Recent Posts

Post Categories

The Bering Strait Tunnel: From Intercontinental Link to a Governance Ecosystem 
Dëse Blog gëtt zanter sengem Ufank op Lëtzebuergesch gehalen an zugläich an däitscher an a franséischer Sprooch. Déi lescht zwee...
Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...
Onrou an der Bäckerei an am stater Schäfferot 
Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier  an der Festungsstad d’Bréidercher gebak...

Blog Post

Schnoken

Europawahlen: de vote huet scho längstens ugefaangen 

Europawahlen: de vote huet scho längstens ugefaangen
image credits:pixabay.com

D’Wahlen fir d’Europaparlament sinn de 26. vun desem Mount, also an 9 Deeg. D’Campagne kënnt net op Touren, a wann, dann ass et ze spéit. Well de Vote huet längstens ugefaangen. Huele mer als repräsentativt Beispill d’Haaptstad. An der Gemeng Lëtzebuerg ginn et (nëmmen) 29599 Wieler, vun deenen hu sech der 5883 fir d’Bréifwahl ageschriwwen, also jidfer Fënneften! Vun deenen, déi de vote par correspondance maachen, sinn der dobäi, déi bis zum leschten Ablack ofwaarden; ech hunn allerdéngs mat enger Rei Leit geschwaat, an déi hu mir mäi Bauchgefill confirméiert: si hunn hir enveloppe scho virun enger Woch ageschéckt. Matt engem richteg politesche Sujet rechnen dës Leit an der Campagne net méi, a wat wouer ass fir d’Haaptstad, ass kaum komplett falsch fir d’ganzt Land!

Dës Europawahlen wäerten staark national ugehaucht sinn: ween zefridden ass mat der Lëtzebuerger Regierung, mécht säi Kräizchen iwwer eng vun deenen 3 Koalitiounsparteien oder panachéiert tëscht Gréng-Blo-Rout; wee manner zefridden ass, wielt éischter d’Oppositioun um Kraumaart. Also kéint iwwerspëtzt formuléiert déi ablacklech Roserei iwwer d’Schantercher mat decidéieren. Dat muss awer nach laang net gutt ausgoen fir d’CSV, déi bekanntlech 38 Prozent, respektiv 3 Mandater zu Strosbuerg ze verdeedegen huet. A Prozenter geet si mat Sécherheet staark zeréck, ob si bei 3 Mandater ka bleiwen, ass kaum unzehuelen. Dobäi muss ee soen, datt d’DP eng zimlech staark Campagne huet an et wor strategesch richteg, de Parteikongress matzen an d’Wahlcampagne ze leeën.Dat gesäit alt wéinstens e bësselchen no Aktivismus aus.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *