Zeréck aus der friddlecher Vakanz am déiwe Süden, kommen ech mir ës nach ëmmer net zou. De Fliiger war grad an d’Lut gaangen, ech hu probéiert, viru mech hinn ze driibsen. Wéi ech d’Aan kuerz opgemaach hunn, konnt ech feststellen, datt mäin Noper gewiesselt hat: kee jonke Kärel méi, dee vill Schwieregkeeten hat, seng laang Been tëscht de Sëtzer getässelt ze kréien, ma elo een e bësselche méi gesatenen, eelere Mann. “Do gouf wuel en arrangement à l’amiable fonnt”, duecht ech mir a wollt weider driibsen; wéi dunn awer d’Chef-Stewardess bei de Mann koum, sech bei hien am Corridor op d’Huppen gesat huet, fir matt him ze schwätzen, gouf ech fuerwëtzeg. Ech kruut duerch de Kaméidi just mat, datt d’Madame sech fir “deen Tëschefall mam Waasser” entschëllegt huet an den Här niewt mir frot, ob si sos nach eppes kéint maachen? Wéi si fort war, koum ech an d’Gespréich matt deem Mann. Wat war da geschitt? Hei seng Geschicht:
Hie souz méi hannen am Fliiger. Eng Koppel mat Puppelchen frot, ob et méiglech wir, datt hien sech géing anzwousch aneschters sëtze goen, dann hätten si besser Plaz- nämlech och eng fir de Bebe. De Mann sot net neen, wollt sech awer vergewësseren, wou d’Stewardessen hie géingen plasséieren, ëmmerhinn war de Fliiger bal strubbelvoll. Dat schéngt der Mam vum Puppelchen net gepasst ze hunn, respektiv net séier genuch gaangen ze sinn, a si huet dem Mann eng Fläsch Waasser iwwer Kapp an Hiem auslaafe gelooss. Krass,oder!? Ech sot zum Mann, an där Situatioun hätt ech perséinlech meng 2 Louis-de-Funès-Minutten krut, hätt där Koppel fatzeg meng Meenung gesot a wär express sëtze bliwwen. Deen Här awer gehéiert zu där Zort Leit, déi ze gutt sinn fir dës Welt an huet de Sëtz tatsächlech verlooss, och matt der Begrënnung, datt am anere Fall déi Fra sech jo dach net ginn hätt!
D’Stewardess sot zum Mann, datt weder si nach hir Kollegen eppes dovunner matkruut hätten an huet sech wéi gesot, fir den Tëschefall entschëllegt. Ech fannen et awer esou krass, mënschlech esou null, datt deen ‘incident’ onbedéngt misst Suitte kréien! An esou engem Fall misst deene Persounen hiren Numm opgeschriwwe ginn a si missten vun der Loftgesellschaft e Bréif heem geschéckt kréien, mam Vermierk: “wann Dir an Zukunft nach emol desagreabel opfaalt, kommt Dir op eng schwaarz Lëscht vun de Passagéier, an Dir däerft a kee Fliiger méi vun eiser Gesellschaft klammen!” An déi Gesellschaft misst och onbedéngt deem Här entgéint kommen. Dat géing sech esou gehéieren, och wann si net onbedéngt responsabel ass fir mënschlech Qualitéiten vun hire Passagéier!
Et huet een sech dru gewinnt, datt déi Kleng munnechmol net déi beschte Kannerstuff hunn – waat een och ëmmer dorënner versteet. An dësem Fall hunn d’Elteren allerdéngs carrément iwwerdriwwen, missten d’Ieselskap ugedoe kréien an an den Eck gestallt ginn!
« Di beschte Kannerstuff »?
– a mengem Duerf war ee Schof aus senger Wiss ausgebrach. Et war Feierowendverkéier. Een Zaldot huet stallgehal, fir mir ze hëllefen, de Béischt anzefänken an erem a seng Wiss ze dreiwen. Ech hunn dem Zaldot säin Numm un d’Arméi viru ginn, als Merci. Keng Äntwert!
– op « police.lu » hunn ech Sënnfeeler an hiren Texter iwwert d’Secherheet signaléiert. No engem Rappel hu se geschriwwen, si géiwe meng 1. Noriicht net eremfannen. Ech hunn hinnen d’Saach dunn nach emol gemailt. Nom 3. Mail ass näischt geschitt, an ech krut keng erem Äntwert.