Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Justiz

SRE(L) – déi nämmlecht Prozedur ewéi fir all Legislaturperiod? 

SRE(L) – déi nämmlecht Prozedur ewéi fir all Legislaturperiod?
Bild von Pete Linforth auf Pixabay

De lëtzebuerger Geheimdéngscht steet ëmmer nach op wackelege Féiss. Vu senger eegener Affär virun 11 Joer  – déi zum Doud vun der Aera Juncker gefouert huet- konnt hien sech ni richteg erhuelen; duerno koum de Skandal vum “Casier Bis” mat bis zu 70 geheimen Dateien an der Justiz an nach eemol eng 60 där Fichier an der Police. Den Zougang zu deene verschiddenen Datebanken huet mussen nei a méi streng gereegelt ginn, woumat d’Liewen vum SRE(L) net grad méi einfach gouf.

De Pol Reuter vun reporter.lu weist zurecht drop hin, datt de service de renseignements ëmmer manner Här a Meeschter gouf iwwer seng eegen Situatioun an datt hien Problemer hat fir d’Conditiounen vun enger korrekter security clearence z’erfëllen. Ausgerechent bei engem Geheimdéngscht!

Bild von Elchinator auf Pixabay

Ënner security clearance ass sech eng ganz Prozedur virzestellen déi een Ugestellten oder Kandidat fir e bestëmmte Posten muss duerchlafen, fir um Enn de Status ze kréien, datt hien e “séchere” Mataarbechter ass: zolidd a korrekt Mentalitéit, trei vis-à-vis vu senger Administratioun, e standfeste Kärel, deen e Geheimnis kann vir sech halen an net direkt eraustrotert. E Mënsch also op deen ka gebaut ginn.

Esou eng security clearance ass grad fir e Geheimdéngscht den “A” an den “O”! Seng eegen Ugestellten mussen op Häerz an Nieren ofgeklappt ginn. An dat gëllt och fir zig aner Beruffer: Arméi, Police, Justiz, Diplomatie, héijer Staatsfonctionnären. U sech sollt eng Sécherheetsagence déi Fiduz-Zertifikater ausstellen, ma déi nei gegrënnten autorité nationale de sécurité hat zanter der Affär casier bis grad esou Problemer fir u gewëssen Informatiounen ze kommen an esou huet en Département aus dem SREL virleefeg déi Roll als controlleur iwwerholl. A Rumms! Mam Aarsch an d’Brennnessele gesat!

De President vun der Personaldelegatioun beim SREL gouf nämlech vun engem balteschen NATO-Partner kontaktéiert, eigentlech éischter mat enger präziser Fro konfrontéiert: “wéi ass dat? Mir kréien iwwerhaapt keng Informatioune méi vu Lëtzebuerg! Wat ass bei Iech lass?” De Mann huet geäntwert a gouf déi néideg Explikatiounen. Mam Resultat datt hien zanter 6 Méint entlooss ass, an zwar an allen Onéieren, also sinn och seng Pensiounsrechter futsch! De Mann krut vu senger Direktioun virgehäit, net den hierarchesche Wee respektéiert an ouni Erlabnes geheim Informatiounen un eng Drëtt-Persoun weidergeleet ze hunn.

Bild von Tumisu auf Pixabay

Den Ex-Geheimdéngschtler sëtzt zanter Februar souzesoen op der Strooss. Ausgerechent e Personaldelegéierten, dee vum Gesetz hier besonnesch misst geschützt sinn! Hien ass mat sengem Dossier um Verwaltungsgeriicht fir seng Rechter anzekloen. Dëst trauregt Eenzelschicksal vun engem Mataarbechter ass eigentlech Blamage genuch fir de Geheimdéngscht, ma

“…den absolutte Skandal…”

ass d’Tatsaach, datt de Grand-Duché keng Méiglechkeet huet fir eng seriö security clearance. Dat muss een sech op der Zong zergoe loossen: Lëtzebuerg ass dat eenzegt NATO-Land ouni eescht an eeschtzehuelen Iwwerpréifungsprozedur. Dat ass schonn ongeheierlech. An dorunner ass net de SREL Schold – op d’mannst net eleng-, ma virun allem d’Politik déi d’Saache schleefe gelooss huet. Iergendwéi erënnert et mech un d’Geschicht vu Sandstone mam Frank Schneider. Ma et kënnt nach besser!

Do musse mir zeréckgoen an d’Joer 2018. Haaptacteur: nees de SRE. Et gouf an där Zäit bei engem social engineering-Test eng gefakte Luxtrust-Säit opgemaach. De lëtzebuerger Spëtzeldéngscht hat dofir eng Spionagesoftware zur Verfügung gestallt krut, mam Numm PEGASUS. Op Wikipedia fënnt een dozou dat heiten: Pegasus ist eine Spyware des israelischen Unternehmens NSO Group zum Ausspähen von iOS– und Android-Geräten.[1] Die Software kann unbemerkt auf sämtliche Daten zugreifen und sie über das Internet versenden.[2][3] Pegasus wurde im August 2016 durch die Sicherheitsfirma Lookout und durch Citizen Lab (Universität Toronto) entdeckt und analysiert. Sie gilt als eine der mächtigsten jemals entwickelten Cyberwaffen[4][5] und wird in erster Linie an Staaten vermarktet. Laut den Entwicklern wird die Cyberware nur vertrieben, um Regierungen in der Bekämpfung von Terrorismus und Kriminalität zu unterstützen, jedoch wurden auch JournalistenMenschenrechtlerAnwälte und Politiker mit Hilfe von Pegasus ausgespäht. Heftegt Spillgezei also! Eng Zort Leopard-Panzer am Cyberkrich!

Déi gefakte Säit kéint an der Zäit duerchaus d’Ursaach gewiescht sinn vun “technesche Problemer” op der Originalsäit vun Luxtrust. Am Juli deemools war déi Säit tëscht 19 Auer 50 an 23 Auer 42 net ze erreechen. Erwisen ass offiziell näischt. Den CSV-Deputéierten Marc Spautz hat an deem Kontext eng parlamentaresch Fro gestallt an de Wirtschaftsminister Etienne Schneider hat sech gutt 3 Méint Zäit gelooss fir um Enn näischt ze soen: et hätt sech ëm eng normal Pann gehandelt.https://bit.ly/3Dy2jU4

Bild von Gerd Altmann auf Pixabay

Wärend där Testperiod am Joer 2018 waren natierlech eng ganz Partie Leit op deen Double vun der Luxtrust-Säit eragefall, dorënner 4 Mataarbechter vum SRE déi dës Säit privat besiche goungen. Ee vun hinnen huet wéinst där Säit d’Police ugeruff…an sech prompt dowéinst mussen virun senger Direktioun justifiéieren. De SRE hat sech seng privat Handynummer gefëscht, Pegasus sei dank.

Do laachen d’Hénger a falen vun der Staang erof! D’Direktioun hat keen – ausser e puer Techniker- iwwer déi Testaktioun an d’Bild gesat an den Ugestellten huet sech quasi mussen fir säi Behuelen entschëllegen! De Fousshannebäi kann sech d’Direktioun selwer ginn. An et stellen sech Froen.

War déi Aktioun PEGASUS vun uewen erof accordéiert? Hat de Staatsminister gréng Luucht ginn? Wa jo, waren d’Memberen vun der zoustänneger Chamberkommissioun doriwwer informéiert ginn? Wann neen, wär et net un der Zäit, dat séier nozehuelen? Wär et net och ubruecht, datt an der parlamentarescher Kontrollkommissioun eng Enquête iwwer de lëtzebuerger Geheimdéngscht decidéiert gëtt?

D’Envergure ass déi Kéier zwar bedeitend manner grouss ewéi virun 10 Joer, an dach weisen déi eenzel Geschichten an Tëschefäll, datt et beim SREL ëmmer nach drënner an driwwer geet. A virun 10 Joer krut d’Affär ronderëm dat berüchtegt Auere-Gespréich an Telefonsecouten eng Eegendynamik ewéi si bis an der politescher  Ziilscheif war- iwwregens eng manipuléiert Eegendynamik.

Eleng d’Tatsaach, datt de Grand-Duché keng geséchert clearance huet, misst jo deen een oder anere Politiker wakereg maachen, aus dem Schwammbaséng dreiwen fir eng parlamentaresch Fro ze stellen. Schliisslech geet et och ëm d’Sécherheet vum Land!

Et ass kaum dermadder ze rechnen, datt déi zoustänneg Kommissioun nach virun de Walen zesummekënnt, also kee Skandal virum 8. Oktober. Souwisou sinn déi SREL-Raibergeschichten strikt geheim, et sief et géif grad ewéi virun 10 Joer e Medie-Flüsterer ginn. Da kéimen wuel net nëmmen d’Clearance an de PEGASUS op den Dësch, ma nach déi eng oder aner Schnok als Kiischt uewen drop!

 

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Ech hun den artikel vum Eringer an der commentaire sectioun gelies.
    Bof…vill spekulatioun a weineg wessen.
    Villes as meiglech…e genie vum spionage wei den haer Schneider hei duergestallt get dierft keng grouss problemer hun sech nei reesdokumenter mat enger neier identiteit ze besuergen an richtung vun engem land ze jetten ,wat keen extraditiouns accord mat Washington huet.
    Op alle faell bonne chance fir de Fraenk Schneider…wenschen him dass en eisen amerikanesche “frenn” net an d graepp fellt.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *