Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Gesondheet

Gewulls an de PCR-Tester an an der Impfcampagne 

Gewulls an de PCR-Tester an an der Impfcampagne
Image par Sammy-Williams de Pixabay

virun engem Mount hat ech d’Geschicht vun der Madamm Sandra  https://bit.ly/3v1aMtw erzielt. D’Fra, bal 65 Joer al, hat sech op eng Vakanz op Gran Canaria gefreet. 44 Stonnen virum Depart krut si d’Resultat vum Laboratoire gesimst: positif faible. 3 Deeg duerno goung si an e weideren Test mam Abrakadabra-Resultat, datt si negativ wor. Fliger fort, Suen futsch, Äddi Vakanz. Eran an den Isolement an no e puer Deeg nees eraus. Der Fra hier Geschicht kritt ee klengt Nospill.

Et geet hei net drëm, d’Gesondheetsministesch platt ze maachen. D’Madamm Lenert huet sech iwwerschafft a soll sech ausrouen. Op eng Ambulanz schéisst en net! Ëmsou manner, wou d’Ministesch mat Sécherheet villes richteg gemaach huet. Wat falsch gelaf ass, soll een net als Virworf formuléieren oder interpretéieren – schliisslech war et déi éischt, richteg Pandemie, mat där déi modern Zivilisatioun konfrontéiert gouf-, an awer soll een et thematiséieren.

D’PCR-Tester si Blödsinn, den tracing ass e Witz. D’Madamm Sandra war also bannent 3 Deeg vu positiv op negativ gewiesselt. En Dokter op der Santé gouf als Explikatioun: Dir hutt Iech mat Sécherheet virun enger Zäitchen ugestach, Dir hat keng Symptomer, d’Infektioun goung onbemierkt zeréck, sou datt Dir den Dag vum éischten Test nach just liicht positiv waart. Kléngt iergendwéi plausibel an et gëtt een sech domadder zefridden.

E Mount drop goung d’Fra an de Blutttest. Sollt si sech tatsächlech ugestach gehat hunn, misste jo iergendwéi Antikierper ze fanne sinn. Quetschen och! D’Sandra ass op der ganzer Linn negativ…op d’mannst serologesch gesinn…

gkonline

Eppes geet do net op, klappt net an et ass d’Fro (op en Neits) ze stellen vun der Seriositéit vun deenen Tester, déi d’Land bis ewell iwwer 60 Milliounen Euro kascht hunn. Dem Sandra hiren Dram vun enger Vakanz war geplatzt, e puer dausend Euro am Eemer, déi zwar bal integral vun der Versécherung rembourséiert goufen an déi nawell eng Belaaschtung fir d’Ekonomie bedeiten. Vun der Seriositéit vum tracing net ze schwätzen! Op deem Plang gouf ze soen keng Fro gestallt a grad ëm den tracing sollt et jo eigentlech goen….

“…Fake News?…”

D’Impfungen lafen (endlech) crescendo un an d’Regierung huet en Informatiounsblietchen un all Stot verschéckt. Do kritt een d’Strategie explizéiert- et ass jo schliisslech Krich. Esou ganz mat oppene Kaarten gëtt allerdéngs net gespillt. Et gëtt engem éischter eppes virgespillt. Rieds geet nämlech vu 4 Vaccin: BioNTech, Moderna, AstraZeneca, Janssen. Dat liest sech grad wéi wann een de Choix hätt, esou wéi am Rayon am Supermarché. An der Theorie. D’Realitéit ass komplett aneschters.

E Beispill ënnert villen, déi mir zougedroe goufen: e Mann goung an den Impfzentrum a sot ausdrécklech, datt hien keen AstraZeneka wéilt hunn. 60 Joer al, mat enger Kriibsvirgeschicht, donieft en AVC an déi eng oder aner Thrombose. Also Argumenter net vun der Heck gepléckt, déi géint dësen Impfstoff schwätzen. Den Här krut wéi zeg aner Persounen, déi mir bekannt sinn, lakonesch geäntwert: “ et ass entweder den AZ oder et ass näischt”! De Mann huet refuséiert an huet ongesprëtzt den Zentrum verlooss. Keen Eenzelfall.

Kloer! En Impfzenter ass definitiv net e Cactus oder e Lidl. Ma just an ausgerechent dee Vaccin proposéieren, deen zanter Wochen ëmstridden ass, dat ass villäicht net déi richteg Strategie fir d’Impfen ze stimuléieren! D’Statistike weisen souwisou, datt mir et kéinte besser maachen. 31 Prozent vun eise geliwwerten Impfstoffer bleiwen den Ament leien! Domadder si mir bal Europa-Champ. Den Ament,- an dat no déck 3 Méint- sinn 25.000 Persounen mat enger 1. an 2. Dosis geimpft…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *