Recent Posts

Post Categories

Halloween fir eeler Hausbesëtzer an der Stad? De Schoss vun der stater Oppositioun goung no hanne lass! 
Tëscht Kleeserchersdag an Helleger Owend geet et an de Gemengen wéi beim Staat ëm de Frickesak, also ëm de Budget....
Europa: Fit fir zesummen an de Krich? 
All Dag steet e Mëllen aus dem Bett op a wëll d’Welt nerven! An der Aviatioun gëllt reegelméisseg Bommenalarm, aus...
The Bering Strait Tunnel: From Intercontinental Link to a Governance Ecosystem 
Dëse Blog gëtt zanter sengem Ufank op Lëtzebuergesch gehalen an zugläich an däitscher an a franséischer Sprooch. Déi lescht zwee...
Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...

Blog Post

Gesellschaft

Lëtzebuerger Polizisten ginn an Däitschland prioritär geimpft! 

Lëtzebuerger Polizisten ginn an Däitschland prioritär geimpft!
Image par torstensimon de Pixabay

Beim ablécklechen Abrëllswieder schéisst de Wues esou séier an d’Luucht wéi Spargelen. Ech war just fäerdeg mat Méien, wéi a menger Bréifkëscht um Laptop eng parlamentaresch Fro vun der CSV era geflattert koum. An zwar wëll den Deputéierten Laurent Mosar vu Lëtzebuerger Poliziste wëssen, déi zwar hei schaffen, ma an Däitschland wunnen, datt si vun den däitschen Autoritéiten ugeschriwwe goufen mat der Propose, si prioritär ze impfen!

 

Dat ass natierlech Waasser op d’Millen vun der Policegewerkschaft a vun der CGFP! Déi leschte Wochen hat d’Statsbeamtegewerkschaft dorobber gepocht an nach de Moien war de Romain Wolff op RTL der Meenung, déi Uniforméiert missten éischter vaccinéiert ginn wéi anerer. Vun der Regierung awer koum ëmmer e Refus. Elo steet si zimmlech domm do.

Ënnert de Poliziste selwer kann duerchaus Impfnäid entstoen. Déi däitsch Autoritéiten hunn ongewollt d’Regierung an d’Bredouille bruecht. Et däerf een op d’Äntwert vun de Ministere gespaant sinn, ma wann si méi ewéi e puer Deeg op sech waarde léisst, wëssen déi Uniforméiert Bescheed.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *