Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Gegrommels aus dem Vollek: oppene Bréif un de ‘Xavier’! 

Gegrommels aus dem Vollek: oppene Bréif un de ‘Xavier’!
image credits: pixabay.com

oppenen Bréif un den Xavier Bettel

Lëtzebuerg haut den 23. Abrëll 2020

Léiwen Xavier,

Ech hoffen vun Härzen et geet Dir gudd. Ech sinn mir do nämlech leider nëtt esou secher wells Du zanter enger Zaitchen oofgetaucht bass (esou kënnt et mir vir) an wéi ech Dech déi läschten Kéier um Fernseh gesinn hun, hues de op mech, entschëlleg mech datt ech daat schreiwen, keen esou souveränen Androck gemaach.

Mir kennen eis zwar perséinlech nëtt obschon mir allen zwee Réiserbänner sinn mais ech sinn eng Fra vun 50 Joer an sinn wéinst ménger schwéierer Multipler Sklerose sait méi ewéi 10 Joer am E-Rollstull an kommen zanterhir weider néierens méi hinn. Daat war bis elo eigentlech kee grousse Problem well meng Famill an Frënn sinn gären bei mech heem komm. Sait 5 Wochen ass daat awer leider eriwwer wéinst deenen drakoneschen Moossnahmen déi’s Du an Déng Regierung décidéiert hunn wéinst dem SarsCov2 Virus. Ech hun daat ugangs och gudd verstaan besonnesch well ech jo selwer eng „personne vulnérable“ sinn. Fir t’éischt ellen ass et mir allerdéngs ginn wéi kloer gouf datt déi mesuren keng kloer Befristung haaten mais esouzesoen à durée indéterminée Gültegkeet sollten hun. Dunn huet et an enger offizieller Verlautbarung vun der Santé geheescht et soll een keng Masken undoen well daat ging naischt bréngen, haut, 4 Wochen duerno, duerf een ouni Mask d’Haus nëtt méi verloossen. Daat ass jhust een vun villen Revirementer déi een éierlech gesoot e bëssen zweifelen loossen ob do nach een weess waat en mecht.

Zanterhir, also sait mëttlerweil 5 Wochen, heescht et „Bleiw doheem“, an et gesait haut nëtt durno aus als hätten Du an Déng Equipe Wëlles schnell eppes dorun ze änneren. Eischt grouss Zweifel un deem waat grad geschitt sinn mir komm wéi eng ëmmer méi grouss Unzuel vun Wëssenschaftler, deels sommitéiten op hirem Gebitt, den Immunolog Dr Suchart Bakhdi, den Rechtsmedeziner Dr Klaus Püschel oder den Direkter vum INSERM den Dr Didier Raoult sech ganz skeptesch zum medezineschen an wëssenschaftlechen Notzen vun deem Lockdown geäussert hun, an oppen déi mesuren a Fro stellen. Ech weess nëtt vun weems Du an déng équipe Iech berooden loosst, doriwwer gëtt nëtt kommunizéiert an déi Informatiounen déi d’Lëtzeburger iwwert déi lokal Medien kréien sinn fein ausgedréckt ondifferenzéiert an glaichgeschalt. Et gëtt keng presse advèrse méi hei am Land an daat heescht datt et och jhust nach eng Meenung gëtt, eng „pensée unique“ an déi beseet lapidar „Bleiw doheem“. Daat Ganzt gëtt encadréiert vun enger Glaichschaltungs- an Angscht-Campagne vun der ech gehofft haat mir hätten daat mam 3. Raich hannert eis gelooss. Ech stellen mir folgend Fro: Wann dann déi mesuren wirklech vun Fakten gedeckt sinn, déi jo dann all Mënsch ganz real misst gesinn, woufir déi Propaganda ? Woufir daat Hin an Hir mat deenen offiziellen chifferen an Verlautbarungen ? Woufir déi orchestréiert Angschtmaacherei ? wou an der Realitéit d’Spideeler nëtt iwwerfëllt sinn an den taux vun Neiinfektiounen extrem niddereg ass. An à propos chifferen: Laut offiziellen Zuelenmaterial vun Euromomo an RKI (déi jiddereen sech kann erooflueden) ass d’Reproduktiounszuel vum SarsCov2 ënner 1, an war daat schon VIRUM Lockdown an ass mëttlerweil op 0,7 erof. Normalerweis heescht daat datt d’Pandemie eriwwer ass well kaum nach een sech ustecht. An et stecht keen sech méi un well d’Leit immun géingt deen Virus sinn, esou datt et strictement falsch ass ze behaapten et kéim eng „zweet Well“. Et gouf bis haut keng „éischt Well“ an daat ass noweisbar nëtt den bienfait vun dem Lockdown well do wou keen Lockdown ass, an Schweden zum Beispill ass daat glaichermoossen de Fall.

Léiwen Xavier, kann et sinn datt’s Du an déng Régierungséquipe daat alles längst wessen ? Kann et sinn datt et Iech alleguer bewosst ass datt den Lockdown e gewaltegen Feeler war ? Firwaat haalt Dir un drakoneschen mesuren fest wou zumindest grouss Zweifelen iwwert hiren bien fondé bestinn an wisou gëtt keen öffentlechen débat gefouert wou jiddereen ugehéiert gëtt deen eppes ze soen huet an sain Standpunkt kann vertrieden ? Et duerf een géingt déi mesuren nett emol démonstréieren goen, an d‘Police mecht eng regelrecht Mënschejuegd op Spazéiergänger an invitéiert d’Leit zum Denunziantentum wann en Nooper Besuch huet… Waat Xavier soll daat ? An wéi eng Brennesselen hues Du Déng liberal Werter gehait ? Waat fir eng nei Ordnung wëll een hei schaafen ? Wien mecht déi ponderatioun tëscht Käschten an Notzen vun deenen mesuren ? An ech schwätzen do nëtt eleng vun wirtschaftlechen Käschten. Waat ass mat eisen Kanner déi wochenlaang hir Frënn nëtt méi duerfen erëmgesinn, op der Strooss jhust nach maskéiert Mënschen gesinn an en rout Bändchen ronderëm hir Spillplaatz gespaant kréien ? Pardon wann ech mech e bëssen méi cru ausdrécken mais déi behaalen dach all en Knacks.

Waat ass mat Leit ewéi mat mir ? D’Leit vun méngem Reseau déi drai mol am Daag kommen hun all Masken un, ech hun sait Wochen keen mënschlecht Gesiicht méi gesinn, wees Du Xavier waat daat engem op der Séil laascht no enger Zait ? Firwaat ass hei Maskenpflicht wou et jo offensichtlech an aaneren Länner genau esou gudd ouni geet ? Oder an Schweden ouni Masken an ouni Confinement ? Ech duerf och main Papp vun 80 Joer deen am Altersheem ass nëtt besichen fueren mam Adapto an ech hun Angscht datt ech en vlaicht ni méi wärt eremgesinn, an wann dann jhust maskéiert.

Léiwen Xavier, esou kann et dach nëtt sinn. Et gëtt Zait datt’s Du an dain Härz kucks, déng Ängschten kontrolléiers amplaatz si Dech (an ons aaner mat), déng Responsabilitéiten iwwerhëlls an deen Courage weis deen Dech zou deem aussergewéinlechen Personnage gemaach hun, deen vun esou villen vun eisen Landsleit an Matbewunner geschätzt gëtt, an deen Mann bass deen elo direkt d’Liewen fir eis all ërem liewenswert mecht, zesummen an engem Boot, an nëtt jiddereen eenzel an eleng op séngem klengen Stéck Treibholz.

Mister Bettel: Open this gate, Mr Bettel tear down this wall !!!

Bescht Gréiss an #anFraiheetzesummen,

Patricia Frank

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *