Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Coronavirus: Gott säi Wierk? 

Coronavirus: Gott säi Wierk?
Image par James Chan de Pixabay

ech wëll kengem ze no trieden: de reliéise Glawen ass jidderengem seng perséinlech Saach. Mäi Verhältness zu der Kierch ass zanter net grad 50 Joer gestéiert, zanter ech Saachen an der Schoul geléiert gi sinn an ugefaangen hunn, mir e klengt eegent Bild vun dëser Welt ze maachen. Dofir wor ech ëmsou méi verwonnert, wéi ech dës Woch en Interview am däitschen Spiegel mam Marx gelies hunn. Nee! Net deen, deen anere Marx, de Kardinol Marx, de Kommunist ënnert de Chrëschten!

Ob d’Fro, wat hien perséinlech deene Geeschtlechen géif äntwerten, déi der Meenung sinn, datt de Covid-19 eng Strof vum Härgott ass, äntwert de Mann jo tatsächlech:”…viele bauen ihn (Gott) ein in ein System von Strafe und Verfolgung, Verlust und Gewinn und benutzen ihn so für ihre Zwecke…” Et géif ee bal mengen, de Mann hätt meng Ried geklaut! Dat do aus dem Mond vun engem Kardinol, also engem ‘décken Würdenträger’! Ech kommen aus dem Staunen net eraus, stelle mir Froen.

War et net d’Kierch, déi ronn 2000 Joer d’Leit ouni dee richtege Glawen verfollecht a bestrooft hat? Wor et net d’Kierch, déi vill Kricher lancéiert hat, ëmmer am Numm vu Gott? War et net déi nämmlecht Kierch, déi d’Fra ënnerdréckt, als Hexen verbrannt an déi Homosexuell verdäiwelt huet?! Spiggelt net déi ganz historesch Geschicht vun der Kierch als Institutioun dat bluddegt Spill erëm vu Verloscht a Gewënn, am politeschen, am wirtschaftlechen an am gesellschaftleche Beräich?! Honnerte Millioune Leit kruten der am Laf vun der Zäit an d’Schnëss, wann et domatter duergoung!

“aber Gott ist kein Teil der Welt”, fiert de Mann weider. Ech si paff! Ech war geléiert ginn, datt Gott de Weltall an eis kleng Äerd zesumme gebastelt hat an datt op déi Manéier seng “Séil” iwwerall erëm ze fanne wier; e bësselchen ze vergläichen mat engem Tableau oder enger Skulptur, wou ëmmer e Stéck vum Meeschter, vum Schöpfer dran ze fanne ass. A Sonndes war hie mitt an huet gerascht…

Esou krut ech nach erzielt, datt een – wann d’Mamm doheem Kallefskotlett gemaach hat- dem Härgott misst Merci soen, datt dat Källefchen esou vill Fleesch ronderëm de Schanken hat. Et war eng Quisel, déi mir dat sot, ma ech acceptéieren nach haut – villäicht esouguer virun allem haut!- de Grondgedanken, datt een soll Respekt hunn virun deem, wat een um Teller leien huet. An deem Källefchen war allkéiers e Stéck Gott derbäi! An dat soll elo net méi wouer sinn?!

De Marx fiert weider mat sengen Explikatiounen:”Gott ist das absolute Geheimnis, das für den Menschen nicht zugänglich ist….(.) Was also hat Gott mit Corona zu tun? Ist er Dunkelheit, Verderben, Tod und Vernichtung?. Nein. Der Urgrund ist die LIEBE”. Ech probéieren dee Saz ze verstoen, a kommen zur Konklusioun: Gott ass a bleiwt fir eis e Mysterium, ma mir solle wëssen, datt dat Geheimnis als Fundament näischt aneschters huet wéi d’Léift!

léift kënnt ëmmer gutt unn, verkeeft sech gutt, e bësselchen sex and crime géife mir haut soen. D’Iddi verkeeft sech awer nach laang net ëmmer! Ass et wierklech nach Léift, wann Gott Millioune Leit an engem Vulkanausbroch, an engem Äerdbiewen, an engem Tsunami ersaufen an erstécke léisst? Ass et en Zeeche vu Léift, wann Afrikaner Honger leiden, Kanner a Syrien vu Klengem unn geléiert ginn, richtege Krich ze spillen?

Huet Gott dann elo eppes mat Corona ze dinn oder net?? Hie steet net fir Tod und Vernichtung, ma fir d’Léift! Also muss dee Virus och eppes Gutts hunn. Die Liebe ist der Kern des Christentums. Ma wéi gesot, ech verstinn näischt vun där doten Zort Glawen….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *