Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Pandemie: Jugend, bleif doheem! 

Pandemie: Jugend, bleif doheem!
Image par carineva de Pixabay

d’Regierung huet also d’Handbrems gezunn. Et gëllt – dem offiziellen Vokabulär no- eng Ausgangsspär vun 11 Auer Nuets un. Déi Terminologie ass geschéckt erausgesicht. Eischtens mécht een et den Nopeschlänner no, zweetens brauch een net déi ganz Wouerecht ze soen. Wann et bis eescht gëtt…

De klore Message wär gewiescht: déi meescht Infektiounen kommen aus dem Horesca-Secteur, absënns aus de Bistroen, an dat an der Haaptsaach zu spéider Stonn. Well firwat sos hëlt een dës Decisioun?! Dat esou däitlech ze soen, wär eng Frontalattack op de Secteur gewiescht! Déi ugepeilten Restriktioun betrëfft elo an der Haaptsaach déi Jonk. Déi eeler Generatioun geet héchstens e Bifdeck mat Fritten iessen, drénkt duerno e klengen Digestif a mécht sech mat Zäiten op den Heemwee. Déi meescht vu Pätter a Giedel leien also fir d’Spärstonn am Bett. An deen Ament gëtt d’Jugend wéi den Dracula waakreg!

D’Nuetsliewen zitt déi Jonk un wéi e Magnéit, villäicht well si ënnert sech sinn, ouni Erwuessener, ouni Bopi a Bomi. A verschidde Café geet et héich hir. Firwat soll d’Jugend vun haut och aneschters sinn ewéi d’Generatioune virdrun?! Ma et ass nun emol esou, datt grad déi Jonk vun dëser Ausgangsspär betraff sinn. Et hat ee just net de Courage, et ze soen. 90 Prozent vum Land sinn zu där Stonn virum Tatort oder dem Wort zum Sonntag ageschlof iwwerdeems 10 Prozent ufänken, wibbeleg ze ginn.

Wien um 11 Auer wëll doheem sinn, muss nawell gären géint 10 den Dësch verloossen. Do kënnt fir d’Jugend kee Spaass ob. Wär et net ubruecht gewiescht, Zuelematerial ob den Dësch ze leeën, déi souzesoen beleeën, datt effektiv vill Infektiounen aus dem Horesca-Nuetsliewe kommen?! Wann d’Geknouters ënner dem Vollek ëmmer méi haart gëtt, da wuel och well d’Kommunikatioun vun der Regierung ze wënschen iwwereg léisst. Wat soll zum Beispill dee Saz vun der Ministesch: “D’Zuel vun den neien Infektiounen goung och bei den net-Resident erop”, wann déi Zuel iwwerhaapt net genannt gëtt? Ah, jo! Et däerf jo nëmme keen stigmatiséiert ginn!

Decisiounen ginn awer ëmsou besser acceptéiert, wou si gutt explizéiert sinn a wou de Bierger si kann novollzéien. An et versteet een, datt esou munchereen de Kapp rëselt. Och iwwer de Robert Koch Institut. Nom éischte Slogan Masken, Masken koum den testen, testen an elo ass et den lüften, lüften. Kanner – kleng a grouss- sëtzen an der Schoulbänk, Enseignant um Pult a schnadderen sech zesumme waarm. Ass dat nach verstänneg? Hu mir et därmoossen verléiert, selwer ze denken? Den RKI eisen neie Messias?!

… Wëssenschaftler gesinn d’Problematik just mam Brëll vun der Wëssenschaft…

Besonnesch d’Situatioun bei eisen Nopeschlänner huet mir déi lescht 6 Méint nees gewisen, wéi wichteg Politik ass. De Politiker kann a muss sech vun Experten, Infektiologen, Virologen, Immunologen etc. berode loossen, ma et ass in fine un him, eng Decisioun ze huelen. Glécklecherweis! Well de Wëssenschaftler tendéiert dozou, eng ganz schmuel Vue ze hunn, alles ronderëm de Virus, keng Anung vum Fonctionéieren vun der Gesellschaft. Géint de Virus geet de Fuerscher souzesoen iwwer Läichen.

An deem Sënn war et richteg, datt Kapitänen à la Macron a Merkel Wëssenschaftler mat an d’Boot geholl hunn, mat an den Decisiounsprozess. Zu Lëtzebuerg ginn déi rezent Moossnamen duerch d’Parlament; ech erwaarde mir e bësselche méi, ewéi just en Duerchwénken vum Gesetz!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *