Recent Posts

Post Categories

Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...
Onrou an der Bäckerei an am stater Schäfferot 
Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier  an der Festungsstad d’Bréidercher gebak...
D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...

Blog Post

Divers

Fichier bei der Police? On s’en fiche! 

Fichier bei der Police? On s’en fiche!
Image par fsHH de Pixabay

et war roueg ginn ëm den Dossier vun de fichier an der Justiz a bei der Police. Kee Wonner! Déi zoustänneg Ministeren Sam Tanson a François Bausch haaten- no laangem Gerëffels- der Kritik vun der gesamter politescher Oppositioun Recht ginn. De Bausch hat sech am November esouguer formell derzou engagéiert, datt wéinstens d’AT (avertissements taxés) aus deem ominéise Fichier huerteg génge verschwannen, an esou fären se dann bezuelt sinn.

De Mëtten war et eriwwer mat der Rou. Déi zoustänneg Chamberkommissioun koum zesummen. Hir Memberen hu gestaunt wéi d’Kanner am BIMBO-Theater wéi den Här Neuens, Generaldirekter adjoint vun der Police bekannt gouf: “Mir hunn en technesche Probleem! Geschitt ass näischt. D’AT sinn nach ëmmer do!” De Polizeiminister huet natiirlech domm aus der Wäsch gekuckt, a wir bal aus der Box gefuer, wéi d’Police matt der Propositioun geschäert koum, datt an d’Zukunft d’AT weider géinge gesammelt ginn, an no 2 Joer  dann automatesch géingen aus dem fichier verschwannen, virausgesat nach ëmmer, si sinn bezuelt!

De François Bausch huet liicht d’Fuerf am Gesiicht geännert, sech bei de Kommissiounsmemberen entschëllegt an der Police säin Uerder widderholl: d’AT mussen fort aus dem fichier: Sir!Yes!Sir! Da wënsche mir deenen Uniforméierten “gutes Gelingen”. Ob si en Délai raisonnable gesat kruuten, entzitt sech menger Kenntnis….

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *