Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Gréng Märchestonn? 

Gréng Märchestonn?
image credits: pixabay

Déi Gréng an Däitschland hu sech bekanntlech nei opgestallt. No bausse wëll d’Partei net méi déi sinn vun de Fundi, de Müsli-Apostel, vun den Ayatollah. D’Partei wëll esou liberal sinn wéi nëmme méiglech, wäit ewech vum alen Image als Verbuetspartei. Kee grénge Politiker, kee Parteimember seet dem Bierger an der Ëffentlechkeet, wéi hien ze denken, wat hien ze maachen huet. Déi Aarbecht gëtt an Tëschenzäit vun anere Säite gemaach, vun Instituter wéi déi däisch Bundesumwelthilfe (DUH), eng net staatlech Organiatioun, déi d’BRD an Otem hällt mat den Diesel-Autoen, respektiv mat där hierem Dreck, deen se ausstoussen.Elo mellen sech Wëssenschaftler zu Wuert, an och, wann an deene Reien iwwer d’Thematik gestridde gëtt, esou gëtt d’Diskussioun endlech op e sachlechen Niveau gesaat!

Eng 100 Longendokter a Wëssenschaftler hunn e Pobeier ënnerschriwwen, an deem als Konklusioun festzehaalen ass: alles, wat bis ewell an Teutonien gesot a geschriwwe gouf a Saachen NOx wier duebele “B”, also Bluf a Blödsinn. Päng! Déi sëtzt! Well et war ausgerechent ginn, datt duerch de Stéckstoff an der Loft 13.000 Leit pro Joer géinge stierwen an duerch de renge Stëpps esouguer der 80.000

image credits:youtube.com

NaDen Dieter Köhler ass de fréiere President vun der Associatioun vun de Pneumologen an Däitschland, an hien ass formell: bis ewell hätte weder hien nach aner Beruffskollegen keen eenzege Mënsch gesi stierwen, wéinst NOx oder wéinst rengem Stëpps! Déi ablacklech niddereg Grenzwäerter fir den NOx aus den dieselauspuffen wieren näischt aaneschters wéi totale Quatsch!

Bis ewell ass alles breet getrëppelt ginn, wat aus deem gréngen Eck esou kolportéiert gouf. Däitschland ass zanter Méint an enger Diesel-Schock-Starre!Och d’Geriichter hunn net grad vill hannerfrot, wéi zum Beispill: virwaat läit de Grenzwäert an der Loft bei 40 Mikrogramm pro Kubikmeter Loft, a bannen an de Bureau bei 60 Mikrogramm?! Dat mécht jo iwwerhaapt kee Sënn. Do wou produzéiert gëtt, sinn ëmmerhinn 950 Mikrogramm erlaabt, an DIE WELT schreiwt, datt an der Schwäiz op der Aarbechtsplaz 6000 Mikrogramm zoufelooss sinn.

Natiirlech ass et schwéier, sech elo dorauser e Reim ze maachen. Wat mir déi lescht Méint esou alles ze héiere kruuten, soll op emol net méi wouer sinn?!

image credits:pixabay

Natiirlech haaten VW a & eis erageluecht an et huet eis gutt gedoen, wann  dës Konzerner an der Ëffentlechkeet an op de Geriichter wéi Salami zerluecht goufen, ma e bësselchen hypokritesch wore mir dobäi schonn: wéi de Skandal -an et ass een!- opgeflu war, hunn ech vill Leit, déi sech driwwer opgereegt haten, gefrot, ob si da wéissten, wéivill Knascht hire Woon dann esou géing ausstoussen. Keen eenzegen konnt mir eng Aentwert ginn, ausser een, an dat ass en absolutte Autofreak. Et goung also bis ewell éischter drëm, deene Konzerner eng zeréck ze dicksen! Et huet eis gutt gedoen, deenen hier Cheffen an der Ëffentlechkeet bludden ze gesinn, wéi de Schweess hinnen op der Stir stoung; et koum bei eis d’Gefill op: Dir hat geduecht, Ierch alles kënnen ze erlaaben. Aber Hallo! Der Kunde ist König”. An aus deem Client gouf am Laaf vun de Méint e Bettler, deen sech huet musse soe loossen, datt seng bleche Kutsch ze aal wier, datt se muss géint eng nei ersaat ginn, am anere Fall misst de Woon an der Garage bleiwen.

image credits: pixabay

Et ass schwéier ze soen, ween dann elo Recht huet! Dee gréngen Eck oder awer dach éischter d’Wëssenschaftler?

Eppes kann een awer elo schonn als Lektioun bäibehaalen: et ass nie schlecht, eng sougenannten Informatioun ze hannerfroen, besonnesch, wann et sech ëm esou Hiobsbotschaften handelt ewéi am Fall DIESEL. Am Journalismus gëllt d’Gebot vum “double check”, wëll heeschen: et kritt een eppes zougestach, an dat léisst ee sech vun op d’mannst zwou anere Säiten confirméieren,…oder eben net.An dat war an dësem spezifesche Fall nëmme vu ganz wéinege Medie gemaach ginn. D’Journalisten woren op en Neits am Mainstream mattgeschwommen; dobäi muss ee soen, datt et och schwéier war, e kompetente Gespréichspartner ze fannen, dee bereet gewierscht wier, op d’déck Tromm ze schloen

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *