D’Weilerbaach, dat war fréier eng gudd Adresse fir eeler oder krank Leit, sech dohinner erhuelen ze goen. Bis viru Kuerzem war do Plaaz fir Asylantefamiljen. Fir d’Weilerbaach als Erhuelungszenter op Top-Niveau ze restauréieren, hätt ze deier kascht- och wann den Ament Renovéierungsaarbechte laafen; doniewt gëtt et an der direkter Ëmgéigend vum Gebai net däermoossen Distraktioun, et sief, et gëtt ee sech matt Spadséieregoen zefridden. Well, et gëtt e klenge Park ronderëm de Foyer an iwwerhaapt, ass do d’Natur besonnesch schéin. An deem Park stoungen a stinn zwou Statuën, a wéi dat nun emol esou de Gebrauch war, Statuën mat reljiéisem Hannergrond. Näischt besonnesch Wertvolles, weder vum Steen nach vum Kreativen hir, an awer, jiddereng fir sech, e klenge Bijou, en Zeien aus enger gewëssener Zäit. Déi eng gëtt genannt Statue du sacré-coeur au parc , déi aner steet bei der Heilar Grotte.
Weilerbach-Cahen-Affaire (glissé(e)s)
V irun bal dräi Joer kruuten dës zwou Statuën hire Kapp erofgehaen. Dat koum och an d’Presse, awer just iergendwéi verdruddelt. Eng éischt Presseerklärung gouf nämlech inhaltlech ëmgeännert. D’police hat geschriwwen, dat wier an der Weilerbaach am Park geschitt. D’Familjeministesch Corinne Cahen wor intervennéiert, well hier esou den Text net an de Krom gepasst huet. An der zweeter Versioun vum Pressecommuniqué vun der Police stoung op emol do ze liesen:”,,..an einem angrenzenden öffentlichn Fussweg…”. Dat huet der Madame besser convenéiert, well, si wollt nëmmen näischt opkomme loossen: virun 3 Joer gouf polemesch iwwer d’Flüchtlingspolitik an Europa diskutéiert, d’Weilerbaach war e puermol an de Schlagzeilen vun der lëtzebuerger Presse. Den André Steffen, selwer an der Zäit bei der Police, huet sech an dës Affaire erageschafft an ech verweisen op seng Aarbecht, déi een op senger facebook-SäIt kann noliesen https://www.facebook.com/andre.steffen.33449?ref=br_tf&epa=SEARCH_BOX. Der Ministesch huet weider net gefall, datt d’Police d’Terminologie benotzt huet: “Kapp ewech gehaen” an et sollt och net derfunner Riéds goen, datt et wahrscheinlech Kanner waren vu Flüchtlingsfamiljen, déi fir dës décapitatioun responsabel woren.