Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Fokus, Piraten, même combat? 

Fokus, Piraten, même combat?
Photo by Pixabay: https://www.pexels.com/photo/group-of-people-holding-arms-461049/

 

Fakt ass, datt et Kontakter goufen tëscht Fokus a Piraten fir eng eventuell Kollaboratioun tëscht béide Parteien. Wat duerchaus Sënn mécht! D’Piraten wäerten an den nächste Parlamentswahlen zwar net op déi vun der ILRES prophezeiten 6 Sëtz kommen, sech awer dach verduebelen an also als ee vun de Vainqueuren ervirgoen. Fokus ass fuschnei, huet nach keng Erfarungswäerter mat Wahlen, huet awer par contre de Engel an de Ruppert. Zesummen wären si méi staark ewéi sech géigesäiteg Konkurrenz ze maachen. Ma et schéngt op dat Lescht erauszelafen.

Fir et gläich op de Punkt ze bréngen: aus där Kollaboratioun, joint venture oder wéi och ëmmer gëtt zu dësem Ablack näischt. Wéi dat zu Lëtzebuerg ass: geheim Gespréicher kommen op d’place publique, an et stellt een sech d’Fro vum firwat?! Interessant ass, datt déi zwou Säiten op verschiddene Kommunikatiounsweeër trëppelen. D’Piraten soen, mir goufen vum Engel kontaktéiert, den Engel behaapt just dat Ëmgedréitent.

piraten.lu

Versioun Piraten: de Fränk Engel hätt en éischte Kontakt opgeholl am Hierscht, an där Zäit wou de Politmonitor erauskoum. Viru Chrëschtdag wier et dunn zu Gespréicher komm tëscht him an den zwee Piraten-Volleksvertrieder Sven Clement an Marc Goergen. Hien hätt hinnen vun enger Zesummenaarbecht geschwat bei där si nëmme kéinte gewannen: 10 Mandater wären dran, keen kéim laanscht si. D’Piraten allerdéngs hätten dat als Rettungsboot gesinn fir de FOKUS, deen immens misst struewelen fir iwwerhaapt zu engem eenzege Setz ze kommen. De 16. Januar huet d’Parteileedung dem Engel e frëndleche Kuerf ginn. Si wéilten sech selwer trei bleiwen. Also keng Kollaboratioun!

Versioun Engel: hie wär am Abrëll 2021 vun de Pirate kontaktéiert ginn, also an där Zäit wou hien um Punkt war, d’CSV ze verloossen. Seng Äntwert wär deemools gewiescht: ech kann net stënterlech Pirat ginn, ma mir kënne bei Geleeënheet iwwer eng Wahlallianz schwätzen. Säin Zil wär, eng richteg parteipolitesch Alternative opzebauen.

Keng vun den zwou Säiten wëll also den Initiator vun esou enger démarche gewiescht sinn. D’Piraten wëllen duerchaus Transparenz spille loossen a schreiwen dat och esou op hirer Websäit.

gkonline

Do steet et also schwaarz op wäiss! D’Ufro koum vu Fokus! Schlechten Image fir den Engel, well de Message no baussen ass jo kloer ewéi Boulette’s-Zopp. Fokus, Engel a Co bréngen näischt zustanen a koumen eis ëm Hëllef ruffen. Mir konnten leider net hëllefen. Ass et also just wéinst der Transparenz, datt si déi Diskussiounen ëffentlech maachen? Ëmmerhin ass et eng gutt Geleeënheet, Fokus als Bittsteller ze presentéieren. Dat géingen si maachen an enger Positioun vu Schwächt, duddert de Frank Engel, deen der Meenung ass, datt d’Piraten sech selwer iwwerschätzen.

Fokus.lu

A Fokus? Wéi geet et där Partei? Si geet hire Wee, kommentéiert den Engel, deen nach emol ënnersträicht, datt fir esou eng nei Partei d’Gemengewahlen zweetrangeg sinn aus der einfacher Ursaach, well si sech nach net konnt a villen Uertschaften mat enger Sektioun néierloossen. Et kéim also just zu Wahllëschten an enger Hand voll Gemengen, dorënner allerdéngs d’Gemeng Lëtzebuerg. Si soll am Mäerz virgestallt ginn, an deem Mount kënnt och de Programm vun der Partei eraus.

D’Gespréicher tëscht deenen zwou Parteien sollen menges Wëssens no substantiell gewiescht sinn. Den Ament soll et keng politesch Zesummenaarbecht ginn, wat näischt aneschters bedeit, ewéi datt een deem aneren probéiert, Kandidaten ofzeluchsen. Et stellt sech allgemeng d’Fro, ob an eisem Parteiespektrum genuch Plaz ass fir se allebéid? A sollt FOKUS et tatsächlech fäerdeg bréngen, deen een oder anere Sëtz an der Chamber ze kréien, sinn déi zwou Gruppéierungen spéitstens dann quasi forcéiert, awer zesummenzeschaffen, fir vun de Virdeeler vun engem groupe technique kënnen ze profitéieren. Déi Virgespréicher vun de leschte Wochen a Méint wieren dann net ganz ëmsos gewiescht…ma zu dësem Ablack sinn si komplett kontraproduktiv!

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Fokus a piraten zesummen 10 mandater?
    Ech denken do hat awer een deif an d glas gekuckt an alles duebel oder 3 fach gesin.
    Am oktober gesi mer weider.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *