Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Hallef Wouerechte si keng Wouerechten! Scho guer net an der Politik! 

Hallef Wouerechte si keng Wouerechten! Scho guer net an der Politik!
Image parMatthias Böckel de Pixabay

et war sech ze erwaarden: d’Ministesch Carole Dieschbourg verdeedegt sech mat juristesche Raffinessen. Si huet och just zwee Punkten opgezielt vu villen, déi an de leschten Deeg géint si an hir Verwaltung an d’Gespréich bruecht gi waren. Waat d’Gaardenhaischen zu Déifferdéng ugeet, huet si exklusiv vun der Holzverkleedung vun der Fassade geschwat a berifft sech op d’Naturschutzgesetz vum leschte Joer, wou et am Artikel 7.1 heescht:

Lorsqu’une construction existante située dans la zone verte compromet le caractère d’un site, le ministre peut ordonner que son aspect extérieur soit modifié de façon qu’elle s’harmonise avec le milieu environnant.

4 Artikelen ënnendrënner heescht et dann:

(5)

Par constructions légalement existantes dans la zone verte, on entend les constructions qui ont été autorisées par le ministre et qui ont fait l’objet d’exécution conforme à toutes les autorisations délivrées par le ministre, ou qui ont été légalement érigées avant toute exigence d’autorisation du ministre, et dont tous travaux postérieurs à la première érection ont été dûment autorisés et légalement effectués.

Op deen Artikel vum Gesetz goung d’Ministesch net weider an; well et e Recours um Verwaltungsgeriicht gëtt, seet si:”Et ginn Meenungsverschiddenheeten, also waarde mir am Ministère mol d’Konklusioun of vun de Riichter!” Dobäi stellen sech awer dach Froen! Ass an den An vun der Ministesch den Artikel 7.5 duerch den Artikel 7.1 ausser Kraaft gesat? Ass de 7.1 hierarchech méi wäert ewéi de 7.5? Huet d’Ministesch, respektiv de Ministère iwwerhaapt festgestallt, datt dat Gaardenhaischen net kompatibel ass mam Environnement?. Koum vum Ministère den Uerder, fir dat “Äusserlecht” vum Schapp ze änneren? Do kann ee just mat “neen” äntwerten, well de Ministère huet jo just op eng demande d’autorisatioun reagéiert.

Also hätt sech d’Verwaltung mussen op den Artikel 7.5 beruffen an dat hätt de radikale Baustopp bedeit, an dee gëtt am Artikel 73 esou präziséiert:

Art. 73. Pouvoirs du ministre

Le ministre interdit la continuation des travaux contraires à la loi ou à une décision ministérielle prise en vertu de la loi. Cette décision est affichée par les soins de l’Administration de la nature et des forêts aux abords de la construction.

Natiirlech waarden ech, zesumme mat all de Leit aus dem Ëmweltministère op de Verdikt vum Verwaltunsggeriicht, an awer sinn ech der Meenung, datt mat dësem Taktéieren d’Ministesch sech just iwwer eng kuerz Distanz gerett huet. Do hëlleft et och nëmme wéineg, datt de Parteikolleeg Traversini bereet ass, säi Gaardenhaischen ofrappen ze loossen. Hoffentlech net ze séier,,,!

Wat d’Geschicht vun der Millen zu Lauterbuer ugeet, kann ech verstoen, datt dat bei der Madame Dieschbourg un déi nervlech Substanz geet, ëmmerhinn handelt et sech ëm e Familjebetriib. Et geet allerdéngs net duer, sech driwwer ze beschwéieren, datt de Buergermeeschter  vun Iechternoach réischt elo mat senger Reaktioun kënnt a sech iwwer d’Präsenz vun enger Betonsdall wonnert. Sécher, de Mann huet d’CSV-Kaart an ech wëll et net ausschléissen, datt hien probéiert, der Ministesch eng auszewëschen. Allerdéngs seet de Mann, hien hätt direkt am Ëmweltministère telefonéiert, wéi hien d’Dall erbléckst hat, huet och am Februar an am Mäerz Bréiwer un dee selwechte Ministère geschéckt a géing nach bis haut op eng Aentwert op dee läschte Bréif waarden.

http://3.127.214.33/wp-content/uploads/2019/09/3-Lettre-Commune-nr2.pdf

Konklusioun: Der Ministesch huet een ofgesinn, datt déi Geschichten un d’Fëllementer vun hir selwer a vum Ëmweltministère ginn. Si war  opgereegt, dréchen am Monn, huet sech un d’Stéchwieder op hirem Blat gehalen. Dat zur Form. Wat dat Inhaltlech betrëfft: si wollt betounen, datt alles säin normale Wee goung, datt et sech net ëm Favoritismus fir e Parteikolleeg handelt, konnt awer net iwwerzeegen, wat d’Interpretatioun vun Naturschutzgesetz a groussherzoglecht Reglement iwwer de ‘Prënzebierg’ betrëfft. Et géing een also wonneren, wann d’Oppositioun elo schon déit lass loossen. Eischte Rendezvous ass haut Dënschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *