Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Petitioun géint de Bautevandalismus: en Häerz fir de Steen! 

Petitioun géint de Bautevandalismus: en Häerz fir de Steen!
Marc Thoma

 

“Petitiounen bréngen ëmmer eppes”, sot kierzlech an engem Interview d’Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun Nancy Kemp-Arendt am Lëtzebuerger Wort. Domadder sinn ech nëmmen zum Deel averstanen, well dacks hannerléisst d’Prozedur beim Initiateur vun der Petitioun just e Gefill vu Frustratioun: d’Politiker hunn hinnen nogelauschtert an ënnerhuelen dacks näischt oder net vill. Munchmol och grad esou gutt, well et ginn net wéineg Petitiounen, déi iergendeen Zoustand wëllen änneren, carrement ofschafen, ouni allerdéngs eppes Neits ze proposéieren.

Beispill: et gëtt verlaangt, datt d’Hëtzchampignonen op den Terrassen verbuede ginn, well si vill Gas verbrauchen. De Wiert mécht dat jo net einfach esou. Hie kënnt senger Clientèle entgéint an erwaart sech an der frëscher Saison zousätzlech Recetten. Datt déi am Fall vun engem Verbuet zimmlech sécher verluer ginn, interesséiert de Petitionär iwwerhaapt net. Et ginn awer och Petitiounen, déi een duerchaus sollt ënnerstëtzen, fir datt eng Diskussioun an der Politik a virun allem an der Gesellschaft ka lancéiert ginn. Virun 3 Méint war an esou engem Kontext d’Petitioun iwwer d’Waardezäiten fir eng Mammographie thematiséiert ginn an haut geet et ëm ee méi effikassen a koherenten Denkmalschutz zu Lëtzebuerg.

Do gëtt et op Facebook e Grupp dee sech nennt Luxembourg under destruction. Héiert sech bal esou un wéi wann de Grand-Duché déit beschoss ginn. Mä, mir brauche keng Kanounen, mir rappen ëmmer méi al a manner al Haiser a Gebaier selwer of, fir dacks ekeleg Këschten an d’Plaz ze setzen. Mir dinn domadder Spueren vun eiser Geschicht verschwannen, mä dat ass eis egal. D’Zerstéierung geet weider.

Dëse Grupp hat schonn virun zwee Joer eng Petitioun lancéiert fir e besseren Denkmalschutz an ass elo nees mat esou enger Initiative ënnerwee. “Statistiken ginn et keng”, schreiwen si, mä et ass manifest, datt verschidde Gebaier nëmmen dofir esou séier ofgerappt goufen, fir ze verhënneren, datt si net awer nach ënner Schutz gestalt ginn!” A si sinn entsat, datt de Staat selwer onersetzlech Gebaier oder Konstruktiounen, wéi d’Ettelbrécker Gare, d’Pattonsbréck oder d’Schlass vun Eesebuer zerstéiert, ouni datt iwwerhaapt en Debat doriwwer gefouert gouf. Lëtzebuerg, Grompere-Vollek?

Et ass also eng nei Petitioun ënnerwee, bei där sech zum Deel u Fuerderungen aus dem Ausland orientéiert gëtt. Zum Beispill sollt den Ament guer näischt méi ofgerappt ginn, fir an där Zäit kënnen driwwer nozedenken, op wéi eng Manéier een déi al Gebaier kéint weider notzen. Dobäi geet et och drëm ze verhënneren, datt Gebaier Jore laang eidel stinn, bis datt si dann enges Daags an e Koup falen oder d’Affer vu Bulldozer ginn.

Eng Petitioun also am Genre wéi bei den Déieren: en Häerz fir de Steen!

Mat der Hëllef vum Marc Thoma hu mir eng Rei Beispiller erausgepickt a fotograféiert.

K.Waringo
KWaringo

Oder déi heiten:

Biereng KWaringo
Areler Strooss
KWaringo
Miersch beim Agrocenter
Karingo
An der Eecher Strooss
KWaringo
Polfermillen Villa Conroth
KWaringo

 

Mamer “Wëllebau”

Miersch Agrocenter
KWaringo

An hei als Kontrast Biller aus der Photothèque vun der Stad Lëtzebuerg

Photothèque VDL
Photothèque VDL
Phodtothèque VDL
Photothèque VDL

Vun haut un bleiwen fir d’Petitioun nach just 17 Deeg fir déi verlaangten 4500 Ënnerschrëften zesummenzekréien, fir datt deen SOS kann an der Chamber wéinstens undiskutéiert ginn. Um Mikro vum Marc Thoma hëlt d’Bauteschützerin vun der éischter Stonn, Karin Waringo kee Blat virun de Mond….

D’Nummer vun der Petitioun ass 2477. ” Pour une protection cohérente et efficace du Patrimoine architectural luxembourgeois”.

Vollek, huel de Griffel eraus!

Related posts

2 Comments

  1. Peter Kleijnenburg

    Super cette article. Svp signez la pétition 2477 et faites suivre le lien. Arrêtons la destruction du patrimoine et gardons au moins ce qui reste encore de la beauté, charme, histoire et identité du pays.

  2. Frank Bertemes

    Ech schléisse mech deem un an hunn déi Petitioun och schonn ënnerschriwwen. ‘t ass wichteg, dee wertvolle Patrimoine z’erhalen, et muss een allerdings no objektiven Expertisen däitlech Kriterien definéieren…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *