Am Summer goufen d’Gemidder vum ganze Corps grand-ducal héich gekacht. 4 Poliziste souzen iwwer 10 Wochen an Untersuchungshaft. Op d’mannst ee vun hinne krut virgehäit, eng Persoun déi festgeholl gi war, zimmlech uerg gebeetscht ze hunn. Kee kontestéiert, datt d’Police sech esou eppes net erlaben däerf, an nawell huet sech méi wéi een Observateur Froe gestalt iwwer d’Prozedur, iwwer d’Längt vun der Untersuchungshaft! Fluchtgefor huet bei dëse Polizisten jo net bestanen.
Uganks August stoungen dunn nach zwee zousätzlech Polizisten am Verdacht op Drogen- a Medikamentenhandel. Dat war geschitt am Kader vun der Instruktioun géint déi aner 4 an och hei huet d’Inspection générale de la police d’Haaptroll gespillt. Bei deenen Zwee gouf eng Perquisitioun an hirem Doheem gemaach.

Dat huet sech an där Zäit esou gelies an unhéieren ewéi wann d’Police e Saustall wier. An dat hat och säin Erfolleg: de betraffene Kommissariat op der Gare gouf souzesoen kal gestallt, all d’OPJen goufen zwangsversat, entweder op Esch, Hesper oder op Ettelbréck. Verschiddener mengen, domadder hätt d’IGP hiert Ziel erreecht.
De Kommissariat LIMA (Stad/Zentrum) mécht neierdéngs d’Gare mat. Eng Patrull fir de Büro an eng zweet Patrull just fir Presenz ze weisen. That’s all, folks! D’Garer Leit si begeeschtert.
An lo ass deenen zwee Polizisten hiren Dossier vum Parquet ouni déi geréngste Suite klasséiert ginn an hier berufflech Suspendéierung ass opgehuewen. An och hei stellen sech nees méi ewéi eng Fro! Et huet sech ëm Eegekonsum gehandelt vun enger Drog déi neierdéngs “fräi” ass, also erlaabt. Wou läit do d’Basis fir eng Hausduerchsichung ze maachen?

Wou bleift d’Kommunikatioun vum Parquet? Ëmmerhi waren déi zwee Beamten eng Zäit laang un de Pranger gestallt ginn, och wann et wéi ëmmer heescht: toute personne qui se voit reprocher une infraction est réputée innocente tant que sa culpabilité n’a pas été légalement démontrée. Ech setzen derbäi: le mal est fait! Déi Zwee ware laang Wochen am Ree stoe gelooss ginn. E bësselche Rufmord, gell?!
Deenen zwee Polizisten hiert berufflecht Liewen ass elo en anert ewéi virdrun. Hire Fiduz an d’Police an an d’Justiz ass wuel kaum méi grouss ginn! D’Aarbechtsmoral wäert ugeknéckst sinn. An och net grad déi beschte Reklamm fir e Betrib dee massiv rekrutéiert.

Am Text op police.lu heescht et: En tant qu’agent de police au commissariat, vous êtes en contact direct avec les personnes en situation de détresse et intervenez d’urgence pour les aider. Héiert sech interessant un fir e jonken an engagéierte Mënsch. Ma d’Onzefriddenheet bei den Uniforméierten ass grouss. Ech hu mat enger Partie vun hinne geschwat…keen ass glécklech an zefridden. D’Justiz brauch sech an dësem Fall och net grad ze bretzen. Si huet vill zu där ablacklecher Stëmmung am Corps Grand-Ducal bäigedroen.
Eng gewëssen Hoffnung gëtt sech mam Regierungswiessel gemaach…ma si hält sech virsiichteg a Grenzen.
Ech ka nemmen all Polizist roden, sech eng Rechtschutzassurance maachen ze loossen fir sech geint esou Sauereien oofzesecheren‼️‼️‼️