Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Iechternach : Alles ëmsos ? 

Iechternach : Alles ëmsos ?
marc thoma

Eise Video-Reportage vun Iechternach hat déck ageschloen. Iwwer 2000 mol gelies an och vill kommentéiert ginn. An och d’Lëtzebuerger Wort huet reagéiert mat engem gréissere Bäitrag iwwer d’Aktioun an der Sauergaass, wou bekanntlech sollt en eelert Haus ofgerappt ginn.

Et goung e leschte Samschdeg bei där Aktioun an der Sauergaass mat Amenter rau hier: et gouf sech verschiddentlech gutt zermault….op der Plaz an duerno (leider) och op Facebook.

De Grupp Luxembourg under destruction reagéiert.

Ierchternach : Alles emsos ?

 

D’Luxemburger Wort bréngt haut en ausféierleche Reportage iwert di verhënnert Ofrappaktioun, leschte Samsdesch zu Iercherternach. (https://www.wort.lu/de/lokales/wenn-ein-geplanter-hausabriss-fuer-aufregung-sorgt-6464995bde135b92362e44ef)

 

Bekanntlech war ët finalement d’ITM, déi d’Aaarbeschten gestoppt huet, well an der Baugenehmegung stoung, dat d’Gebai sollt transforméieiert gin, mä virgesi war, d’Gebai ofzerappen, fir en neit Gebai amplaaz ze bauen. D’Kulturministesch war informéiert gin, huet sech awer, éisen Informatiounen no, nët geäussert.

 

Aus dem Artikel geht ervir, dat de Kulturministère, dee wuel der Meenung war, dat d’Gebai schützenswärt wier, mä der Gemeng daat iwerloosse wollt, scho vru méi laanger Zait (Oktober 2022) probéiert haat, mam Propriétaire an d’Gespréich ze kommen, mä deen huet nët réagéiert. Den Ierchternacher Buergermeeschter wollt e Litige mam Propriétaire verhënneren an huet dofir schliesslech eng Baugenehmegung fir en Neibau ausgestallt. Hie kritiséiert, dat de Ministère sou laang gewaard huet, bis Ufanks Abrëll, ier en de Propriétaire doriwer informéiert huet, dat en d’Gebai wéilt ënner Schutz stellen.

 

marc thoma

Mir vu Luxembourg under destruction haaten de Fall vun Ierchternach vrun zwou Wochen beim Débat an der Chamber, als ee Beispill vu villen zitéiert, wou d’Sëcherheetsnetz, waat am neien Denkmalschutzgesetz virgesin ass, nët funktionéiert. Den Artikel 129 vun deem Gesetz gesait nämlech vir, dat all déi Gebaier, déi, op den Datum vum Akraafttrieden vun deem Gesetz, kommunal geschützt sen, an enger Iwergangsphase, bis dat den Inventaire, deen am Mëttelpunkt vum Gesetz steht, ofgeschloss ass, sou behandelt gin, wéi wa se national geschützt wieren (https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2022/02/25/a80/jo). D.h., hiere Propriétaire muss den zoustännege Minister informéiren, wann e gréisser Verännerungen duerchféire wëllt oder d’Gebai ofrappe wëllt an zwar spéidstens op deem Moment, wou en eng Baugnehmegung ufreet. Vu dat mer eis beim INPA informéiert haaten, hu mer awer derbai gesoot, dat an Tëschenzait eng Procédure de classement ageleet gi wier. Dorops huet d’Ministesch geäntwert : « Dir hut dann awer och richtegerweis gesoot, – ech gesin hei nach ëmmer d’Foto vun Ierchternach – , dat och bei Gebailechkeeten … wou d’Gemengen vlait lo nët wëlle schützen, mir de Schutz trotzdem geschwaat hun oder entaméiert hun. » (https://www.chd.lu/fr/meeting/12336, ab 1:37:00).

 

marc thoma

An der Theorie hät also de Propriétaire vum Gebai an der Sauergaass zu Ierchternach d’Kulturministesch informéire missen, dat hien d’Gebai ofrappe wéilt, waat hier drai Méint Zait gin hät, fir eng Procédure de classement anzeleeden. Aus der Praxis wësse mer awer, dat d’Propriétairen sech nët ëmmer un d’Oplaagen vum Ministère haalen. An hierer Äntwert op eng QP vum Marc Goergen schreiwt d’Ministesch, dat dem INPA siewen där Fäll an zeng Joer bekannt goufen. (https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/0138/115/277154.pdf) Rezent wier do nach de Café de la Gare zu Jonglënster ze nennen, deen bis op d’Grondmauren zerstéiert gouf, obwuel en um Inventaire supplémentaire steht, an d’Scheier vun engem kommunal geschützten Baurenhaff zu Dippech, déi den Ulass fir d’QP vun den Piraten war.

 

Wann een den Artikel am Wort färdeg liest, dierft de Bagger nees geschwen an der Sauergaass zu Ierchternach stoen, an daat zu Enn féiren, waat d’lescht Woch ugefaang gouf. Sai Propriétaire ass nämlech der Meenung, d’Ofrappaarbeschten wieren mat der Autorisatioun ofgedeckt. Dozou erklärt de Ministère : „Es liegt von unserer Seite kein Hinweis auf eine strafrechtlich relevante Aktion des Besitzers vor.“, eng erstaunlech Interprétatioun, wann ee bedenkt, dat den Artikel 117 vum Gesetz fir de Schutz vum Patrimoine culturel bei Verstéiss Strofen bis zu enger Millioun virgesait.

 

Am Fall vun der Scheier vun Dippech haat d’Ministesch nach geäntwert : « Well den Artikel 117 Punkt 27 vum Denkmalschutzgesetz virgesäit datt d’Net-respektéiere vum Artikel129 eng penal Infraktioun ass, an heifir och penal Strofe virgesäit ass de Parquet heiriwwer informéiert ginn. » (https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/0138/115/277154.pdf) Daat war den 12. Abrëll. Eises Wëssens no gouf d’Gesetz nët an Tëschenzait geännert.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *