter, well de Loyer och verduebelt gouf!!

Et ass un der Zäit, ëmzedenken! Radikal!

Ech si kee grousse Frënd derfunner, datt de Staat sech soll ze vill an d’Saachen amëschen. Normalerweis reguléiert sech de Maart vum selwen. Virun 20 Joer war de Broutpräis nach staatlech festgeluecht. Haut net méi, a wann een an eng normal Bäkkerei geet, ass de Präiss meeschtens verstänneg. Natiirlech ginn et Ausnahmen. Idem fir de Präiss vum Wäin; deen allerdéngs ass op méi wéi enger Plaz duerch de Plafong gaangen. 8-10 Euro fir en normale Pättchen. Dorunner ass net eleng d’Hausse vun der TVA d’Schold.

Ech sinn also der Meenung, datt vun der Gemeng Lëtzebuerg e Plafong sollt fir de Metercarré’s-Präiss festgeluecht ginn. Héiert sech verdammt kommunistesch unn, gell!? Ech mengen awer, datt et un der Zäit ass! Ech denken och net onbedéngt un en niddrege Plafong, duerchaus e relativ deieren, ma awer esou, datt weider Spekulatiounen déiten ophéieren.

“De Staat huet sech net anzemëschen!” soen der elo vill entsaat. Jo, mä, hie mécht dat an anere Beräicher duerchaus. De Fëmmverbuet an Restaurant/café ass esou eng Amëschung vum Staat an d’Privatwirtschaft, an e privat Lokaal. D’Argument: d’Gesondheet.An et huet Sënn gemaach! Firwaat kann een hei d’Gesondheet, an zwar déi finanziell, vun engem Restaurateur oder Caleçongsverkeefer net och invokéieren?! Et kéim Rou an de marché…

KOMMENTAAR

Please enter your comment!
Please enter your name here